Putengeschnetzeltes mat Courgetten an gedrëchent Tomaten

Mengt Putengeschnetzeltes mat Courgetten an gedrëchent Tomaten ass eent richtigt Lieblingsrezept an gar net su komplizéiert ze kooschen. Dëst Rezept mat zartem Putenflësch, Courgetten an gedrëchent Tomaten an enger cremiger Zooss, zervéiert mat enger Beilaag denger Wiäll ass et een idealt Alldaagsrezept, datt einfasch zouzebreeden ass an äwer een beandrockende Geschmaasch hat.

Zutaten fir mengt Putengeschnetzeltes

Fir dëst Rezept brauchst du gar net suvill Zutaten an paar van den Liäwensmëttel has du bestëmmt doheem an denger Spënchen stoen. Et ass eent goud Mëttigässen datt net komplizéiert ze kooschen ass.

  • Putenfleesch: ech koofen meestens Schnitzelen an schnégden se selwer an dënn Streifen. Alternativ kanns du o färdigt geschniddent Geschnetzeltes koofen.
  • Courgetten: Déi jänn am besten wann se viraam kooschen gesalzt jänn, fir datt iwerschëssigt Waasser aaffléissen an evtl. Batterstoffer mat ausgespéilt jänn. Denk äwer draan se viraam kooschen oder brooden ënner fléissendem Waasser aafzewäschen.
  • gedrëchent Tomaten: dës Kéier han ech meng gedrëchent Tomaten vam Marché Provençale mat breit.

Zousätzlich brausch ech dann na Ënnen, Knuawléck, italienisch Krégdermëschung, Zitrounsaaft, Tomatenpürée, Gewürzer, Olivenualeg, Rahm an Bréit. Bei dësem Menü béid sech natiirlech eng selwer gekooschten Houhnerbréit aan, mais ganz einfasch an mi siier han ech eng Bréit aus menger Geméisspast gezaubert.

Einfasch Zoubereedung fir mengt Putengeschnetzeltes

Die genau Mengenangaben fir dëst Rezept fënns du ënnen op der Ségt an menger Rezeptkaart

D’Fleesch schnégden ech an dënn Streifen an leen et zesaammen mat bëssen Olivenualeg, dem Zitrounensaaft, den Italienischen Krégder, gehackten Ënnen an Knuawléck, Salz an Peffer an eng Schossel. Vermëschen alles goud an setzen et fir ongeféier 2 Stonnen zougedeckt an den Frigo. Am besten ass et natiirlech ëmmer d’Fleesch iwert Nait ze marinéiren.

Courgette wäschen ech grëndlich ënner kaalem Waasser, halbéiren se längs an schnégden se an dënn Halefronselen, déi leen ech an Sei an vermëschen se mat bëssen Salz an ech loossen se eng goud halef Stonn durichzéihen. Su kann iwerschëssigt Waasser an evtl. Batterstoffer ausgespéilt jänn. No der halwer Stonn wäschen ech se ënner fléissendem kaalen Waasser aaf an loossen se goud aafdrëpsen.

Die gerdrëchent Tomaten halbéiren ech, du kanns se äwer o an fein Streifen schnégden.

D’Ënnen an den Knuawléck schiälen ech, eng Ënn hacken ech fein fir Marinade vam Fleesch an die anner schnégden ech an dënn Streifen. De Knuawléck hacken ech fein an d’Halschent mëschen ech mat ënnert Marinade.

An 500 ml waarmem Waasser liesen ech 2 TL bis 2,5 TL van menger Geméispast op. Do dran liesen ech o den Tomatenpürée op.

D’Fleesch hualen ech fréi genou aus dem Frigo, fir datt et vriaam brooden Raumtemperatur aanhualen kann.

An engem waarmen Dëppen oder Pann erhëtzen ech bëssen Olivenualeg an brooden d’Fleesch op mëttel Hëtzt all rondrëm aan, wann datt vill Fleesch ass maan ech datt an Etappen, d’Fleesch soll brooden an net dënsten. Datt hualen ech raus an stellen et op Ségt bis ech et brausch.

