Während hei bei eis Reis meestens zimlich langweilig as, spillt en an Indien oder anner asiatischen Këschen eng van deen wischtichsten Rollen. Op deem asiatischen Kontinent as Reis datt Grondnahrungsmëttel an en jëtt paar mol am Daag gäss.
Reis as äwer nët gläich Reis, die beléifsten Zorten an der indischer Këschen sen Basmati- oder Jasminreis.
Wie wir et dann mol bei eent Geschnezeltes oder eng Pastéitchen een angenehm an voll Aroma rauschende, würzigen Reis dobäi ze zervéiren.
Inspiréirt han ech mech hei om Blog Fernschmecker.
Die indisch Gewürzer
- Neelcheskäpp: Neelcheskäpp as eent ganz beléift indischt Gewürz, an o bei eis as an enger kräftiger Bréit, Zooss oder an engem Glühweng net mi fort ze denken. Sein séissen Geschmaasch an würzigen Aroma suarigt fir een ganz besonnëchen Geschmaasch.
- Lorbeerbläder: Lorbeerbläder schmaaschen liit batter an han een würzigen Aroma. Während zur Réimerzéckt domatt na “Ruhmeskränze” gebonnen sen jiänn, as datt Gewürz hogt iwerall op der Welt ze fannen.
- Sternanis: Sternanis schmëscht séiss an sein Aroma as scharef an erënnert aan Lakritz, well sein Geschmaasch an Aroma su intensiv as muss een mat der Doséirung oppassen. En schmëscht net nëmmen an Desserten oder Glühwéng, mais o am herzaften Ässen.
- Kurkuma: Kurkuma schmëscht liit batter an hat een mëllen würzigen Aroma. Well den Geschmaasch an Aroma su liit as, jëtt en gemahlen an gedrëchent Hauptsächlich gehollt fir ze firärwen, en jëtt all indischem Curry seng sching jiäll Faaref an en as mi bëllig wie Safran.
- Kreuzkümmel (Cumin): Kreuzkümmel hat een frëschen, scharefen Aroma en as verdauungsfördernd an drigt dozou bei datt deftigt, fettig Ässen besser verschafft jëtt.
- Kardamom: Kardamom hat een frëschen Aroma en erënnert aan Menthol.
Gewürzreis
Fir 2 Portiounen brauchst du?
- 240 g Basmatireis
- 1 TL Ghee (Botterschmalz)
- (1 TL gemahlene Kurkuma)
- 0,5 TL gemahlene Kardamom
- 0,5 TL gemahlene Kreuzkümmel
- 1 Lorbeerblaad
- 2 Sternanis
- 10 Neelcheskäpp
- 550 ml Waasser
- (2 EL Korinthen)
Wie jëtt gekooscht?
Den Reis an eng Schossel maan an grëndlich mat kaalem Waasser wäschen, Waasser ëmmer rëm wiässelen bis et kloer as. Firwatt den Reis wäschen? Om Reiskär setzt sech durich poléiren Stëbs fest deen ranzig schmaaschen kann.
Botterschmalz an engem waarmen Dëppen erhëtzen, den Reis an Gewürzer op niddreger Hëtzt dodran 2-3 Min. aanschweesen, äwer oppassen datt näist verbrennt. Kurkukam kanns du dobäi maan, wanns du jären has, datt den Reis jiäll jëtt.
Kooschst du dein Reis an engem Reiskocher, brauchst du keen Botterschmalz.
Waasser drop schëdden an opkooschen loossen. Hëtzt raaf driien an den Reis durich zéien loossen bis en mëll as. Op all Packung steht ëmmer wie lang den Reis gekooscht soll jiänn. Ech schalten no der halschent van der Zéckt Plaque aus an loossen Dëppen mat Deckel op der waarmer Plaque stoen, su zéiht en dann durich ouni datt en verbrennt.
Du kanns hei o na 2 EL Korinthen mam Waasser dobäi jiänn, wanns du Korinthen jiären has 😉 .
Basilikum Bärlauch Dip Essig Gehacktes Gewürz Grillen Pasta Rahm Reis Rosmarin Salz Sauerdeeg Sellerie Speck Tomaten