Poulet Ratatouille

Hogt hualen ech dech mat an weisen dir wie ech Poulet Ratatouille zoubereeden. Et ass eng kulinarisch Réis an Südfrankreich, an ass eng wonnerbar Kombinatioun aus zartem Pouletfleesch an deem aromatischen Eintopf Ratatouille.

Ratatouille hat seng Wuurzelen an der provenzialischer Këchen am süden van Frankreich. Ursprünglich wor Ratatouille eent Baurenässen, datt aus frëschen Saisonalen Zutaten zoubereed jänn ass. D’Kombinatioun aus Tomaten, Courgetten, Auberginen, Paprika, Krégder an Gewürzer jänn dësem Ässen sein onverwiässelbaren aromatischen Geschmaasch. Wie mat alle Rezepter hat o d’Ratatouille sech vriaan entwéckelt an jëtt weltwégt an verschidden Varianten zoubereed. Poulet Ratatouille ass eng beléift Interpreatioun van dësem klassischen Ässen.

Poulet Ratatouille

Fir datt mein Menü gelengt hualen ech Pouletfilet, du kanns äwer o een Poulet hualen, deens du dann zerdeels, Pouletstrempelen, Pilon oder sugar Chickenwings. Dann brengen ech mir na Courgetten, Tomaten, Auberginen an Papika mat.

An menger Reserve doheem han ech Botterschmalz, Krégder aus der Provence, Pelati, Ënnen, Knuawléck, Salz an Peffer. An well ech aus dësem Menü een One Pot maan o na Gromperen.

Asserdeem brausch ech na eent schareft Messer, eent Schnégdbrett, eng Gossenpann an den Schiäffchen.

Zoubereedung

D’Fleesch salzen ech an loossen et bei Raumtemperatur op mannst eng halef Stonn durichzéien, am besten natiirlech owert Nait am Frigo.

Geméiss wäschen ech, halbéiren an schnégden alles an dënn Halefscheiwen. De Knauwléck schiälen ech an hacken en fein. Gromperen jänn geschiält, halbéiert an, an dënn Halefscheiwen geschnidden. De Paprika entkären ech an schnégden en an dënn Streifen.

An enger waarmer Gossenpann erhëtzen ech bëssen Olivenualeg an een schnatt Botter an brooden d’Fleesch all rondrëm goldbong aan Fleesch pefferen, datt hualen ech raus an stellen et op Ségt.

An der selwischter Pann brooden ech op mëttel Hëtzt d’Ënnen aan bis aafänken Faaref ze kreien, dann mëschen ech den Knuawléck drënner an brooden deen kuurz mat aan.

Als nächst mëschen ech Gromperen drënner an brooden déi ongeféier 5 Min. aan. bis se aafänken liit Faaref ze kreien.

De Schiäffchen op 200°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.

Dann mëschen ech Courgetten, d’Auberginen an die frësch Tomaten drënner an brooden alles fir 5 Min.

Wann alles aangebrooden ass, schëdden ech den Pelati drop, driien Hëtzt rop an lossen alles opkooschen, würzen mat Salz, Peffer an Krégder aus der Provence.

INFO: Hëlls du Tomaten aus der Béchs, evtl bëssen Waasser mat dobäi schëdden. Mein Pelati ass selwer gemaat an deen ass mi Flëssig.

Ech leen dann den Poulet drop an setzen datt Ganzt ouni Deckel ongeféier 20 Min. bis 25 Min. an deen waarmen Schiäffchen.

INFO: Mat Kiis iwerbaaschen schmëscht et natiirlech na besser. Hual dofir Parmesan, Gruyère oder deen Kiiss, deen dir am besten schmëscht.

Watt kann ech dobäi zervéiren?

  1. Gromperen: Du kanns Gromperen o fort loossen an separat Brootgromperen, Gromperenpürée oder gebaaschen Gromperen dobäi kooschen.
  2. Reis: Am Platz van den Gromperen kooschs du Reis dobaï, wie z.B. een Pilawreis, türkischen Reis oder een Risotto De Reis hëllt Aromen van dësem Menü op.
  3. Bulgur: Een wegderen Kär, deen goud mat der mediterraner Këchen harmonéiert. Bulgur as liit zouzebreeden an jëtt dësem Menü eng angenehm Textur.
  4. Zaloot an Baguette: Een frëschen Komp gemëschten Zaloot an am Schiäffchen geréiestert Baguette, mi brausch et net fir satt ze jiänn.

Beilaagen hänken ëmmer van dengem perséinlichen Geschmaasch aaf. Probéier verschidden Optiounen aus, fir raus ze fannen watt dir am besten schmëcht.

Pouletfilet Provençale

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virberreedungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

20

Minuten

Zutaten

  • 4 Pouletfilet

  • 2-3 EL Botterschmalz

  • 2 Ënn, an dënn Streifen geschnidden

  • 4 Ziiwen Knuawléck, fein gehackt

  • 4-6 deck Gromperen, an dënn Halefscheiwen geschnidden

  • 1 Courgette, an dënn halefscheiwen geschnidden

  • 1 Aubergine, an dënn Scheien geschnidden

  • 4 Tomaten, gewürfelt an entkärten

  • 400 g Pelati, 1 Béchs

  • 2-3 TL Krégder aus der Provence

  • Salz & Peffer no Geschmaasch

  • fir Garnitur, frësch gehackten Péitersilich

Zoubereedung

  • Fleesch salzen an eng halef Stonn bei Raumtemperatur durich zéien loossen.
  • An enger waarmer Pann Botterschmalz erhëtzen an d’Fleesch all rondrëm goldbrong aanbrooden. Raus hualen an op Ségt stellen.
  • An der selwischter Pann op mëttel Hëtzt d’Ënnen aanbrooden bis se Faaref kreien.
  • Als nächst den Knuawléck ënnermëschen an kuurz mat brooden.
  • De Schiäffchen op 200°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.
  • Gromperen ënnermëschen an su lang brooden bis se aafänken Faaref ze kreien. Liit salzen
  • Courgetten, Auberginen an die frësch Tomaten ënnermëschen an mat brooden.
  • De Pelati drop schëdden, Hëtzt rop driien an opkooschen loossen. Mat Salz, Peffer an Krégder aus der provence würzen.
  • Fleesch drop leen an am waarmen Schiäffchen omgeféier 20 Min. bis 25 Min. ouni Deckel brooden.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*