Ët jëtt kaum eppes watt mi einfasch ze kooschen as wie dës Zopp. Durich Fleesch waat dran as jëtt et eng herzhaft, deftig Zopp, déi bei kaalem Wiädder van bannen wiäremt an satt mëscht.
Gromperenzopp as eng traditionell Zopp déi aus Däitschland an Éisterräich kënnt. An wi bei villen Rezepter hat o bei dësem baal jidfereen sengt eegent, oder datt watt en van der Familjien iwerhollt hat.
Et jiän Variatiounen do jëtt Zopp mat Muurten oder/an Zellerie gemaat. Ech han hei Poretten an Ënnen gehollt. An ech han mir soen geloss datt dëss Zopp am besten jëtt wann Geméiss am Schwéngschmalz aangebrooden jëtt.
An dëser Zopp as normal o Fleesch mat dran, datt kann Speck, Mettwuuscht, Wiirschtercher oder/an Bockwuuscht sen. Ech han nëmmen Speck gehollt.
Natiirlech kann dës Zopp o ganz vegetarisch gekooscht jiänn, an deem een Botterschmalz hëllt fir Geméiss aanzebrooden.
Fir meng Zopp brausch ech.
- Gromperen
- Ënnen
- Porettenwäiss
- Speck
- Waasser
- Rahm
- Peffer & Salz
- bëssen gehackten Kiärwel
Zoubereedung
Gromperen. Watt fir eng Gromperen daats du hëlls as baal egal. „Miählig Gromperen“ sen goud, wanns du deng Zopp püréiren wëlls. „Festkooschender“ sen ischter bëssfest, an bleiwen noom kooschen o mi fest wie Geméiss. „Vorwiegend festkooschender“ sen eigentlich die Best fir dës Zopp ze kooschen, Geméiss an Gromperen han wann se färdeg as eng ähnlich sämigkeet.
Gromperen schiälen ech an schnégden se an Würfelen van ongeféier 1,5 cm.
Porettenwäiss jiänn halbéirt, dann wäschen ech se grëndlich ënner fléissendem kaalen Wasser, dann na eng kéier längs durich schnégden an dann an dënn Streifen.
Ënnen, schiälen ech an hacken sen fein.
De Speck schnégden ech an kleng Würfelen.
An engerm waarmen Dëppen Schéngschmalz oder Botterschmalz erhëtzen, Speck knuseprig aanbrooden, raus hualen an op Ségt stellen.
An deem selwischten Fett brooden ech Ënnen glasig aan. Dann mëschen ech Poretten drënner an brooden déi o mat aan. Hei bëssen oppassen Geméiss soll keng Faaref aanhualen. Liit salzen an pefferen.
Pass bëssen op mam Salz, Fleesch datt dran kënnt as o gesalzen.
Als nächst schëdden ech Waasser drop an loossen alles eng kéier opkooschen.
Dann mëschen ech Gromperen drënner, loossen Zopp na eng kéier opkooschen. An op niddreger Hëtzt loossen ech se dann ongeféier 40 Min. kooschen. Ech zerdrecken Gromperen liit mam Püréestampfer su datt äwer na alles Stéckig bleift.
Kuurz viraan Schluss, mëschen den Speck an Rahm drënner, erwiärmen datt kuurz. Schmaaschen evtl. na noowürzen. Bëssen Speck haalen ech raus fir Garnitur.
Kiärwel hacken an mam Speck op Zopp leen.
Tipp: wanns du keen Schwéngschmalz has, koof bei dengem Metzler eent klengt Steck fetten Speck, kleng würfelen an op niddereg bis mëttel Hëtzt an enger Pann ausloossen.
Gromperenzopp
Schwierigkeit: einfasch4
15
Minuten50
MinutenZutaten
100 g gehackten Ënnen
250 g kleng an dënn Streifen geschnidden Porettenwäiss
500 g geschiälten an gewürfelt Gromperen
50 g Schwéngschmalz oder Botterschmalz
1,5 L Waasser
100 g gewürfelten Speck
100 ml Rahm
bëssen gehackten Kiärwel
Zoubereedung
- An engem waarmen Dëppen den Schmalz erhëtzen, de Speck do dran aanbrooden. Raus hualen an op Ségt stellen.
- An deem selwischten Dëppen, Ënnen aanbrooden, subal déi glasig sën, Porettenwäiss ënnermëschen an aanbrooden. Pass äwer op datt se keng Faaref aanhualen. Liit salzen an pefferen. Pass op mam salzen de Speck deen hanneno dran kënnt as o salzig.
- Subal alles aangebrooden as, Waasser drop schëdden an opkooschen loossen.
- Gromperen ënnermëschen, na eng kéier opkooschen loossen, an dann op niddreger Hëtzt ongeféier 40 Min. kooschen loossen. Mam Püréestampfer zerdrecken ech Gromperen liit, passen äwer op datt alles na Stéckig bleift.
- Kuurz viraan Schluss Speck an Rahm ënnermëschen an der Zopp wiärmen. Schmaaschen evtl. nowürzen. Bëssen Speck halen ech fir Garnitur.
- Kiärwel fein hacken an mam Speck op Zopp leen.
Notiz
- Tipp: wanns du keen Schwéngschmalz has, koof bei dengem Metzler eent klengt Steck fetten Speck, kleng würfelen an op niddriger bis mëttel Hëtzt an enger Pann ausloossen.
Basilikum Bärlauch Dip Essig Gehacktes Gewürz Grillen Pasta Rahm Reis Rosmarin Salz Sauerdeeg Sellerie Speck Tomaten