Baguette flambée

Die bëssen anner Tarte flambée, ganz einfasch gemaat op Brigdercher oder Baguette, an et kann een o déi vam Daag virdraan verschaffen.

Watt maan ech op d’Baguette?

  • Stoffi
  • Sauerrahm
  • Eier
  • Miähl
  • Speck
  • Ënnen
  • Peffer, Salz & Muskot
  • bëssen Botter

Wie jiänn Baguetten gemaat?

De Speck würfelen ech an brooden en an enger waarmer Pann krupsig aan.

Ënnen schnegden ech an dënn Streifen an mëschen se bei den Speck su datt déi mat gebrooden jiänn.

Datt setzen ech op Segt fir datt et bëssen aafkéilen kann.

De Stoffi, Sauerrahm, Ei, Miähl, an Gewürzer mëschen ech an enger Schossel. Dann maan ech de Speck mat den Ënnen dobäi.

Baguett deelen ech an 3 an schnegden se op. Op Stecker schmiären ech dann bëssen Botter. Hei kann een o Knuawlécksbotter hualen.

Verdeelen dann Stoffimëschung op de Baguettenstecker, an setzen datt Ganzt bei 200° C Gard ongeféier 15 Min. an de waarmen Schiäffchen.

Hei kann een dann o na graspelten Kiiss driwer verdeelen. An deen mat iwerbaaschen.

Baguette flambée

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

3

Virberreedungszéckt

15

Minuten
Kooschzéckt

15

Minuten

Zutaten

  • 150 g gewürfelten Speck

  • 3 mëttelgruus Ënnen

  • 250 g Stoffi

  • 2-3 EL Sauerrahm

  • 1 Ei

  • 1 EL Miähl

  • Peffer, Salz & Muskot

  • 2 Baguetten

  • bëssen Botter (oder Krégderbotter)

  • (frësch geraspelten Kiiss)

Zoubereedung

  • De Speck würfelen. Ënnen schiälen, halbéiren an dënn Streifen schmegden
  • De Speck an enger waarmer Pann krupsig aanbrooden, Ënnen ënnermëschen an mat brooden. Op Segt stellen an bëssen aafkéilen loossen.
  • De Schiäffchen op 200°C Grad virwiärmen.
  • De Stoffi, Saurrahm, Ei, Miähl an Gewürzer goud mateneen vermëschen.
  • De Speck mat den Ënnen ënneréiren
  • Baguette an 3 schnegden, opschnegden mat Botter oder Krégderbotter bestreichen an Stoffimëschung driwer verdeelen.
  • Wann een Kiis hëllt deen driwer streien.
  • Ongeféier 15 Min. am waarmen Schiäffchen iwerbaaschen.
Baguette flambée

Basilikum Bärlauch Dip Essig Gehacktes Gewürz Grillen Pasta Rahm Reis Rosmarin Salz Sauerdeeg Sellerie Speck Tomaten

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*