Duxelles sen fein gehackten Kooschelen, Ënnen an Schalotten, déi an enger Mëschung aus Ualeg an Botter gedënst jiän bis se drëchen sen.
Eng Duxelle jëtt gehollt fir ze würzen oder als Fëllung fir sämtlich kulinarisch Zoubereedungen. Egal wat fir een Rezept datts du fënns wann do dran van enger Duxelles geschuatt jëtt, sen datt ëmmer gehackten Kooschelen.
Fir eng Duxelles brausch ech?
- Ënnen
- Schalotten
- Kooschelen
- Salz & Peffer
- Botter an Ualeg fir ze brooden
Gekooscht jëtt.
Ënnen, Schalotten an Kooschelen fein hacken. TIPP: Hack Kooschelen op der Hand, wanns du se an enger Maschin kleng hacks zéien se ganz vill Waasser.
An enger waarmer Pann, Ualeg an Botter erhëtzen.
Ënnen an Schalotten do dran aanbrooden bis se Faaref aanhualen.
Kooschelen ënnermëschen an su lang dënsten bis keng Flëssigkeet mi an der Pann as, bëssen mat der Hëtzt spillen, natiirlech ëmmer oppassen datt et net verbrennt. Zum Schluss na würzen an schmaaschen.
Datt as Grondrezept van enger Duxelles.
Verfeineren kann een se mat, gehacktem Pàitersilich, mat bëssen Knuawléck, mat gehackter Ham, mat fein geschniddenem Speck…
Jëtt Duxelles gehollt fir Geméiss ze fëllen, kanns du o na klenge Gewürfelt Geméiss ënnermëschen.
Duxelles
Schwierigkeit: einfasch10
Minuten10
MinutenZutaten
Ualeg an Botter fir ze brooden
30 g gehackten Ënnen
30 g gehackten Schalotten
250 g gehackten Kooschelen
Peffer & Salz
Zoubereedung
- An enger waarmer Pann den Ualeg en de Botter erhëtzen.
- Schalotten an d’Ënnen do dran aanbrooden, bis se Faaref aanhualen.
- Kooschelen ënnermëschen an su lang brooden bis Flëssigkeet all verkooscht as.
- Mat Peffer an Salz würzen an schmaaschen.
Basilikum Bärlauch Dip Essig Gehacktes Gewürz Grillen Pasta Rahm Reis Rosmarin Salz Sauerdeeg Sellerie Speck Tomaten