Gefligelcrèmezopp

Een Klassiker aus der Zoppenkëchen, bekannt o ënnert dem Naam “Kinniginzopp”, an ech mengen deen hat des Zopp o verdéint.

Watt brausch ech?

  • Gefligelbréit
  • Helle Roux
  • Rahm & Eijäll
  • Peffer & Salz
  • bëssen Muurten, Poretten, Zellerie an Houhnerfleesch

Wie fänken ech aan?

Firtischt bereeden ech mol een helle Roux fir an loossen deen aafkéilen.

Iwerdeems loossen ech Bréit eng kéier opkooschen. Schëdden déi dann op deen aafgekéilten Roux, ënner stännigem réiren loossen ech datt Ganzt opkooschen.

D’Hëtzt driien ech dann raaf an loossen Zopp 1-1,5 Stonnen op niddreger Hëtzt kooschen. Ëmmer mol rëm dran réiren. Datt déint dozou, datt deen miähligen Goût verschwënnd, an Zopp reduzéiert watt den Geschmaasch na besser mëscht.

Dann würfelen ech Pouletfleesch an setzen datt op Segt.

Muurten, Poretten an den Zellerie kann een kleng würfelen, ech han se hei geraspelt an am waarmen Botter kuurz geschwenkt. Mat bëssen Zitrounensaaft Salz an Peffer gewürzt. An op Segt stellen.

Schëdden firischt na bëssen Bréit an Zopp an driien Hëtzt rem rop.

Rahm an Eijäll mëschen ech, schëdden déi Mëschung an Zopp an ënner stännigem réiren wiärmen ech Zopp bis se aafänkt mat bannen, oder wie die Däischt soen bis se “schlotzig” as. Schmaaschen an würzen.

Dann mëschen ech Geméiss an den Poulet drënner, wiämen datt kuurz.

Gouden Appetit!

Gefligelcrèmezopp

Rezept von JosianeSchwierigkeit: mëttel
Liter

3

Gesamtzeit

3

Stunden 

Watt brausch ech?

  • 300 g helle Roux

  • 3 L Gefligelfond an 500 ml Gefligelfond fir Zopp ze längen

  • Salz & Peffer

  • 400 ml Rahm

  • 4 Eijäll

  • 100 g gewürfelten Poulet

  • 100 g gewürfelt Muurten

  • 100 g gewürfelten Zellerie

  • 100 g kleng geschnidden Porette

  • Saaft van enger halwer Zitroun

Wie jëtt gekooscht

  • Die waarem Bréit op deen aafgekéilten Roux schëdden an ënner stännigem réiren opkooschen loossen.
  • Hëtzt raaf driien an Zopp 1-1,5 Stonnen kooschen loossen.
  • Poulet kleng schnegden an op Segt stellen
  • Datt kleng geschniddend Geméiss am waarmen Botter schwenken, Zitrounensaaft drop schëdden an würzen. Op Segt stellen.
  • 500 ml Gefligelfond an Zopp schëdden an Hëtzt rem rop driien
  • Rahm mam Eijäll mëschen ant Zopp schëdden.
  • Erwiärmen bis Zopp aafänkt ze bannen. Schmaaschen evtl. noowürzen
  • Geméiss an den Poulet ënnermëschen an der Zopp wiärmen.

Akooschen Baaschen Basilikum Botter Brugd Bungenkrogt Bärlauch Courgetten Curry Dip Essig Fett Fleesch Gefligel Gehacktes Geméiss Gewürz Gewürzmëschung Grillen Gromperen Gréin Bungen Kalef Knuawléck Kooschen Krégder Muurten Nuddelen Olivenualeg Pasta Peffer Pesto Poulet Randfleesch Reis Rosmarin Réckbléck Salz Sauerdeeg Speck Tomaten Wuuscht Zocker Zooss Zoossenfond Zopp

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*