Dofir hualen ech:
- Muurten
- Frühlingszwibbelen
- Knuawléck
- wäisse Wéngessig
- Olivenualeg
- Zitrounensaaft
- Dill
- Salz & Peffer
Zoubereedung
as gar nët su schwéier. Muurten han ech geschiällt, an dann mam Sparschiäller, mir han ëmmer Muurtenschappert dozou gesoot, dënn lang Scheiwen raaf geschnidden. Du kanns äwer o ganz einfasch nëmmen Ronselen oder Würfelen schnegden.
Déi han ech dann ganz kuurz am kooschende Salzwaasser blanchéiert. Aafgeschott an auskéilen gelooss, einfasch bëssen auserneen leen dann geht datt mi siier, su mussen o net äiskaal sen.
Als nächst han ech Frühlingszwibbelen an fein Ronselen geschnidden, den Knuawléck mat bëssen Salz fein zerriwen an den Dill gehackt.
Fir Zooss han ech den Essig, Olivenualeg an den Zitrounensaaft goud mateneen vermëscht, dann han ech Frühlingszwibblen, den Dill an den Knuawléck ënnergemëscht. Alles mat Salz an Peffer aafgeschmaascht an iwert Muurten geschott.
Goud vermëschen an 15 Min. durich zéien loossen.
Muurtenzaloot
Schwierigkeit: einfasch4
15
MinutenZutaten
700 g Muurten
Saaft van enger Zitroun
4 EL Olivenualeg
2 EL wäisse Wéngessig
4 an fein Ronselen geschnidden Frühlingszwibbelen
1 gehackten Ziif Knuawléck
0,5 Botte gehackten Dill
Salz & Peffer
Zoubereedung
- Muurten schiälen an mam Sparschiäller an dënn lang Scheiwen schnegden, oder einfasch an Ronselen schnegden.
- Am kooschende Salzwaasser kuurz blanchéieren an aafkéilen loossen.
- Fir Zoss, Olivenualeg, Zitrounensaaft an Wéngessig mateneen verréiren.
- Frühlingszwibbelen, Knuawléck an den Dill ënnermëschen, würzen an schmaaschen.
- Iwert Muurten schëdden an 15 Min. durich zéien loossen.
Basilikum Bärlauch Dip Essig Gehacktes Gewürz Grillen Pasta Rahm Reis Rosmarin Salz Sauerdeeg Sellerie Speck Tomaten