Salisbury Steak

Wëllkommen an mengem kulinarischen Eck, hogt bereeden ech een amerikanischen Klassiker zou: Salisbury Steak. Dëst herzhaft Rezept hat seng Wuurzelen am 19ten Joerhonnert an hat sein Naam vam Dr. James H. Salisbury, deen dësen Menü als Deel van engem Protinreichen Regime erfond hat. Ursprünglich als gesondheetlichen Root gedeit, hat sech dëst Ässen zu engem Liebling an der Hausmannskoost entwéckelt. Mat saaftigem Randsgehacktes, herzhaften Ënnen an enger deftiger bronger Zooss ass Salisbury Steak eent richtigt “Comfortfood”.

Zutaten fir mein Salisbury Steak

Wie ëmmer steht als ischt den Ankoof om Plang, vam Metzler brengen ech mir ongewürztent Randsgehacktes mat. Dann brausch ech na Ënnen, Knuawléck, Salz, Peffer, Oregano, Panéiermiähl, Péitersilich, Worecestershiresauce, Olivenualeg, Tomatenpürée, Thymian, Miähl an Randsbréit. Wanns du wëlls kanns du dir o na Kooschelen mat brengen, ech haat déi lo vergeess, su datt mein Menü ouni ass.

Dann brausch ech na eng Schossel, eent schareft Messer, eent Schnégdbrett, eng Pann, an een Holzeläffel.

Zoubereedung

Eng Ënn an den Knuawkléck schiälen ech an hacken se ganz fein, watt alles mi fein gehackt ass watt sech den Geschmaasch am Gehacktes besser verdeelen kann. Die anner Ënn schiälen ech an schnégden se an dënn Streifen. Wanns du Kooschelen dobäi mëchs, déi botzen an an dënn Scheiwen schnégden.

An enger Schossel Mëschen ech Panéiermiähl mat 2 EL Olivenualeg, dem Salz, Peffer an dem Oregano. Datt schëdden ech op Gehacktes, maan dann na eent Ei mat dran an vermëschen alles goud. Just su lang verkniädden bis alles goud vermëscht ass. Aus dem Gehacktes formen ech dann länglich Bouletten ongeféier 2 cm déck.

An enger waarmer Pann erhëtze ech bëssen Olivenualeg an brooden Bouletten do dran all rondrëm bis se durich gar sen, déi hualen ech dann raus an stellen se op Ségt bis ech se brausch.

An der selwischter Pann brooden ech op mëttel Hëtzt d’Ënnen aan loossen se karameliséiren. Optional: Kooschelen mat brooden. Subal déi sching brong gebrooden sen mëschen ech den Tomatenpürée drënner an réisteren deen mat aan. Dann stëppsen ech alles mat Miähl an, vermëschen alles goud an schëdden Bréit drop. Goud réiren su datt keng Klëmpercher entstinn. Zooss opkooschen loossen, schmaaschen an mat Salz, Peffer, Thymian an Worecestershiresauce würzen.

INFO: Hei béid sech natiirlech eng goud Randsbréit aan, fir deen besten Geschmaasch ze kreien, du kanns äwer o all anner Bréit notzen fir Zooss ze kooschen.

Hëtzt raaf driien an den Mostert ënnermëschen. Hacksteaks ant Zooss leen an ongeféier 10 Min. an der Zooss wiärmen, bis Zooss angedéckt an Bouletten saaftig sen.

Tipps

  1. Hual am besten frëscht Randsgehacktes mat engem Fettaandeel van 20%, datt suarigt fir saaftig Bouletten. Ech mëschen dofir ëmmer bëssen Olivenualeg mat drënner.
  2. Panéiermiähl an d’Ei hëleft datt d’Bouletten zesaammenhalen, alternativ kanns du eent an Mëlich angeweechtent Brigdchen hualen oder Haferflocken.
  3. Kuck ëmmer datt deng Pann gléidig ass befirs du irgendjätt dran mëchs, et verhënnert datt Fleesch zevill aanpëscht an Bouletten kreien eng sching brong Krust.
  4. Gedold ass ëmmer den Schlëssel fir eent goud Ergebnis, hual dir Zéckt fir d’Miähl goud mat deen anneren Zutaten ze vermëschen, datt verhënnert datt sech Klëmpercher bilden an suarigt fir eng cremig Konsistenz.

Beilaagen

Wanns du dir lo Froosch stells watts du dobäi zervéiren kanns, richtig gou passt natiirlech Gromperenpürée, du kanns äwer o Reis oder Nuddelen dobäi kooschen. Ganz goud harmonéiert dësen Menü o mat Bottergeméiss an natiirlech all verschidden Zort Gromper, wie z.B. Salzgromper, gebrooden Gromperen, Fritten oder Gromperen aus dem Schiäffchen.

Salisbruy Steak

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

30

Minuten

Zutaten

  • 700 g Randsgehacktes

  • 2 Ënnen, eng gehackt an die anner an dënn Streifen geschnidden

  • 2 Ziiwen Knuawléck, fein gehackt

  • 1 Ei

  • 3 EL Panéiermiähl

  • gehackten Péitersilich

  • Salz

  • schwarze Peffer

  • 2 TL gedrëchenten Oregano

  • Olivenualeg

  • 1 El Tomatenpürée

  • 1 EL Miähl

  • 500 ml Randsbréit

  • 1 Tl gedrëchenten Thymian

  • 1 EL Worecestershiresauce

  • 1 TL Dijon-Mostert

Zoubereedung

  • An enger Schossel mëschen ech d’Panéiermiähl, mam Salz, Peffer, Oregano, 2-3 EL Olivenualeg an 2 EL gehackten Péitersilich. Datt schëdden ech op Gehacktes, schloen eent Ei drop an vermëschen alles goud mateneen. Wann alles goud vermëscht ass formen ech (5-6) oval Bouletten ongeféier 2 cm déck.
  • An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Olivenualeg an brooden Bouletten do dran aan bis se durich gar sen. Datt dauert ongeféier 6 Min. bis 7 Min. Déi hualen ech raus an stellen se op Ségt bis ech se brausch.
  • An der selwischter Pann brooden ech d’Ënnen op mëttel Hëtzt aan an loossen se karameliséiren. Subal déi sching brong sen, mëschen ech den Tomatenpürée drënner an réisteren deen mat aan. Dann stëppsen ech alles mat Miähl an, vermëschen alles goud mateneen an schëdden Randsbréit drop. Alles goud vermëschen an Zooss opkooschen loossen an mat Salz, Peffer, Thymian an Worecestershiresauce würzen.
  • D’Hëtzt raaf driien, den Mostert ënnermëschen. D’Bouletten ant Zooss leen an 10 Min. wiärmen bis Zooss angedéckt ass an d’Bouletten saaftig sen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*