Rambasicci al verza

Rambasicci al verza oder Wirsingrouladen, ass een traditionellen Menü aus Norditalien. Dëst einfasch an rustikalt Ässen vereent eng deftig Fleeschfëllung ëmhëllt van mëllen Wirsingbläder an ass een perfekt Menü fir mi kéil Deeg. D’Zouberredung ass ähnlich wie bei eis Kappesrouladen, an wie bei all Menü jänn et verschidden Regional Varianten. Mat der herrlich würziger Fëllung sen Rambasicci nahrhaft an aromatisch, dësen Menü jëtt als Comfort Food bezeechent – eent datt no Doheem schmëcht an Familjen an Frënn fruh mëcht

Zutaten fir Rambasicci al verza

1. Wirsing

  • Dësen Kappes zeechent sech durich seng krauselig, kräftig gréin Bläder an durich sein mëll-séisslichen Goût aus. Am Vergläich zum wäissen Kappes ass den Wirsing besonnig zart an jëtt beim blanchéieren an kooschen wonnerbar mëll.

2. Gehacktes

  • Gemëschtent mat Schwéng oder Rand oder rengt Randsgehacktes, datt kanns du ganz dengem Goût no entscheeden. Kuck just datt et ongewürzt ass.

3. Knuawelek

  • De Knuawlelek ass deen klassischen Verstiäriker an der italienischer Këchen. En jëtt der Fëllung hiren würzig, herzhaften Aroma, deen goud mat all deen anneren Zutaten harmonéiert, äwer ouni dominant ze sen.

4. Parmesan

  • Geriwene Parmesan brengt een würzigen Umami-Goût an deng Fëllung. Dësen Hartkiiss jëtt dem Ässen een dezent salzigen Aroma. Beim erhëtzen schmëlzt en suarigt datt Fëllung zesaammenhällt

5. Paprikapolwer

  • De Paprika jëtt der Fëllung eng mëll an angenehm Würzigkeet. En ergänzt den Péitersilich an betount den Goût vam Fleesch op dezent Art, ausserdeem brengt en na bëssen Faaref mat an d’Spill.

6. Péitersilich

  • De Péitersilich brengt Frëscheet an een liiten Kregdergoût an d’Fëllung. En harmonéiert goud mam Gehacktes an jëtt der Fëllung eng ausbalancéiert Basis.

7. Ënnen

  • An dënn Ronselen geschnidden sen sie Würzbasis van menger Zoss.

8. Bréit

  • Hei béid sech natiirlech eng goud Randbréit aan. Sie ass Basis vam Sud an deem Rouladen gekooscht jänn an suarigt dofir datt d’Fëllung an den Wirsing zart jëtt an saaftig bleift, während sie na zousätzlich Aromen beisteiert.

9. Panéiermiähl

  • Mam Panéiermiähl bannen ech den Sud. D’Panéiermiähl hëllt die ganz Aromen op an suarigt datt den Sud bëssen mi sämig jëtt.

10. Salz & Peffer

  • Dës 2 Klassiker duarefen natiirlech net fehlen, sie suarigen dofir datt alles goud schmëcht.

Zoubereedung

  • De Knuawelek schiälen ech an hacken en fein.
  • D’Ënn schiälen ech an schnégden se op der Mandoline an dënn Ronselen.
  • De Parmesan reiwen ech op der Këchenreif
  • De Péitersilich wäschen ech, an hacken en fein.
  • Vam Wirsing hualen ech die bausigt Bläder raaf an liissen dann virsichtig d’Bläder raaf, ouni se ze zerappen. Sollt den Stronk ze deck sen kanns du deen ganz raus schnegeden oder su wie ech längs halbéiren fir en mi dënn ze maan.

Ech setzen eent Dëppen mat liit gesalzenem Waasser op an lossen datt opkooschen, do dran blanchéiren ech d’Kappesbläder fir ongeféier 3 Min. bis 4 Min. déi hualen ech raus an schrecken se am kaalen Waasser aaf an lossen se goud aafdrëpsen.

An enger Schossel mëschen ech d’Gehacktes mam Knuawelek, Péitersilich, Salz, Peffer, Paprikapolwer an deem griwene Parmesam, datt mëschen ech goud durich.

1 gouden EL vam Gehacktes op Mëtt vam Wirsingblaad leen, dann Segten anklappen an anrullen su datt eng fest Rull ensteht. Mat engem Zahnstocher, am besten äwer mat Këchenschnouer fixéiren, su datt se beim Kooschen net auserneenfällen.

An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Olivenualeg an brooden do drann Rouladen all rondrëm aan, su datt se Faaref kreien, äwer net verbrennen. Déi hualen ech dann raus an stellen se op Segt.

An der selwischter Pann erhëtzen ech op mëttel Hëtzt na eng kéier bëssen Olivenulage an brooden do dran d’Ënnen aan bis se aafänken Faaref ze kreien.

