op Basis van Mayonnaise an Rahm
Een ganz einfaschen Dressing, deen goud op Gromper- an Nudelszaloot schmëscht äwer o op enger knackiger Zaloot. Natiirlech kann een desen Dressing mat vill Gewürzer an Kregder verfeineren.
Watt maan ech an desen Dressing
- Mayonnaise, wanns du Zéckt has dann maan frësch Mayonnaise. Fir bëssen anneren Goût an den Dressing ze kreien kanns du Mayonnaise o mat Olivenualeg maan.
- Essig, hei kanns du o op een Würzessig zereckgreifen.
- Zitrounensaaft
- Rahm
- Meerrettich, wanns du frëschen has, hual deen, pass just op wanns du en raspels, Tringen loofen ob’s du wells oder net. Firaan Joeren, op engem Bal, wor eng kéier een ganz Schlauen deen mat Tringengas gespillt hat. Frëschen Meerrettich raspelen féilt sech genausu aan 😉 .
- Worecestershiresauce
- Schalotten, fein gehackt
- Peffer & Salz
- natiirlech kann een hei o na Knuawléck, kleng gehackten Kregder… mat ënnermëschen.
Zalootendressing
Zutaten
500 ml Mayonnaise
250 ml Essig
Saaft van 1 Zitroun
250 ml Rahm
50 g frësch geraspelten Meerrettich
bëssen Worecestershiresauce
3 gehackten Schalotten
Peffer & Salz
Zoubereedung
- Alles an eng Schossel maan an goud mateneen vermëschen. Schmaaschen evtl. nowürzen.
- Desen Dressing passt goud op Gronper- oder Nudelzaloot, oder als Dip bei riiem Geméiss an beim Grillen.
Basilikum Bärlauch Dip Essig Gehacktes Gewürz Grillen Pasta Rahm Reis Rosmarin Salz Sauerdeeg Sellerie Speck Tomaten