Herbes de Provence, Kräuter der Provence

Krégder aus der Provence

Krégder aus der Provence as eng Gewürzmëschung, déi hiren Ursprong an der Provence am Südosten van Frankreich hat. Dës aromatisch Mëschung besteht aus verschiddene gedrëchenten Krégder:

  1. Aromatisch Palette: Krégder aus der Provence enthalen eng Mëschung aus Krégder wie Rosmarin, Bungenkrogt, Oregano, Thymian an Basilikum, verschidden Mëschungen mëschen o na Lavendel drënner. Dës Mëschung jëtt all Ässen een deiwen an komplexen Aroma.
  2. Geschmaachsverbesserung: Dës Krégder jiän all Zopp, all Zooss, all Broot oder Geméiss een onverwiässelbaren Geschmaasch an ronnen d’Aromen am Ässen harmonisch aaf.
  3. Aafwiesslungsreich: Dës Mëschung eegnet sech fir eng ganz brred Palette an Menüer, van Fleesch an Fësch bis zu vegetarischen Optiounen.
  4. Lang Haltbaarkeet: Well et sech ëm gedrëchent Krégder handelt as dës Mëschung lang haltbar, an kann einfasch an engem zouene Glas an der Këchen opbewahrt jiänn.

Krégder aus der Provence jiän gehollt fir gegrilltent Fleesch, Gefligel, Fësch, Geméiss an Ratatouille ze würzen, sie berreicheren all Ässen. D’Ässen krëtt mat der Mëschung een mediterranen Aroma an Krégder sen een wichtigen Bestandeel van der fransiischer Këchen. Dës Mëschung fënns du an all Buttik, du kanns äwer o selwer deng indivduell Mëschung zoubereeden, an deems du die verschidden Krégder su mateneen kombinéieren bis se dengem Goût entspréchen.

Meng Mëschung besteht aus:

  • 1 EL gedrëchenten Rosmarin
  • 1 EL gedrëchent Bungenkrogt
  • 1 EL gedrëchenten Oregano
  • 1 TL gedrëchentenThymian
  • 1 TL gedrëchenten Basilikum
  • 0,5 TL gedrëchenten Lavendel

Dës Mëschung jëtt all Ässen een erdigen, würzigen, liit Séissen an Lavendel-Aroma. Krégder aus der Provence sen eng wonnerbar Miilechkeet, dengem Ässen een liiten mediterranen Charme ze jiänn. Sie sen an villen Këchen weltwegt beléift an kannen eng Bereicherung fir dengt kulinarischt Abenteur sen.

Du kanns die Mëschung o mat frëschen Kregder aus dem Gaard maan.

  • 10 g Rosmarin
  • 10 g Oregano
  • 10 g Bungenkrogt
  • 10 g Thymian

Domat kanns een würzigen Ualeg maan. Oder Kregder an engem goude wäisse Wéngessig annleen an su een Würzessig maan.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*