Herzhaft gefëllten Gehacktesbroot

Hokt kooschen ech eent Rezept, datt eng bëssen mi modern Variant van engem traditionellen Klassiker ass: Herzhaft gefëllten Gehacktesbroot! Gehacktesbroot jëtt et a villen Kulturen an zällt zu deen traditionellen Familjenässen, datt ségt Generatiounen beléift ass. Dësen Broot kombinéiert saaftigt Gehacktes mat enger köstlicher Fëllung aus karameliséierten Ënnen, gebroodene Kooschelen an cremigem Kiiss.

Zutaten fir mein herzhaft gefëllten Gehacktesbroot

1. Brong Kooschelen

  • Frësch Kooschelen sen ëmmer eng beléift Zutat an villen herzhaften Menüer, sie brengen een mëllen, liit nossigen an erdigen Goût mat. Sie hualen den Goût van den anneren Zutaten goud op an suarigen dofir datt d’Fëllung fiit bleift.

2. Ënnen

  • Ënnen brausch ech am Gehacktes an, an der Fëllung. Sie brengen een séissen zwibelartigen Aroma, besonnig wann sie op niddriger Hëtzt gemellig karameliséiert jänn.
  • An der Gehacktesmëschung suarigen sie zesammen mam Knuawléck fir deen herzhaften Aroma, wie beim Knuawléck, watt se mi fein gehackt sen, watt se hiren Goût am Fleesch besser verdeelen.

3. Botterschmalz

  • Fir datt alles sching goldbrong anngebrooden kann jänn.

4. Mozzarella an Pecorino

  • De Mozzarella brengt een cremigen, mëllen Goût an meng Fëllung an suarigt dofir datt alles saaftig bleift. De Pecorino dogeent hat een würzigen, salzigen Goût deen dëst Ässen na mi intensiv mëscht

5. Gehacktes

  • Ech hualen ëmmer rengt Randsgehacktes, datt hat mi een intensiven, kräftigen Goût, et enthält äwer winiger Fett wie gemëschtent. Ech mëschen dofir ëmmer bëssen neutralen Ualeg oder Olivenualeg mat ënnert Gehacktes. An ech suarigen dofir, datt Fëllung fiit genou ass, fir datt et neu ausdrëchent. Randsgehacktes verdrigt mi Gewürz, du kanns mi Knuawléck, Ënnen, Salz an Peffer anschaffen.
  • Ech würzen mengt Gehacktes léiwer selwer, su schmëcht et no genau deem watt ech ënnermëschen.

6. Eier

  • D’Eier déinen als Bindungsmëttel am Gehacktes. Sie haalen alles zesaammen an suarigen dofir, datt den Broot seng From behällt an beim Baaschen net auserneen fällt.

7. Panéiermiähl

  • D’Panéiermiähl bënnt d’Flëssigkeet an suarigt dofir, datt den Broot saaftigt bleift, äwer net ze fiit jëtt. Ausserdeem hëleft d’Panéiermiähl Struktur vam Broot ze stabiliséieren, su datt en beim Schnégden fest bleift.

8. Mostert

  • Mostert jëtt dem Broot een dezenten würzigen Aroma an brengt eng liit Säier mat an d’Spill. Ech han Dijon-Mostert gehollt, een manner scharefen deet et äwer o.

9. Knuawléck

  • De Knuawléck brengt deen herzhaften Aroma, watt en mi fein gehackt ass, watt sein Aroma sech besser am Fleesch verdeelt.

10. Péitersilich

  • Eent Krogt datt wirklich goud an all Gehacktesbroot oder Boulette passt. De Péitersilich brengt een liiten frëschen Aroma mat, deen die herzhaft an intensiv Aromen vam Gehacktes am vam Kiiss ënnerstëtzt.

11. Salz & Peffer

  • Salz an Peffer sen die klassisch Gewürzer, déi den Menü aafronnen an sämtlich Aromen hiäwen.

Zoubereedung

  • 2 Ënnen schiälen ech an ech schnégden se an dënn Streifen, an die anner Ënn hacken ech ganz fein.
  • De Knuawléck schiälen ech an hacken en ganz fein.
  • Kooschelen botzen ech mat enger mëller Biischt an hacken se graff.

Fir d’Fëllung erhëtzen ech an enger waarmer Pann bëssen Botterschmalz an brooden do dran op niddriger Hëtzt d’Ënnen bis se karameliséieren. Déi würzen ech ech dann mat Salz an Peffer an loossen se aafkéilen.

Während d’Ënnen brooden, erhëtzen ech an enger annerer waarmer Pann bëssen Botterschmalz an brooden do dran Kooschelen bis die ganz Flëssigkeet verdonst as. Würzen se rischt zum Schluss mat Salz an Peffer, setzen se op Ségt an loossen se aafkéilen.

Gehacktes han ech dës Kéier ganz klassisch Gewürzt, mat Salz, Peffer, gehackten Péitersilich, gehackten Ënnen, gehacktem Knuawléck, Dijon-Mostert zousätzlich fir datt alles zesammenhält han ech na Eier an Panéiermiähl ënnergemëscht.

Op Baaschpapeier, formen ech den Broot andeem ech en firtischt zu engem 2 cm bis 3 cm decken Véiereck oder Rechteck auserneen drecken.

