Courgettenzopp

INFO: Dachs hat een de Problem, datt viran allem Zopp aus gréinem Geméiss batter schmaaschen kann, watt heleft, Geméiss schiälen, an der Schaal setzen die meest Batterstoffer.

Watt na hëleft, Zopp mat Zocker, Zitrounensaaft oder Essig aafschmaaschen.

Virbereedungszéckt: 20 Min.

Kooschzéckt: 40 Min.

Fir ongeféier 3 L brauschst du?

  • 1 kg zerklengerte Courgetten
  • 350 g an graff Würfel geschnidden Gromperen
  • 2 L Geméiss- oder Fleeschbréit
  • 200 ml Rahm
  • Salz & Peffer
  • evtl. bëssen Zitounensaaft, Essig oder Zocker

zusätzlich brauchst du een Püréierstaaf an eng Passette.


Wie jëtt gekooscht?

D’Courgetten an d’Gromperen an 1,5L Bréit an 30 Min. mëll kooschen. Püréiren an durich eng Passette sträichen.

De Rest Bréit drop schëdden an na eng kéier opkooschen loossen.

Rahm ënnerréiren. Schmaaschen evtl. nowürzen.

evtl. bëssen Zitrounensaaft, Essig oder Zocker ënnermëschen.

Als Garnitur kanns du hei kleng an am Botter geschwenkten Brugdcroûtons dran maan.


Courgetten-Velouté

Fir ongeféier 3L brauschst du?

Fir den Velouté:

  • 1,5 L kooschend Geméiss- oder Fleeschbréit
  • 50 g Botter
  • 60 g Miähl
  • Peffer & Salz

Fir Zopp:

  • 500 g Courgette
  • 1,5 L Velouté
  • 600 ml Geméiss- oder Fleeschbréit
  • Peffer & Salz
  • 200 ml Rahm
  • 4 Eijäll
  • evtl. bëssen Zitrounensaaft, Essig oder Zocker

zousätzlich brauschst du een Püréierstaaf an eng Passette.


Wie jëtt gekooscht?

Fir den Velouté:

Botter an engem waarmen Dëppen erhëtzen. Miähl ënnerréiren an su en helle Roux kooschen. Hëtzt net ze hii driien, soss kann et passéiren datt Zopp net richtisch bënnt. Ongeféier 5 Min. ausschweessen subal den Goût vam riien Miähl fort as, as den Roux färdeg. Aafkéilen loossen.

Die kooschend Bréit op deen kaalen Roux schëdden an ënner stännigem réiren opkooschen loossen. Hëtzt raaf driien an de Velouté 25-30 Min. op niddreger Hëtzt kooschen loossen. Ëmmer rëm dran réiren. Schmaaschen an würzen. Durich Passette schëdden.

Fir Zopp:

D’Courgetten kleng schnegden, an am Salzwaasser mëll kooschen.

D’Courgetten aafschëdden an bëssen vam Kooschwaasser halen. D’Courgetten mam Püréierstaaf püréiren, bëssen vam Kooschwaasser mat dran schëdden, de Pürée kann mi flëssig bleiwen.

Velouté mat 500 ml Courgettenpürée an der Bréit opkooschen loossen. Schmaaschen, evtl. noowürzen. Zopp durich eng Passett sträichen.

Evtl. bëssen Zitrounensaaft, Zocker oder Essig ënnerréiren.

Rahm mam Eijäll goud vermëschen an ant Zopp schëdden. Ënner stännigem réiren wiärmen, an subaal Zopp aanfänkt mat bannen. Hëtzt raaf driien.


Courgetten-Rahm-Zopp

Fir ongeféier 3 L brauchst du?

Fir Béchamel:

  • 50 g Botter
  • 60 g Miähl
  • 1,5 L kooschend Mëlich
  • Peffer & Salz

Fir Zopp:

  • 500 ml Courgettenpürée
  • 1,5 L Béchamel
  • 600 ml Geméiss- oder Fleeschbréit
  • 200 ml Rahm
  • Salz & Peffer
  • evtl. bëssen Zitrounensaaft, Essig oder Zocker

zousätzlich brauschst du een Püréierstaaf an eng Passette.


Wie jëtt gekooscht?

Fir Béchamel:

Botter an engem waarmen Dëppen erhëtzen. Miähl ënnerréiren an su en helle Roux kooschen. Hëtzt net ze hii driien, soss kann et passéiren datt Zopp net richtisch bënnt. Ongeféier 5 Min. ausschweessen subal den Goût vam riien Miähl fort as, as den Roux färdeg. Aafkéilen loossen.

Die kooschend Mëlich op deen kaalen Roux schëdden an ënner stännigem réiren opkooschen loossen. Hëtzt raaf driien an d’Béchamel 25-30 Min. op niddreger Hëtzt kooschen loossen. Ëmmer rëm dran réiren. Schmaaschen an würzen. Durich Passette schëdden.

Fir Zopp:

De Courgettenpürée su zoubereeden wie et bei der Veloutézopp beschriwen as.

Béchamel mam Courgettenpüréé an der Bréit opkooschen loossen. Passéiren Schmaachen evtl. noowürzen.

Zopp evtl. mat Zitrounensaaft, Zocker oder Essig aafschmaaschen.

Rahm ënnerréiren. Hëtzt raaf driien.

Basilikum Bärlauch Dip Essig Gehacktes Gewürz Grillen Pasta Rahm Reis Rosmarin Salz Sauerdeeg Sellerie Speck Tomaten

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*