Goud Nooriiten! Noo deem phänomenalen Comeback ass kloer, et jieet viraan, an zwar regelméissig. Mir maan d’Wirtschaft vam Juli aan, all 2 Wooschen op, äwer net all kéier mat gruussem Tamtam 😉. Heinsdo brausch et keen Motto, keng Deko, einfasch nëmmen eng oppen Dir, kaalt Gedrenks an die richtig Lekt.

👉 all 2ten Weekend d’Wirtschaft op:

🕒 Samdes Noomëttes, van 14h00

🍺 Sonndes moies, fir den Frühschoppen

An: net all kéier mat Ässen, äwer ëmmer mat Härz.

Die besonnig Themen-Weekender mat Këchen & Co jiän extra aangekönnigt. An dowëschent? Jiët et einfasch sching, wie fréiher, fir zesaammen ze setzen, ze verzällen an aaf ze schalten.

Bis geschwënn, mir freien eis op datt watt kennt, mat eech an fir eech.



Eent Kooschrezept entsteht am normalen durich eng Kombinatioun aus kulinarischem Wossen, kreativem Experimentéiren an perséinlichem Goût. Een Koosch oder eng kulinarisch verséiert Persoun entwéckelt eent Rezept, an deem verschidden Zutaten mateneen kombinéiert jiän, Mengenangaben jiän festgehalen an d'Zoubereedungsschrëtt jiän definéiert...


Neiegkeeten

Mango Crevetten Cocktail

Et jiän Ässen, géi gesehen driekt no „Summerowend“ aus. Am Glas, geschicht, Limette aam Rand, bëssen Gréin uawen drop. De Problem ass nëmmen, dachs bleift et genau dobäi. Goud Optik, winig Gedanken dohanner. Ech probéiren mech konsequent van su jiät fort ze haalen. Net aus Prinzip geent een schingen Teller, […]

Piischen-Proscuitto-Mozzarella Cups

Vill Virspeisen klappen net well et aam Goût lekt, mee aan der Absicht dohanner. Zevill Komponenten, zevill Drock, fir jiät „Besonniges“ ze maan. Su land een ganz siier bei enger Kombinatioun déi om Papeier interessant ass, äwer soss net vill brengt. Bei dësen Cubs jieet et ëm, jiät Kéihles, Einfasches, […]

Mozzarella-Tomaten-Basilikum Cups

Tomaten Mozzarella gehiiert zu deen Klassiker, an irgendwann sen sie ënnert hirer eegener Vermaartung verschwonnen. Zevill Deko, zevill Reduktioun, zevill „Summer om Teller“. D’Iddi ass eigentlich simpel, goud Produkter, proper behandelt, fiäridig. Ech wollt hei net deen klassischen Teller bauen, deen ausgesegt wie op engem Hotelbuffet van viraan suvill Joeren. […]

Gyros, Döner, Shawarma

Vill Ässen verléiren hiren Kär, subal sie populär jiän. Döner, Gyros oder Shawarma gehiiren do definitv dozou. Watt sie mi bekannt se jiän, desto mi wichtig ass datt rondrëm jiän. D’Griisst, Zooss, Bilder, Kombinatioun, „Streetfood-Style“. De Spiess selwer ass dachs Niäwensaasch. Dobäi entscheed sech genau do dachs alles. Ech wollt […]

Gromperen aus dem Eisendëppen

Ech haat net wirklich een Plang, ech wollt einfasch mol jiät probéiren. Eent Rezept, datt mir beim stöberen am Internet am Kapp bliwen ass. Ech stinn also an menger Këchen, han eigentlich net vill gemaat, an ech jiän mat deem vollen aromatischen Goût belount. Einfasch do! Gromperen an Ënnen sen […]

Currywuuscht

Et jiän Ässen, déi durich hir Einfascheet opfällen. D’Currywuuscht gehiiert dozou. Net well sie komplex ass, am Geegendeel. Mee well sie weist, wie siier een sech selwer an de Fëiss steht, wann een dëser Einfascheet net kloer kënnt. Ech han no enger Curryzooss gesouscht. Net aus Furwatz, mee aus engem […]

Vegetarisch Pastéitchen

Et muss een net ëmmer jiät kooschen, just well et klassisch ass. Mech interesséiert hei ischter, ob eng Iddi drigt, wann een hir d’Gewaanischt aafhëllt. Kiniginpastéitchen gehiiert fir mech genau an dës Kategorie. Bekannt als mi schwiier, dachs onnigdig komplizéiert gedeit an bal ëmmer aafhängig van Fleesch, an leider o […]

Panéierten Chou-fleurs

Panéierten Chou-fleurs ass dachs eent Ässen datt ënnerschätzt jiët. En kann äwer, wann en richtig gemaat ass, jiät Feierliches aan sech han. Wann en gemellig an der Pann Faaref aanhëllt, den Geroosch van geréistertem Panéiermiähl, bal wie eent Sonndesässen ouni Fleesch. Has du wëlles deen eng Kéier ze kooschen, behandel […]

Gebrooden Gromperen

De Genoss van Brootgromperen fängt domatt aan datt et knistert an zischt wann sei an d’Pann kommen De Goût as herzhaft an liit würzige, durich Gewürzer wie Salz, Peffer, evtl. Paprikapolwer. Fir deen richtigen Aroma suarigen frësch oder gedrëchent Krégder, wie Rosmarin, Thymian, Majoran, Krégder aus der Provence, oder Kümmel. […]

Chou-fleurs, klassich an enger wäisser Zooss

Chou-fleurs an enger wäisser Zooss, klassisch an bei villen Sonndesässen ëmmer jiären zerwéiert. Et ass näist spektakuläres an äwer, drigt et ganz vill Geschicht an sech. Hanwiärik, Erënnerungen an eng ruhig Zefriddenheet, déi nëmmen die einfasch Saaschen an sech droen, wann se goud gemaat sen. Datt Ganzt fänkt net rischt […]