Kooschelzooss

Hogt hualen ech dech mat an die fransiisch Këchen mat menger Kooschelzooss. Dës aromatisch Zooss ass een Klassiker, hogt meestens als Kooschel-Rahm-Zooss zoubereed, wor se datt fréier net.

Hei an Europa sen die ischt Kooschelziichtungen op d’Joer 1707 zeréck ze féiren. Aafangs sen Kooschelen ënner freiem Himmel geziicht jänn, su datt et eng Kooschlsaison jänn ass. Rischt ëm 1810 hat deen fransiischen Gärtner Chambry, d’Kooschelen an ënnerirdischen Tunnelen geziicht, een Fortschrëtt, deen et ermiilischt hat datt ganzt Joer iwer Kooschelen ze ziichten.

Beim Botzen van den Kooschelen bleiwen dachs vill Rester iwerig, holzig Stiller, Schalen, o ech han na geliiert, datt Kooschelen geschiält jänn, an Kooschelen déi net mi su sching ausgesehen… Aus dësen Rester kann een mat engem Bouquet Garni, Salz an Peffer een aromatischen Fong kooschen, een gouden Fond fir eng Kooschelzooss deen voll Umami-Geschmaasch ass.

Zutaten fir meng Kooschelzooss.

Fir meng Zooss brausch ech Kooschelen, bronge Fond, Miähl, mëllen Botter, een Bouquet Garni, Salz an Peffer an bëssen Botterschmalz fir ze brooden an fir Steck Fleesch ze garnéieren bëssen gehackten Péitersilich.

Ausserdeem brausch ech na eent Schnégdbrett, eent Messer, eng Casserolle, een Schniibiäsem an eng Pann.

Zoubereedung

Van den Kooschelen breechen ech Stiller raus an schiälen se. Stiller an d’Schaalen leen ech an eng Casserolle an schëdden ongeféier 750 ml Waasser drop, mat engem Bouquet Garni, bëssen Peffer an Salz loossen ech datt Ganzt opkooschen, driien Hëtzt dann raaf an loossen datt Ganzt ongeféier 40 Min. bis 50 Min. op niddriger Hëtzt kooschen. Dono filteren ech dësen Sud durich eng Passette oder eent Dousch, su kann dësen Fond an deene verschiddensten Zoubereedungen genotzt jänn.

TIPP: Liist du den Kooschelfond noom Filteren na kooschen an reduzéieren, krëss du eent Konzentrat mat intensivem Geschmaasch.

Lo äwer rëm zeréck zu menger Zooss, de Kooschelfond schëdden ech an eng Casserolle, an loossen en bis op Halschent reduzéiren. Als nächst schëdden ech deen bronge Fond oder eng Bréit drop an loossen datt Ganzt fir paar Min. kräftig kooschen. Schmaaschen an würzen mat Salz an Peffer.

Iwerdeems schnégden ech Kooschelen an dënn Scheiwen an brooden déi am waarmen Botterschmalz kräftig aan.

Deen mëllen Botter an d’Miähl vermëschen ech an maan su een “Beurre Manié”.

Die kräftig kooschend Zooss, zéien ech vam Feier an réiren den Beurre Manié drënner. Op Niidriger Hëtzt loossen ech Zooss dann na paar Min. kooschen bis se die gewënschten Konsistenz erreecht hat.

Zum Schluss mëchen ech die gebrooden Kooschelen drënner, schmaaschen na eng kéier an würzen evtl, na bëssen no.

Zooss om Fleesch verdeelen an mat gehacktem Péitersilich garnéiert zervéiren.

Tipps

  1. Sollt Zooss ze déckflëssig jänn, kanns du se mat bëssen Bréit längen.
  2. Fir dës Zooss ze kooschen kanns du eng Geméiss- oder Fleeschbréit/fond hualen, fir mi een reichen Geschmaasch béid sech natiirlech eng Fleeschbréit/fond aan.
  3. Experminetéier mat verschiddene Gewürzer fir dës Zooss dengem Geschmaasch aanzepassen.

Varianten

Kooschel-Rahm-Zooss, Rahm ënner Zooss mëschen an bis zur gewënschter Konsistenz ankooschen loossen.

D’Zooss Chasseur, bei der Zooss Chasseur jänn Kooschelen mat enger Schalott gebrooden, an mat wäissem Wéng aafgeläscht, zousätzlich jëtt dann na bëssen Tomatenzooss drënner gemëscht. Verfeinert jëtt dëss Zooss mat Kiärwel an Estragon.

Kooschelzooss

Rezept von Josiane

Zutaten

  • 500 g Kooschelen (Champignons)

  • 250 ml Kooschelfond

  • 800 ml bronge Fond oder Bréit

  • 1 Bouquet garni

  • Salz

  • Peffer

  • 40 g mëllen Botter

  • 40 g Miähl

  • Botterschmalz

  • gehackten Péitersilich fir Garnitur

Zoubereedung

  • Van den Kooschelen Stiller rausbreechen an schiälen, aus dësen Rester mam Bouquet garni an ongeféier 750 ml Waasser een Kooschelfond kooschen. Filteren.
  • Kooschelen an dënn Scheiwen schnégden, an am waarmen Botterschmalz kräftig aanbrooden.
  • De Botter mam Miähl vermëschen.
  • De Kooschelfond an eng Casserole schëdden an ongeféier bis op Halschent ankooschen loossen.
  • De Fond drop schëdden an paar Min. kräftig kooschen loossen.
  • Vam Feier zéien an den Beurre Manié mam Schniibiäsem ënnerréiren.
  • Op niddriger Hëtzt paar Min. kooschen loossen bis die gewënschte Konsistenz erreecht ass.
  • Kooschelen ënnermëschen, schmaaschen evtl. na nowürzen an om Fleesch mat frësch gehacktem Péitersilich garnéiert zervéieren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*