Well ech van mengen Kappesrouladen na Kappes iwereg haat, an o na Courgetten am Frigo woren han ech mol een vegetarischen Gratin gemaat.
Kappes-Courgetten-Gromperengratin
Schwierigkeit: einfasch4
30
Minuten1
StundeWatt brausch ech?
1 gehackten Ënn
300 g wäisse Kappes
Saaft van enger halwer Zitroun
400 ml Pelati (kleng Béchs Tomate pelée)
Salz, Peffer, bëssen Kümmel
1 Courgette
200 g Gromperen
1 TL herbes de provence
200 g geraspelten Kiis fir ze iwerbaaschen
Wie jëtt gekooscht
- Ënn an enger waarmer Pann aanbrooden an liit karameliséiren.
- De Kappes kleng schnegden, an mat aanbrooden. Zitrounensaaft ënnermëchen. Salzen
- Tomaten drënner mëschen, würzen an zougedeckt op niddreger Hëtzt 30 Min. schmoren loossen.
- Courgetten schiälen an dënn Scheiwen schnegden.
- Gromperen schiälen an dënn Scheiwen schnegden
- De Schiäffchen op 180°C virhetzen
- Eng feierfest Form anfetten, an eng Schischt Gromperenscheiwen ënnen dran leen. Dann eng Schicht Courgettenscheiwen drop leen, bëssen salzen. Kappesmëschung drop verdeelen, an rëm mat enger Schicht Courgetten an Gromperen aafschléissen.
- Herbes de provence an de Kiss driwer verdeelen. Am waarmen Schiäffchen ongeféier 1 Stonn iwerbaaschen. Evtl zum schluss Sëlverpapeier driwer leen net datt den Kiis verbrennt.
Notiz
- Ech han Mozzarella driwer gemaat, kann een äwer all anner Zort Kiis hualen fir ze iwerbaaschen. Oder et hëllt een Panéiermiähl, denk dann äwer draan fir paar Botterflocken om Panéiermiähl ze verdeelen.

Akooschen Baaschen Basilikum Botter Brugd Bungenkrogt Bärlauch Courgetten Curry Dip Essig Fleesch Gefligel Geméiss Gewürz Gewürzmëschung Grillen Gromperen Gréin Bungen Kalef Knuawléck Krégder Muurten Olivenualeg Pasta Peffer Pesto Pizza Poulet Randfleesch Reis Rosmarin Réckbléck Salz Sauerdeeg Spargelen Speck Tomaten Wuuscht Zaloot Zitroun Zocker Zooss Zoossenfond Zopp