Om Gehacktes verdeelen ech d’Ënnen an Kooschelen, do drop leen ech geriwene Mozzarella an geriwene Pecorino, loossen äwer een Rand van ongeféier 1 cm bis 1,5 cm, mat Hëlef vam Baaschpapeier rullen ech mein Broot an. Fir datt den Broot am Aafank besser zesaammen hält, wécklen ech an Baaschpapeir, an zousätzlich na am Sëlwerpapeier fest an.

Am waarmen Schiäffchen baaschen ech den Gehacktesbroot bei 200°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt, fir 30 Min. bis 35 Min. Dann hualen ech den Broot aus dem Papeier, stellen den Schiäffchen op Ëmloft ëm an setzen en na eng Kéier fir ongeféier 25 Min. bis 30 Min. an den Schiäffchen.

Noom brooden den Broot ongeféier 10 Min. ruhen loossen, su verdeelt sech Saaft na bëssen, dann opschnégden an mat der gewënschter Beilaag zervéiren.

Als Beilaagen passt bei dësem Menü, gebrooden Gromperen, Gromperenpürée, Fritten, Salzrgomperen oder einfasch nëmmen een Komb Zaloot mat Baguette.

Tipps

  1. Kuck datt dengt Gehacktes goud vermëscht ass, kniäd et äwer net ze lang, et jëtt soss beim garen ze fest. Just sulang mëschen bis sämtlich Zutaten sech goud verdeelt han.
  2. Hual dir Zéckt fir d’Ënnen ze karameliséieren, rischt durich datt gemelligt brooden entwécklen sie hiren gouden Aroma.
  3. Pass do drop op d’Fëllung gläichmässig ze verdeelen, datt alles goud an der Mëtt ass an net ausloofen kann.
  4. Trotz datt ech mein Broot firtischt am Papeier gebaasch han ass en während dem 2ten Durichgang äwer auserneen jangen. Et ass äwer näist ausgeloof.

Varianten

Klassisch jët den Gehacktesbroot ouni Fëllung gemaat, et jänn äwer Regiounen an Däitschland wu dësen Broot mat sauert Mouss an Speck gefëllt jëtt. Anner Regiounen maan Eier dran. Eng genausu würzig Variant ass z.B. Raclette-Kiiss ze hualen oder eng anner würzig Kiisszort. Natiirlech kanns du dein Hackbroot mat enger Mariande verfeineren, mat därs du den Broot während dem Baaschen ëmmer mol rëm anpinsels.

Herzhaft gefëllten Gehacktesbroot

Rezept von JosianeSchwierigkeit: Einfach
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

40

Minuten
Kooschzéckt

1

Stunde 

Zutaten

  • Fir Gehacktes
  • 500 g Gehacktes (ech schaffen am léifsten mat Randsgehacktes, datt ass meestens ongewürzt)

  • 1 Ënn, ganz fein gehackt

  • 2 Ziiwen Knuawléck, ganz fein gehackt

  • 1 Ei

  • 80 g Panéiermiähl

  • 2 EL Olivenualeg oder neutralen Ualeg

  • 1 EL Dijon-Mostert

  • 1,5 TL Salz

  • 1 TL Peffer

  • 2 EL gehackten Péitersilich

  • Fir d’Fëllung
  • 250 g brong Kooschelen, graff gehackt

  • 2 Ënnen, an dënn Streifen geschnidden

  • Botterschmalz

  • Salz an Peffer

  • 100 g Mozarrella, geriwen

  • 50 g Pecorino, geriwen

Zoubereedung

  • Fëllung
  • An enger waarmer Pann erhëtzten ech op mëttel Hëtzt bëssen Botterschmalz, do dran brooden ech d’Ënnen an loossen se karameliséiren. Würzen mat Salz an Peffer.
  • An enger annerer waarmer Pann erhëtzten ech bëssen Botterschmalz an brooden do dran Kooschelen bis die ganz Flëssigkeet verdonst ass. Würzen dann rischt mat Salz an Peffer.
  • D’Ënnen an d’Kooschelen loossen ech aafkéilen.
  • Gehacktes
  • D’Gehacktes mëschen ech mat sämtlichen Zutaten, kniädden datt goud durich su datt sech alles goud vermëscht.
  • De Schiäffchen wiärmen ech op 200°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir.
  • Op Baaschpapeier formen ech den Broot, andeem ech firtischt zu engem 2 cm bis 3 cm Véiereck oder Rechteck auserneen drécken.
  • Do drop verdeelen ech meng Fëllung lossen äwer een Rand van ongeféier 1,5 cm.
  • Als nächst verdeelen ech den Kiiss driwer an mat Hëlef vam Baaschpapeir rullen ech mein Broot an.
  • Fir datt den Broot am Aafank van der Baaschzéckt fest zesaammenhällt, wécklen ech en firtischt an Baaschpapeier an a Sëlwerpapeier an.
  • Su setzen ech den Broot op eent Baaschblech an fir ongeféier 30 Min. bis 35 Min. an deen waarmen Schiäffchen.
  • No der halwer Stonn hualen ech den Broot aus dem Schiäffchen an hualen en aus dem Papeier. De Schiäffchen schalten ech ëm op Ëmloft an setzen den Broot dann na eng kéier fir 25 Min. bis 30 Min. an deen waarmen Schiäffchen, fir datt en eng sching goldbrong Krust bilden kann.
  • Noom baaschen, den Broot ongeféier 10 Min. ruhen loossen an dann met der gewënschter Beilaag zervéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*