Jidfereen hat Gromperenzaloot jären, jidfereen hat o sengt Rezept wie een dësen Zaloot mëscht. Et muss äwer net ëmmer datt klassischt Rezept sen, mat Speck, hartgekooschten Eier, sauer Cornichon an Mayonnaise. Et geht o mol eng kéier annecht, wie hei an mengem Rezept, mat gebroodenem gréine Spargel, Radiesercher, Geméisscornichon, Knuawléck, Schalotten an Bratzeln. Eng waarem Vinäigrett mat Geméissbréit, Essig an Mostert drop.
Gromperenzaloot
Schwierigkeit: einfasch4
Zutaten
750 g festkooschend Gromperen
500 g gréine Spargel
1 Bott Radiesercher
1 Geméisscornichon
2 gehackten Schalotten
1 Ziif gehackten Knuawléck
1 Botte fein geschnidden Bratzelen
3 EL neutralen Ualeg
150 ml Geméissbréit
50 ml normalen Essig oder wäisse Wéngessig
Salz & Peffer
2 TL Mostert
Saaft van enger halwer Zitroun
Zoubereedung
- Gromperen wäschen an mat der Schaal gar kooschen. Fir datt Gromperen gläichmässig gar jiänn mat kaalem Waasser opsetzen.
- Iwerdeems Spargelen schiälen an deen holzigen Deel fortschnegden, Spargelen an Stécker van ongeféier 1 cm Déckt schnegden, just Spëtzen ganz loossen. Spargelen am waarmen Botter brooden. Gréine Spargel schmëscht vill besser wann en an bëssen Botter gebrooden jëtt.
- Radiesercher an Cornichon an fein Ronselen schnegden an dann grëndlich an frëschem Waasser wäschen. Cornichon muss net geschiält jiänn.
- Gromperen aafschëdden an Spalten oder Ronselen schnegden. Ech lossen Schaal an der Gromperen ëmmer draan, een deen datt net jiären hat kann Gromperen o schiälen.
- Fir Zooss, de Ualeg, Essig, Geméissbréit mat Salz an Peffer opkooschen loossen an paar Min. kräftig kooschen loossen. Vam Feier zéien an den Mostert ënnerréiren.
- Gromperen mat den Spargelen an eng Schossel leen, een Deel van der waarmer Vinägrette drop schëdden. Alles goud mëschen an bëssen durich zéien loossen. Hei musst du lo selwer entscheeden wivill Vinägrett datts du op dengem Zaloot han wëlls. Die waarem Gromperen hualen ganz vill Zooss op an et soll jo keen drëchnen Zaloot jiänn.
- Wann Gromperen an den Spargel bëssen durich gezujen senn, Cornichon, Radiesercher, Schalotten, den Knuawléck an Bratzelen ënnermëschen. Datt Ganzt mat bëssen Zitrounensaaft oder na bëssen Essig aafschmaaschen.
Basilikum Bärlauch Dip Essig Gehacktes Gewürz Grillen Pasta Rahm Reis Rosmarin Salz Sauerdeeg Sellerie Speck Tomaten