Van wu kënnt den Hummus?
Hummus as eng orientalisch Spezialitéit, déi aus Kicheriärbessen oder Ackerbungen, Sesampast (Tahini, Tahina) Zitrounensaaft, Salz, Gewürzer wie Knuawléck an Kreuzkümmel an bëssen Olivenualg besteht.
Beim noséichen van verschidden orientalischen Rezepter, toppt den Hummus alles. Ween en erfond hat as net genau no ze séichen. Trotz deene gruussen Differenzen déi an deene Länner virherrschen han se all eent gemeinsam, den Hummus. Am arabischen bedeit Hummus ganz einfasch Kicheriärbessen. Den israelischen Hummus dominéiert äwer om Weltmaart.
Eis kann et egal sen, den Hummus schmëcht lecker, egal ween den Domm drop hält.
An vill Regiounen op der Welt sen Kischiärbessen an anner Hülsenfriischten eent Grondnahrungsmëttel. An Indien an Mexiko sen sie weent hiren Nährstoffkombinatiounen an deem bëlligen Präis hii geschätzt.
Hummus vs. Hummus
Authentischen Hummus hat net vill gemeinsam mat deem, deens du am Buttik ze koofen kress, an dobäi as Zoubereedung su einfasch.
Fir een gouden Hummus ze maan as et entscheedend, watt fir eng Kicheriärbessen datts du hëlls an watt fir eng Sesampast.
Hëlls du déi aus der Béchs, aafschëdden an se dann na 15-20 Min. am Salzwaasser kooschen. Mat Iärbessen aus der Béchs kress du net suvill Goût an dein Hummus, die 20 Min. am Salzwaasser kooschen gin net dar fir datt Salz drurich die ganz Iärbess zéit.
Hëlls du gedrëchent Iärbessen, déi mussen firtischt 24 Stonnen gewässert jiänn, an do kanns du o well 1 TL Salz mat ënnermëschen. Vill Waasser drop schëdden Iärbessen verduablen hiren Volumen. Hanneno Waasser fortschëdden, net haalen fir ze kooschen.
All Bungen sen am riien Zoustand gëftig an rischt durich kooschen zersetzt Gëft sech. Rii Bungen kannen extrem Krämp ausliesen.
O wann se Kicheriäbessen heeschen han sie gar näist gemeinsam mat deene Iärbessen déi bei eis bekannt sen. Die gréin Iärbessen, wie mir se kennen, jiän gepléckt wann se na net zégdisch sen.
Noom wässeren, Iärbessen aafschëdden eng kéier ënner kaalem Waasser aafschwenken an se 1,5 bis 2 Stonnen am Salzwaasser mëll kooschen. Fir den Hummus kannen se su mëll sen datt se zerfällen. Fréier Behauptungen, Bungen oder Hülsenfiischten rischt zum Schluss ze salzen as Blödsinn, sie jiänn net hart durich salzen den Geegendeel as den Fall, Salz hëleft, datt die hart Schaal mëll jëtt.
Na een ganz wischtigen Bestandeel vam Hummus as Sesampast oder Tahini, Tahina genannt. Goud Sesampast schmëscht wie Erdnossbotter, nëssig, mëll an no Sesam. Beim koofen pass dorop op datt se aus 100% Sesam besteht an datt „wäissen Tahini“ beschriwen as. Die anner as o goud, kann äwer batter schmaaschen well de Sesam ongeschiält verschafft jëtt, die meest Nährstoffer setzen zwar ënner der Schaal, mais Batterstoffer o.
Wie den Hummus genau gemescht jëtt as o wichtig, datt beschreiwen ech am Rezept.
Hummus
Schwierigkeit: einfasch20
MinutenZutaten
125 g gedrëchent Kicheriärbessen
2 TL Salz
Waasser fir Iärbessen ze wässeren
Saaft van 2 Zitrounen
125 g Sesampast (Tahini)
1 Ziif Knuawléck
3-6 Äiswürfelen oder 50ml – 100ml Äiswaasser
Salz
0,5 TL Kreuzkümmel (Cumin)
3-4 EL Olivenualeg
bessen frëschen Koriander
Zoubereedung
- Kicheriärbessen an eng Schossel maan, 1 TL Salz an Waasser drop schëdden +/- 10 cm mi hii wie Iärbessen, an se dann 24 Stonnen am Frigo wässeren.
- Waasser aafschëdden, Iärbessen kuurz ënner kaalem Waasser aafschwenken. An eent Dëppen fëllen, frëscht Waasser drop schëdden, 1 TL Salz ënnermëschen an se 1,5 bis 2 Stonnen mëll kooschen. Sie kanne su mëll sen, datt se zerfällen. Aafschëdden an komplett auskéilen loossen.
- Zitrounensaaft, de Knuawléck, de Kreuzkümmel an 0,5 TL Salz am Mixer fein püréiren. Dann Sesampast ënner mixen. Dann no an no all Äiswürfel eenzel ënnermëschen, et soll eng hell, loftig an zimlech flëssig Mass entstoen. Demno watt fir eng Sesampast gehollt jëtt muss evtl. mi oder manner Äis an den Hummus maan. Sesampast am Glas as normal mi fest an déi an der Quetschfläsch as mi flëssig.
- Am letzten Schratt kommen Iärbessen dobäi. Datt Ganzt muss/soll op mannst 5 Min. gemixt jiänn. Durich mixen entsteht Hëtzt, ëmmer rëm dozwëschrn pausen. Past soll crémig jiänn. Jëtt se ze fest na een Äiswürfel ënnermëschen. Schmaaschen an mat Salz an Zitrounensaaft nowürzen.
- An eng Schossel fëllen, an als Topping kuurz viram zervéiren Olivenualeg driwer jiänn an evtl. bëssen zerzupften Koriander.
Basilikum Bärlauch Dip Essig Gehacktes Gewürz Grillen Pasta Rahm Reis Rosmarin Salz Sauerdeeg Sellerie Speck Tomaten