Kinniginzopp

Een Klassiker aus der Zoppenkëchen. Gefligelcremezopp, bekannt ënnert dem Naam “Kinniginzopp”, an ech mengen deen hat des Zopp o verdéint.

Watt brausch ech?

  • Gefligelbréit
  • gekooschtent Zoppehouhn
  • Reis
  • Rahm & Eijäll
  • Peffer & Salz
  • bëssen Muurten, Poretten, Zellerie an Houhnerfleesch, fir Garnitur

Wie fänken ech aan?

Fleesch beenen ech aus, an leen Filet fir Garnitur op Segt. Deen Rest vam Fleesch schnegden ech kleng. Zesaammen mam Reis an bëssen Bréit kooschen ech den rest vam Fleesch op, bis den Reis mëll as.

Datt püréiren ech, an schëdden et an die waarem Houhnerbréit an loossen se opkooschen su dat den Reis Zopp bannen kann.

Zopp schëdden ech dann durich eng Passette. Maan se an eent propert Dëppen an wiärmen se rëm. Würzen an schmaaschen.

Eijiäll vermëschen ech mat der Rahm. Hëtzt van der Zopp driien ech raaf, an schëdden Rahm drënner. Datt Ganzt wiärmen ech dann su lang bis et aafänkt mat bannen an zéien Dëppen dann vam Feier.

Houhnerfilet würfelen ech kleng an mëschen et ënnert Zopp.

Muurten, Poretten an den Zellerie kann een kleng würfelen, ech han se hei geraspelt an am waarmen Botter kuurz geschwenkt. Mat Salz an Peffer gewürzt an ënnert Zopp gemëscht.

Gouden Appetit!

Kinniginzopp

Rezept von JosianeSchwierigkeit: mëttel
Liter

3

Gesamtzeit

3

Stunden 

Zutaten

  • 1 gekooschten Zoppenhouhn

  • 1,5 L Houhnerbréit

  • 125 g Reis

  • 4 Eijiäll

  • 200 ml Rahm

  • 50 g gewürfelt Muurten

  • 50 g gewürfelten Zellerie

  • 50 g kleng geschnidden Porette

Zoubereedung

  • Houhnerfleesch ausbeenen an Filet op Segt stellen. De Rest vam Fleesch kleng schnegden an zesaammen mam Reis an bëssen Bréit kooschen bis den Reis mëll as.
  • Püréiren an ënnert Houhnerbréit mëschen, opkooschen loossen, su datt den Reis Zopp bënnt.
  • Zopp durich eng Passette schëdden.
  • Na eng kéier opkooschen loossen, würzen an schmaaschen.
  • Rahm mam Eijäll mëschen ant Zopp schëdden.
  • Erwiärmen bis Zopp aafänkt ze bannen. Schmaaschen evtl. noowürzen
  • Geméiss kleng würfelen am waarmen Botter schwenken, würzen.
  • Geméiss an den kleng gewürfelten Poulet ënnermëschen an der Zopp wiärmen.

Basilikum Bärlauch Dip Essig Gehacktes Gewürz Grillen Pasta Rahm Reis Rosmarin Salz Sauerdeeg Sellerie Speck Tomaten

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*