Porretten-Ënnen-Zopp

Porretten, zällen zum regionalen Geméiss, datt een datt ganzt Joer frësch koofen kann. Je no Saisson sen et entweder Summer-, Hiärest-, oder Wanter- Poretten.

Als Gewürz fir eng goud Bréit, Zopp, Geméiss oder als Gratin sen Porretten bekannt, sie loossen sech brooden, kooschen, dënsten, iwerbaaschen oder rii genéissen.

Fir dës Zopp brausch ech

  • datt Wäisst van de Porretten
  • Ënnen
  • Knuawléck
  • Béchamelzooss
  • Bréit oder Mëlich
  • Rahm
  • Botter
  • Peffer, Salz, Lorbeerblaad & Muskot
  • bëssen gehackten Péitersilich

Su kooschen ech Zopp

Porrettenwäiss grëndlich wäschen, am besten längs opschnegden Bläder auserneen zeihen an goud ënner fléissendem Waasser wäschen. Ech schnegden Porretten an dënn Stecker. Zopp jëtt zum schluss püréiert, Stecker brauschen net gleichmässig geschnidden sen.

Ënnen schiälen ech, halbéiren an schnegden se an dënn Streifen. De Knuawléck kleng schnegden

An engem waarmen Dëppen erhëtzen ech Botter op mëttel Hëtzt, dann jiänn Ënnen, Porretten an den Knuawléck do dran gedënst, sie sollen keng Faaref aanhualen. Geméiss salzen ech dann well bëssen.

Béchamel drop schëdden, opkooschen loossen, ëmmer rëm dran réiren. Hëtzt raaf driien an Geméiss mëll kooschen.

Dann jëtt Zopp püréiert an durich eng Passette geschott.

Zopp rëm zereck an Dëppen schëdden, Bréit oder Mëlich drop schëdden fir se ze längen. Opkooschen loossen, kucken op se die gewënschten cremig Konsistenz hat, soss na bëssen nooschëdden oder op mëttel Hëtzt bëssen ankooschen loossen.

Schmaaschen an würzen.

Rahm dran schëdden kuurz erwiärmen. Mat gehacktem Péitersilich garnéiren an mat geréistertem Brugd genéissen.

Porretten-Ënnen-Zopp

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virberreedungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

29

Minuten

Zutaten

  • 250 g Wäist van de Porretten

  • 250 g Ënnen

  • 1 Ziif Knuawléck

  • 30 g Botter

  • 500 ml Béchamelzooss

  • 750 ml Bréit oder Mëlich

  • Peffer & Salz

  • bëssen Muskot

  • 1 Lorbeerblaad

  • 100 ml Rahm

Zoubereedung

  • Porretten grëndlich wäschen an kleng schnegeden.
  • Ënnen an den Knuawléck schiälen an kleng schnegden.
  • Botter an engem waarmen Dëppen erhëtzen, an op mëttler Hëtzt Geméiss do dran dënsten. Liit salzen.
  • Béchamel drop schëdden an opkooschen loossen. Hëtzt raaf driien an Geméiss mëll kooschen.
  • Püréiren an durich eng Passette schëdden.
  • Bréit oder Mëlich drop schëdden, an rëm opkooschen loossen.
  • Schmaaschen an würzen.
  • Rahm dran schëdden kuurz erwiärmen.
  • Mat gehacktem Péitersilich bestreien an geréistertem Brugd zervéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*