Amerikanisch Zaloot

Eng Zaloot, net wie een an su vill Videoen oder soss am Netz fënnt. An wie typisch Amerikanisch mat vill Mayonnaise, Ketchup an wann miilech na Cheddar oder irgendeen annern Kiis.

Eng ganz einfasch Zaloot mat paar Saaschen déi all Këchen doheem hat. An sie schmëscht no mi.

Fir Zaloot hualen ech?

  • Tomaten
  • Gromperen
  • Knollenzellerie
  • Ënnen
  • Eier
  • Essig
  • Ualeg
  • All-Zweck-Gewürzmëschung
  • bëssen gehackten Péitersilich
  • well ech na gekooschten Houhn am Frigo haat han ech datt na drop geschnidden. Zaloot schmëscht äwer o goud ouni Fleesch.

Wie maan ech Zaloot?

Gromperen mat der Schaal kooschen, schiälen an dënn Ronselen schnegden.

Tomaten an Ënnen an dënn Ronselen schnegden.

Eier hart kooschen an Ronselen schnegden.

Den Zellerie fein raspelen.

Alles an enger Schossel mëschen.

Essig, Ualeg an Gewürzer an eent Glas mat Deckel fëllen, kräftig rëselen an iwert Zaloot schëdden.

Na eng kéier goud mëschen an viram zervéiren bëssen gehackten Péitersilich driwer streien.

Amerikanisch Zaloot

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

2

Virberreedungszeckt

40

Minuten

Watt brausch ech?

  • 3 Tomaten

  • 6 mëttelgruus Gromperen

  • 100 g Zellerie

  • 1 Ënn

  • 3 Eier

  • 50 ml Essig

  • 150 ml Ualeg

  • 1 TL All-Zweck-Gewürzmëschung

  • bëssen gehackten Péitersilich

Wie jëtt gekooscht

  • Gromperen mat der Schaal kooschen, schiälen an Ronselen schnegden.
  • Eier hart kooschen an Ronselen schnegden.
  • Tomaten an Ënn an dënn Ronselen schnegden.
  • Zellerie fein raspelen.
  • Alles an eng Schossel leen.
  • Essig, Ualeg an Gewürzer an eent Glas mat Deckel maan. Goud rëselen an iwert den Zaloot schëdden.
  • Viram zervéiren Péitersilich driwer streien.
  • Optional kann een wie ech et gemaat han Poulet mat drënner mëschen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*