Guacamole

Guacamole

Ech muss kuurz jiät loos jiän, befir ech iwerhaupt bei der Avocado sen. Guacamole ass keng gréin Zoss. Wann bei dir zum Schluss eng homogen, mixerglatt Paste raus kënnt, has du zwar jiät Ässbares produzéiert, äwer keng Guacamole. Eng Guacamole hat Textur, Sie hat Stecker, déi na wossen, datt se mol eng kéier eng Avocado woren, an Ënnestecker déi beim dropbäissen na kuurz knacken. Datt ass Guacamole.

Dofir fléiht de Püréiertstaaf hokt aus der Këchen. Du brauchs eng Forschette am Idealfall een Mörser, an bëssen Gedold mat dir selwer, well zerdrecken eben bëssen mi gemellig fonktionéiert wie mixen. Genau datt ass äwer o de Grond firwatt aam Enn alles besser schmëcht, du has d’Kontroll driwer, wu Stecker bleiwen an wu et crèmig jiët.

D’Zutaten

  • Zegdig Avovado, ganz einfasch, well zegdig hei mi Gewiit hat wie bei bal all Zutat déi ech kennen.
  • Rugd Ënnen oder Schalotten, fein gewürfelt.
  • Fir bëssen Feier eng Jalapeño, entkärt an fein gehackt.
  • Genausu den Knuawelek, fein gehackt oder am besten zugar na zerriwen.
  • Frësch gepressten Limettensaaft
  • Koriander, graff gehackt, wenn Koriander net jiären hat, lisst en fort, datt as o keen Thema fir Diskussion et ass genetsich bedingt ob dir Koriander goud schmëscht oder seefig.
  • Salz

Datt ass d’Basis. Die eng mëschen o na gewürfelt Tomaten drënner, die anner maan bëssen Kreuzkümmel mat dran. Et sen der die schwören op Tabasco. Ech haalen se léiwer klassisch, well Avocado, Limette, Chili, Ënnen oder Schalotten an Koriander well eent perfekt System sen. All anner Zutate muss sech firtischt rechtfertigen firwatt sie dran well sen.

Die Saasch mat der zegdiger Avocado

Eng Avocado, déi net zegdig ass liist sech nëmmen mat Schwierigkeeten iwerzeegen, eng goud Guacamole ze jiän an dobäi kanns du na suvill draan schaffen. Eng zegdig Avocado erkenns du net aan der Faaref, déi täuscht dachs, du erkenns se aam Drock. Hëlls du se ganz an deng Hand an sie jiët liit no, ouni datt Drockplatzen bleiwen, ass sie zegdig. Ass sie na hart wie Steen, hat sie na paar Deeg vriaan sech. Dreckt den Domm direkt eng Kaul dran, ass sie well ze mëll an ze matschig, du kanns sie na verschaffen et jiët dann äwer ischter een Bräi wie eng Steckig Guacamole.

Schnegs du se op dann féiher dengt Messer rondrëm den Kär, drii dann 2 Halschenten geenteneen. Su krëss du den Kär ganz liit raus. Mat hëlef van engem Läffel krëss du dann Fruchtfleesch ganz aus der Schaal, bal wie aus enger Form.

Deen eigentliche Prozess

Meng Avocadohalschenten leen ech an eng Schossel oder an den Mörser. Mat enger Forschette zerdrecken ech d’Avocado dann, sie soll steckig bleiwen, datt ass den Ënnerscheed van enger gouder Guacamole an engem Avocado-Bräi. Dann kommen die fein gehackten Chilischoten an deen zerriwene Knuawelek dobäi, ausserdeem well direkt Salz. D’Salz brausch bëssen Zekt fir sech ze liesen an d’Avocado richtig wackerig ze maan. Alles drënner hiäwen, rëm mat der Forschette, net réihren wie bei engem Deeg. Du wëlls Zutaten verdeelen, ouni Struktur van der Avocado ze zerstiiren.

Hëlls du een Mörser deen jiët dir na mi Kontroll, du kanns dann mol firtischt die aromatisch Zutaten wie de Knuawelek an den Chili mat bëssen Salz zerreiwen. Wann datt bis eng Paste ass kënnt Avocado dobäi. Datt verdeelt d’Schiäreft an de Knuawelek durich deen ganzen Dip.

