Guacamole as eeng beléift mexikanisch Dip-Zooss oder Beilaag, déi aus zégdigen Avocado, Ënnen, Jalapenos, Koriander, Limettensaaft an Gewürzer zoubereed jëtt. Optional kannen na Tomatenwürfelen mat dran geschnidden jiänn. Sie hat eng crémig Konsitenz an een eenzigartigen Geschmaasch, deen salzig, würzig an liit saïerlich as. Guacamole jëtt dachs als Dip bei Tortilla-Chipsen zervéiert, kann äwer o bei Tacos, Burritos oder als Belaag fir Nachos gehollt jiänn. Avocado gehiiert zum “Superfood” mat vill gesonden “ongesättigter Fettsäier”, Vitamin E, Kalium an Folsäier. Giacamole as an villen Këchen weltwégt beléift an een Klassiker aus der mexikanischer Këchen.
Wie datt bei villen Rezepter as jëtt o Guacamole ënnerscheedlich gemaat. Fir die eng besteht Guacamole just aus Avocado, Limettensaaft, Jalapenos, Koriander an Salz, fir die anner muss Knuawléck, Tomatenwürfel an/oder gehackten Ënnen mat dran. Beim Mexikaner duaref Avaocado net an den Mixer, sie muss stéckig bleiwen, an bei eis jëtt alles gemixt fir eeng glatt Konsistenz ze kreien an wahrscheinlech o well et mi siier geht.
Egal wie se zoubereed jëtt, et as ëmmer datt Best du mëchs Guacamole selwer. Am Färdegprodukt as nämlich net vill Avocado dran.
Wuran erkennen ech eng goud Avocado?
Fir Guacamole oder een Smoothie muss Avocado zégdig sen, wuran erkennen ech datt? Hei paar Hinweiser, wuraan een eng zégdig Avocado erkennt.
- Faaref van der Schaal: Zégdig Avocado han eng donkelgréin baal schwarz Faaref. Sen se hellgréin sen se na net zégdig.
- Festigkeet: Dréck liit op Avocado, wann sie bei liitem drécken noojëtt, ouni datt se sech ze hart oder ze mëll aanféilt, as se wahrscheinlich zégdig. Sie soll sech net machtig aanféilen.
- Den Still: Liies den Still bëssen van der Avocado. Wann do drënner gréint Fleesch as as se wahrscheinlich Zégdig. As se brong van bannen dann loss Fanger dofaan.
- Gewiit: Eng zégdig Avocado soll sech schwéier an der Hand aanféilen. Wann se liit an hual klengt as se net zégdig.
- De Geroosch: Eng zégdig Avocado hat dachs een séisslichen Doft. Wann se gar net récht, dann kann se na net zégdig sen.
Et as wichtig dorop opzepassen, well d’Avocado’en ënnerscheedlich siier räifen, aafhängig van der Zort an den Laagerbedinungen. Keefs du eng Avocado déi na net zégdig as, kanns du sie bei Raumtemperatur noräifen loossen. Wann se dann bis zégdig as, am Frigo laageren fir datt se mi lang frësch bleift.
Zutaten an Zoubereedung:
Avocado han ech längs opgeschnidden an den Kär rausgehollt, mat engem Läffel han ech Fleesch raus gehollt an, an eng Schossel geleit. Mat enger Forschette oder mam Püréestampfer han ech Avocado zerklëngert. Well Avocado een Fruucht as dei an der Loft ganz siier oxidéiert han ech hei well bëssen Limettensaaft mat dran geschott.
Als nächst han ech die fein gewürfelt Ënn, die an fein Streifen geschnidden Jalapenos, den fein gehackten Knuawléck, an den gehackten Koriander ënnergemëscht. Datt Ganzt jëtt dan gesalz an alles goud vermëscht. Ech schmaaschen den Dip an wann na bëssen Säier fehlt schëdden ech na bëssen Limettensaaft drop.
Ganz vill Rezepter mëchen na kleng gewürfelt Tomat mat drënner. As se dir net scharef genou kanns du o na bëssen Peffer ënnermëschen.
Guacamole am besten direkt zervéiren, wann net dann an een Loftdicht zouenen Behälter fëllen an kéil laageren. Kuck datt su man Loft draan kënnt wie miilech, well trotz dem Limettensaaft jëtt Guacaomle äwer siier brong.
Guacamole
Schwierigkeit: einfasch10
MinutenZutaten
2 Avocado
Saaft van 1 Limette
1 gehackten Ziif Knuawléck
eng gehackten Jalapeno
1-2 EL frëschen gehackten Koriander
Salz
1 gehackten kleng Ënn (optional)
1 an kleng Würfel geschnidden Tomat (optional)
Zoubereedung
- Avocado halbéiren, mat engem Läffel aus der Schal hualen an mat enger Forschett oder am Mörser fein zereiwen oder trippsen. Halschent vam Limettensaaft ënnermëschen.
- Datt gehackten an kleng geschniddend Geméiss an Krégder ënnermëschen an mat Salz an Rest Limettensaaft aafschmaaschen.
- eng anner Methoud
- Eng anner Methoud, Limettensaaft Gewüzer an Geméiss, ausser Tomat, am Mixer zu enger feiner Past püréiren, an dann ënnert die getrippsten Avocado mëschen an se su mat der Past aafschmaaschen.
- Du kanns o alles bis op Tomat an den Mixer maan an et fein püréiren.
Notiz
- Demno wie déck deng Avocado sen kann et sen datts du mi Limettensaaft brauchs.