Subal déi bëssen Faaref han leen ech d’Rouladen rem dran an schëdden d’Bréit drop, déi loossen ech opkooschen, driien d’Hëtzt dann raaf an mat Deckel loossen ech d’Rouladen ongeféier 20 Min. bis 25 Min. kooschen. Schmaaschen an mat Salz an Peffer würzen.

De Panéiermiähl han ech mir firtischt mam Sud an enger klenger Schossel opgeliesst an datt dann an d’Zooss geschott an alles goud vermëscht.

Bei mir sen et Salzgromperen dobäi jänn, goud passt äwer o frëscht gebaaschent Brugd, een gouden Komp Zaloot oder Gromperenpürée.

Tipps

  1. Durich d’Blanchéiren jänn Kappesbläder mëll an sie loossen sech besser rullen. Sollt den Stronk ze deck sen kanns du deen rausschnégden oder su wie ech en längs halbéiren, fir datt en mi dënn an su besser mëll jëtt.
  2. D’Mëschung goud durich mëschen su datt sech sämtlich Zutaten am Gehacktes verdeelen.
  3. Loss dir Zéckt beim aanbrooden van den Rouladen an van d’Ënnen et sollen Röstaromen entstoen watt datt Ganzt na mi herzhaft mëcht.

Varianten

Dengt Gehacktes kanns du zousätzlich na mat gekooschtem Reis oder Polenta mëschen, fir dëst Rezept kanns du do ongeféier 80g hualen an , an liit gesalzenem Waasser mëll kooschen.

Zousätzlichen Goût krëss du na an dengt Gehacktes wanns du kleng gewürfelten Pancetta oder Speck mat drënner mëchs, pass dann just op mam Salzen

Verschidden Regiounen kooschen d’Rouladen an enger Tomatenzooss, sie brengt een fruuchtigen Aroma an dein Menü.

Rambasicci al verza

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virbeedungszeckt

30

Minuten
Koschzekt

25

Minuten

Zutaten

  • 12 gruuss Wirsingbläder

  • 600 g Gehacktes, am besten ongewürzt

  • 1 Ziif Knuawelek, fein gehackt

  • 3 EL Péitersilich, gehackt

  • Salz & Peffer

  • 1 TL Paprikapolwer

  • 50 g geriwene Parmesan

  • 1 Ënn, an dënn Ronselen geschnidden

  • 300 ml Bréit

  • 50 g Panéiermiähl (2 EL – 3 EL)

  • Olivenualeg fir ze brooden

Zoubereedung

  • Van den Wirsingbläder den Stronk rausschnegden oder läng halbéieren fir en mi dënn ze maan. An engem Dëppen setzen ech liit gesalzent Waasser op, subal datt kooscht blanchéiren ech Wirsingbläder do dran fir ongeféier 3 Min. bis 4 Min. Déi schrecken ech am kaalen Waasser aaf an lossen se goud aafdrëpsen.
  • An enger Schossel mëschen ech d’Gehacktes, de Knuawelek, Paprikapolwer, Péitersilich, Salz, Peffer an Parmesan.
  • 1 gouden EL vam Gehacktes op Mëtt vam Wirsingblaad leen, dann Segten anklappen an anrullen su datt eng fest Rull ensteht. Mat engem Zahnstocher, am besten äwer mat Këchenschnouer fixéiren, su datt se beim Kooschen net auserneenfällen.
  • An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Olivenualeg an brooden do dran Rouladen all rondrëm aan bis se Faaref kreien. déi hualen ech raus an stellen se op Segt bis ech se brausch.
  • An der selwischter Pann erhëtzen ech op mëttel Hëtzt rem bëssen Olivenauleg an brooden do dran d’Ënnen aan bis se aafänken Faaref ze kreien.
  • Dann leen ech Rouladen dran an schëdden Bréit drop, déi loossen ech opkooschen, driien Hëtzt raaf an mat Deckel loossen ech d’Rouladen ongeféier 20 Min. bis 25 Min. kooschen. Schmaaschen an würzen mat Salz an Peffer.
  • An enger klenger Schossel liessen ech mam Sud d’Panéiermiähl op an réiren datt an d’Zooss.
  • Bei mir sen et Salzgromperen dobäi jänn, goud passt äwer o frëscht gebaaschent Brugd, een gouden Komp Zaloot oder Gromperenpürée.

2 Comments

  1. Gerard

    Gudden Owend,
    Schéin Websäit mat leckere Rezepter. Ech probéieren geschwënn een aus. Nach méi lëschteg ass, datt d’Lëtzebuergescht ganz ähnlech wéi eisen Achterhoeker Dialekt (Niddersächsesch) ass. Ech ka bal alles liesen a verstoen.
    Mat kulinareschen Gréiss,
    Gerard

    • Guten Abend
      Danke.
      Das freut mich, dass du fast alles verstehst. Solltest du eine Frage haben, oder etwas nicht verstehen meld dich einfach.
      Kulinaresch Gréiss jänn ech zerëck. 🙂
      Josiane

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*