De Limettensaaft mëschen ech dann viirsichtig drënner, hei lungt sech een kuurze Gedanken, firwatt deen iwerhaupt dran ass. O fir de Goût, mee, den Avocado oxidéiert siier aan der Loft, d’Säier aus der Limette suarigt dofir datt, datt net su siier passéiert. Ouni Limettensaaft jiff deng Guacamole ënnerhalb van enger Stonn eng brong-groosch Faaref aanhualen. Mam Limettensaaft hält sie hir sching gréin Faaref däitlich mi lang. Kann ruhig genou Limettensaaft dran, äwer ne dran ersaufen.

Probéiren an noowürzen, na eng kéier probéiren

Een zimlich wichtigen Schratt. Äss een Läffelchen, loss en op der Zong zergoen. Fehlt Säier? dann ne bëssen Limettensaaft. Fehlt Salz? dann no salzen. Alles natiirlich an klengen Quantitéiten, et ass siier nogewürzt du kanns äwer näist mi raushualen. Ass sie ze scharef? Do kanns du net vill maan, ausser na eng Avocado drënner mëschen. Beim Chili o bëssen opassen, bas du keen Scharefen dann ischter mat enger halwer Chilischote aafänken, du has ëmmer siier na jiät drënner gemëscht.

Konsistenz test sech am besten mat enger Tortillachips, net mat engem Läffel, een Läffel verzeiht all Konsistenz eng Chips net. Brëcht deng Chips beim dran zoppen ass dein Dip ze fest oder ze steckig. Ruscht d’Zooss van der Chips raaf, ass se ze flëssig, do hëleft nëmmen zousätzlich zertrippsten Avocado.

Du muss dech selwer raantasten an d’Guacamole su dengem Goût aanpassen.

Eent Wuort zum Mixer

Spills du äwer mam Gedanken deng Gucamole mam Mixer ze maan. De Problem ass net Textur déi fehlt. D’Avocado hat een hiien Fettaandeel, an wanns du sie mechanisch ze vill verschaffs, klappen Zellstrukturen komplett zesaammen. D’Ergebnis jiët dachs seefig-glatt, ähnlich wie opgeschloen Botter, déi ze waarem jiän ass. Et ass eent annert Mondgeféihl, an fir eng Guacamole ass et datt Falscht.

Variatiounen, falls du experimentéiren wëlls

Et senn der déi eng Sprutz Olivenualig drënner mëschen, en mëcht datt Ganzt mi ronn, äwer o manner Frësch am Goût. Ween et fruuchtig well kann bëssen Mango oder Granatappelkären drënner mëschen. Falls du keen frëschen Chili zur Hand has, deet et o Cayennepäffer, die Schiäreft ass dann mi gläichmässig ouni die gréin Nuancen, déi frësch Jalapeños mat brengen.

Wie o ëmmer du dech entscheeds, äss sie am besten ëmmer frësch. Sie hält sech zwar bëssen, äwer frësch ass sie am besten.

Guacamole

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Virbereeungszéckt

10

Minuten

Zutaten

  • 2 Avocado

  • Saaft van 1 Limette

  • 1 gehackten Ziif Knuawléck

  • eng gehackten Jalapeno

  • 1-2 EL frëschen gehackten Koriander

  • Salz

  • 1 gehackten kleng Ënn (optional)

  • 1 an kleng Würfel geschnidden Tomat (optional)

Zoubereedung

  • Avocado halbéiren, mat engem Läffel aus der Schal hualen an mat enger Forschett oder am Mörser fein zereiwen oder trippsen. Halschent vam Limettensaaft ënnermëschen.
  • Datt gehackten an kleng geschniddend Geméiss an Krégder ënnermëschen an mat Salz an Rest Limettensaaft aafschmaaschen.
  • eng anner Methoud
  • Eng anner Methoud, Limettensaaft Gewüzer an Geméiss, ausser Tomat, am Mixer zu enger feiner Past püréiren, an dann ënnert die getrippsten Avocado mëschen an se su mat der Past aafschmaaschen.
  • Du kanns o alles bis op Tomat an den Mixer maan an et fein püréiren.

Notiz

  • Demno wie déck deng Avocado sen kann et sen datts du mi Limettensaaft brauchs.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*