A deem selwischten Dëppen brooden ech op mëttel Hëtzt déi an Streifen geschnidden Ënnen aan, bis se aafänken Faaref ze kreien. Dann mëschen ech den Knuawléck drënner an subal deen aafänkt mat rauschen schëdden ech Courgetten an die gedrëchent Tomaten dobäi. Datt loossen ech ongeféier 10 Min. dënsten an schëdden dann Bréit mam Tomatenpürée drop. Datt loossen ech opkooschen, driien Hëtzt dann rëm raaf an ech loossen Bréit ongeféier bis op d’Halschent reduzéiren. Schmaaschen an würzen.

Zum Schluss schëdden ech dann na Rahm dran an mëschen d’Fleesch mat drënner, datt loossen ech dann ongeféier 10 Min. durichzéien, schmaaschen an würzen evtl. na mat Salz, Peffer an italienischen Krégder no.

Mat frësch gehacktem Péitersilich garnéiert zervéiren.

Beilaagen fir mengt Putengeschnetzeltes mat Courgetten an gedrëchent Tomaten

Ech han Gromperen aus dem Schiäffchen dobäi gemaat, gewürzt mat enger Mëschung aus Salz, Peffer, Paprikapolwer an Thymian. Goud passt äwer o Reis, Risotto, Genuddels, die einfasch Salzgromper, Brootgromperen, Fritten oder eng einfasch gemëschten Zaloot mat frëscher Baguette.

Varianten

  1. Am Platz van der Rahm kanns du o Stoffi hualen, oder fir et na mi mediterran ze maan du hëlls Ricotta, su jëtt Zooss na mi crémig an krëtt mi een mëllen Geschmaasch.
  2. Mësch zum Schluss bëssen Feta an Oliven mat drënner fir an die griechisch Richtung ze goen.
  3. Has du et jären mat mi Feier, kanns du schareft Paprikpolwer an gebrooden Chorizowürfelen mat drënner mëschen.

Putengeschnetzeltes mat Courgetten an gedrëchent Tomaten

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virbereedungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

30

Minuten

Zutaten

  • 800 g Putengeschnitzelen oder färigt geschniddent Geschnetzeltes

  • Olivenualeg

  • Salz

  • Peffer

  • 2-3 Tl italienisch Krégdermëschung

  • Saaft van 0,5 Zitroun

  • 2 Ënnen, 1 gehackt die anner an dënn Streifen geschnidden

  • 2 Ziiwen Knuawléck, gehackt

  • 1 Courgette

  • 150 g gedrëchent Tomaten, Halbéiert

  • 500 ml Bréit

  • 2 EL Tomatenpürée

  • 200 ml Rahm

  • bëssen gehackten Péitersilich fir Garnitur

Zoubereedung

  • An enger Schossel mëschen ech 4-5 EL Olivenualeg mat 2 TL italienisch Krégdermëschung, Salz, Peffer, Zitrounensaaft, der gehackten Ënn an der Halschent vam gehackten Knuawléck. Do leen ech d’Fleesch dran an setzen et fir goud 2 Stonnen zougedeckt an den Frigo.
  • D’Fleesch fréih genou aus dem Frigo hualen fir datt et viraam brooden Raumtemperatur aanhualen kann.
  • An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Olivenauleg an brooden d’Fleesch all rondrëm op mëttel Hëtzt aan. Raus hualen an op Ségt stellen.
  • An der selwischter Pann brooden ech op mëttel Hëtzt d’Ënnen bis se aafänken Faaref ze kreien, dann mëschen ech den Knuawléck drënner an subal deen aafänkt mat rauschen mëschen ech Courgetten an die gedrëchent Tomaten drënner, datt loossen ech ongeféier 10 Min. op mëttel Hëtzt brooden.
  • An der Bréit liesen ech den Tomatenpürée op an schëdden datt bei d’Geméiss ant Dëppen, datt loossen ech opkooschen, driien Hëtzt dann rëm raaf an loossen Bréit bis ongeféier op Halschent reduzéiren. Schmaaschen an würzen.
  • Als nächst schëdden ech d’Rahm dobäi, leen d’Fleesch dran an ech loosen alles ongeféier 10 Min. durichzéien, schmaaschen an würzen evtl. na bëssen no.
  • Mat frësch gehacktem Péitersilich zervéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*