Kappesrouladen 2

Kappesrullen, Kappeswuuschten, gefëllten Kappes, et jiänn vill verschidden Beschreiwungen fir an Kappes gerullten Gehacktes oder Geméiss.

Grondzoubereedung Geméissbläder gefëllt ze garen, jëtt als typisch Däitsch aagesehen. Watt äwer nët ganz zoutrëfft an bal all europäisch Këchen bis an den Orient fënnt een Kappesrouladen. An villen Länner zällt et sougar als Nationalässen.

Am Mëttelalter as Kappesroulad an Mëttel- an Osteuropa aankommen. Well de Kappes eent Geméiss as, datt sech goud an mi kaalen Régiounen kultivéiren lisst, as et eent beléiften Geméiss an Vitaminspender fir de Hiärest an Wanter jiänn.

Deen typischen Charakter van enger Landeskëchen fënnt een am besten bei deen traditionelle Menüer raus. Kappesroulad as do eent goud Beispill. Aagefongen beim Kappes, wäisse Kappes, rugde Kappes, Wirsing oder Wéngbläder, an Osteuropa jiän et Regiounen do jiän gesäiert Kappesbläder geholt. Bei der Fëllung, van Vegetarisch bis hin zu Fëllungen mat Schwéngs-, Rand- oder Lammgehacktes, mat Reis oder Brugd, die verschidden Krégder an Gewürzer. An et sen Ënnerscheeder an der Garmethoud; geschmoort, gekooscht, gedämpt oder am Schäffchen gegaart.

Kappesrouladen 2

Rezept von JosianeSchwierigkeit: mëttel
Virbereeungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

2

Stunden 

Watt brausch ech?

  • 1 wäisse Kappes

  • 100 g Räis

  • 500 g Gehacktes

  • 1 gehackten Ënn

  • 2 gepressten an gehackten Ziiwen Knuawléck

  • 1 Bott Péitersilich

  • 1-2 EL Tomatenpürée

  • 1 EL Essig

  • 3 EL Ualeg

  • 0,5 TL Paprikapolwer

  • 0,5 TL Kreuzkümmel (Cumin)

  • 0,5 TL Muskot

  • 1 TL Canelle

  • 1 TL Peffer

  • 1 TL Majoran

  • 1 EL Salz

  • evtl. paar Fädem Safran

  • Fir Zooss
  • 750 ml Waasser

  • 1 EL Sojazooss

  • 3 EL Tomatenpürée

  • 3 EL Ualeg

  • 0,5 TL Paprikapolwer

  • 1 TL Salz

  • 1 TL Peffer

  • evtl. paar Fädem Safran

Wie jëtt gekooscht

  • Vam Kappes de Stronk rausschnegden an en an kooschend Salzwaasser leen, ongeféier 5 Min. blanchéiren dann die baussecht 12-16 Bläder liesen. Hängt ëmmer van der griist van den Bläder aaf wievill Bläder een liesen kann.
  • De Reis grëndlich aafwäschen, Waasser soll kloer sen. Ongeféier 30 Min. am kaalen Waasser quellen loossen.
  • Gehacktes, de Reis, die ganz Gewürzer, Krégder, den Essig, Tomatenpürée an Ualeg goud vermëschen.
  • Die eenzel Kappesbläder hualen, deen mi decken Rest vam Stronk raus schnegden an Gehacktes an den Bläder anrullen, wie deck datts du den Rouladen mëchs musst du kucken wie gruuss dengt Kappesblaad as, ech han hei ganz dënn Rullen gemaat.
  • De Schiäffchen op 200 °C virhëtzen.
  • Fir Zooss, alles an enger Schossel goud vermëschen an iwert Rouladen schëdden su datt se bis aant Halschent an der Zooss leien.
  • Am waarmen Schiäffchen an 1,5 bis 2 Stonnen schmoren loossen, ëmmer rëm kontroléiren datt se net ausdrëchnen an bëssen Zooss nooschëdden.

Notiz

  • Du kanns o Courgetten mat dëser Gehacktes mëschung Fëllen.

Mat der selwischter Hackmëschung kann een o Tomaten fëllen, 1 Stonn bei 160° am Schiäffchen, Gouden Apetit.

gefëllten Tomaten

Akooschen Baaschen Basilikum Botter Brugd Bungenkrogt Bärlauch Courgetten Curry Dip Essig Fleesch Gefligel Geméiss Gewürz Gewürzmëschung Grillen Gromperen Gréin Bungen Kalef Knuawléck Krégder Muurten Olivenualeg Paprika Pasta Peffer Pesto Pizza Poulet Randfleesch Reis Rosmarin Réckbléck Salz Sauerdeeg Spargelen Speck Tomaten Wuuscht Zaloot Zocker Zooss Zoossenfond Zopp

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*