Gebaaschen Gromperen

Bei deem Rezept hei, han ech mech vam Jamie Oliver inspiréiren geloss. Natiirlech han ech meng eegen Gewürzer gehollt fir se ze maan.

Fir onegféier 4 Lékt brauchst du?

  • 8 mëttelgruuss miählig kooschend Gromperen
  • 0,5 frësch Knuawlécksknoll
  • 1,5 TL Herbes de Provence
  • Salz & Peffer
  • Zeste van 1 halwer Zitroun
  • Saaft van 1 ganzer Zitroun
  • 2-3 EL Olivenualeg

Wie jëtt gekooscht?

Gromperen goud wäschen, an 1 cm déck Scheiwen schnegden.

Eng Grillpann kräftig erhëtzen an Gromperen dodran ouni Fett aanbrooden bis se sching brong Streifen kreien. Du kanns die Gromperen o om Grill aanbrooden an se dann an den Schiäffchen setzen.

De Schiäffchen op 200°C virhëtzen.

Eng gruss Baaschplaque hualen. De Knuawléck an 3-4 graff Stécker schnegden an op Plaque leen. Zitrounenzeste drop verdeelen. Dann Zitrounensaaft an den Olivenualeg drop schëdden. Herbes de Provence, Salz an Peffer drënner mëschen.

Die aangebrooden Gromperen drop verdeelen an alles goud mëschen. Oppassen datt Gromperen net openeen leien.

Am Schiäffchen op der iäwischter Schinn gar brooden.

Akooschen Baaschen Basilikum Botter Brugd Bungenkrogt Bärlauch Courgetten Curry Dip Essig Fleesch Gefligel Geméiss Gewürz Gewürzmëschung Grillen Gromperen Gréin Bungen Kalef Knuawléck Krégder Muurten Olivenualeg Pasta Peffer Pesto Pizza Poulet Randfleesch Reis Rosmarin Réckbléck Salz Sauerdeeg Spargelen Speck Tomaten Wuuscht Zaloot Zitroun Zocker Zooss Zoossenfond Zopp

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*