Bronge Fond

Watt as een Fond?

Een Fond as deen Jus, deen beim garen – kooschen, brooden oder dënsten – aus dem Fleesch, Geméiss, Fësch oder Obst austrëtt. Durich erhëtzen verdämpt den Waasseraandeel an deen verschidden Liäwensmëttel an et bleift eng konzentréiert aromatisch Flëssigkeet, déi viraan aallem als Grondlaag fir eng Zooss oder eng Zopp gehollt jëtt.

Een Fond kooschen as net komplizéiert, et brausch Zéckt.

Dofir brausch ech.

  • Rands- an Kalefjarret, du kanns o nëmmen Rand- oder nëmmen Kaleffleesch hualen.
  • Verschnatt vam Rand an Kalef
  • Schanken
  • Waasser
  • Muurten
  • Ënnen
  • Péitersilichstiller oder -Wurzel
  • frëschen Thymian
  • Lorbeerbläder
  • Knuawléck

Wie jëtt gekooscht?

De Schiäffchen op 180 °C Uawen- an Ënnischthëtzt virwiärmen.

Schanken ausbeenen, die gruuss Schanken brechen. Schanken am waarmen Schiäffchen coloréiren. Datt geht mi einfasch am Schiäffchen, du kanns se o aanbrooden, mais Schanken loossen sech einfasch net réiren.

Fleesch an gruus Würfelen schnegden an fir spéider zeréck an de Frigo stellen.

Ënnen halbéiren an enger Pann ouni Fett coloréiren.

Geméiss firtischt an graff Würfel schnégden, dann am waarmen Ualeg liit aanbrooden. Ënnen an Krégder ënnermëschen. Dann Schanken mat deem ausgetroddene Fett drënner mëschen.

Waasser drop schëdden an opkooschen loossen, grëndlich aafschaimen.

Hëtzt raaf driien an den Fond op mannst 12, am besten 15 Stonnen op niddreger Hëtzt kooschen loossen. Datt langt kooschen déint dozou, wirklich alles aus der Schank raus ze zéien. Sie jëtt net mëll 😉 mais sie as zum Schluss äwer dugd gekooscht.

No deen 12-15 Stonnen den Fond passéiren.

Fleesch aanbrooden. 1 Lousch vam Fond drop schëdden an komplett ankooschen loossen bis Flëssigkeet fort as. Datt 2-3 mol widderhualen.

De Rest vam Fond drop schëdden, opkooschen loossen, grëndlich aafschäimen. Hëtzt raaf driien an den Fond 3-5 Stonnen kooschen loossen.

Et kann een natiirlech o van Aafank aan alles zesaamen an Dëppen maan, an et an enger kéier kooschen. Wie ech well geschriwen han, fir alles aus den Schanken raus ze kreien brauschen déi op mannst 12 Stonnen.

De Fond passéiren.

De Fond entfetten, du kanns datt mat enger Lousch maan, oder du liss den Fond aafkéilen setz en dann an Frigo, Fett jëtt hart an du krëss et ganz einfasch raaf. Ech schäffen ëmmer well een Deel vam Fett raaf, loossen en dann aafkéielen, an hualen dann deen rest vam Fett raaf.

Bronge Fond

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Liter

10

Virbereeungszéckt

1

Stunde 

Kooschzéckt sen ongeféier 20 Stonnen

Zutaten

  • 6 kg Rands- an Kalefjarret

  • 6 kg Verschnatt vam Rand an Kalef

  • 2 kg Schanken

  • 14 L Waasser

  • 650 g gaff gewürfelt Muurten

  • 5-6 mëttelgruuss halbéiert Ënnen

  • 100 g Péitersilichstiller oder -Wuurzel

  • 10 g frëschen Thymian

  • 5 g Lorbeerbläder

  • 1 Ziif Knuawléck

Zoubereedung

  • De Schiäffchen op 180°C Grad virwiärmen.
  • Schanken van den Jarret ausbeenen, an mat deen anneren Schanken am Schiäffchen coloréiren. Fleesch an gruuss Würfel schnégden an fir spéider zereck an den Frigo stellen.
  • Ënnen an enger Pann ouni Fett coloréiren.
  • An engem waarmen Dëppen Ualeg erhëtzen an Geméiss liit aanbrooden. Ënnen, Krégder an Schanken mam ausgetroddene Fett ënnermëschen.
  • Waasser drop schëdden an opkooschen loossen, grëndlich aafschaimen.
  • Hëtzt raaf driien an den Fond op mannst 12, am besten 15 Stonnen kooschen loossen.
  • De Fond passéiren. Geméiss liit ausdrécken.
  • Datt geschniddent Fleesch am waarmen Ualeg aanbrooden. 1 Lousch Fond drop schëdden an deen komplett ankooschen loossen. Datt 2-3 mol widderhualen, et sollen jo vill Röstaromen entstoen.
  • Als nächst deen Rest vam Fond drop schëdden, opkooschen loossen. Grëndlich aafschaimen.
  • De Fond passéiren.
  • De Fond entfetten, du kanns datt mat enger Lousch maan, oder du liss den Fond aafkéilen setz en dann an Frigo, Fett jëtt hart an du krëss et ganz einfasch raaf.

Glace de Viande

Wanns du na mi Zéckt has, kanns du dein Fond o na zur Glace ankooschen. An Äiswürfelformen agefruaren has du su ëmmer déin „Gewürzcube“ an der Truh.

Glace as een reduzéierte Fond, bis en eng Zaroup-ähnlich Konsitenz hat. De Fond opkooschen loossen, an en ëmmer rëm durich eent Dousch passéieren. Hëtzt musst du aanpassen, watt den Fond mi reduzéiert an mi deckflëssig jëtt, watts du Hëtzt mi raaf driien muss. Glace as färdeg wann op engem Läffel deens du dran zopps, eng sching gläichmässig blänkich Schicht zeréckbleift.

Bis den Fond als Glace de Viande färdeg am Glas as, kanns du op mannst 2 Deeg rechnen. Datt as lang, viran allem an der stressiger Zéckt an der mir liäwen. An van am Aafank 14 L Waasser bleiwen hanneno als „Glace de Viande“ na ongeféier annerhalwen bis zwee Liter iwereg.

Deen Ënnerscheed van engem versalzenen „Convenience-Cube“ an enger Glace de Viande as net ze beschreiwen. An dobäi as meng Glace ganz ouni Salz gemaat.

Basilikum Bärlauch Dip Essig Gehacktes Gewürz Grillen Pasta Rahm Reis Rosmarin Salz Sauerdeeg Sellerie Speck Tomaten

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*