Fladenbrugt

All Natioun hat wahrscheinlich sengt Fladenbrugt, Pizza, Flammkousch, Focaccia, Pita, Naan, Tortilla, Lepinja… an et jiän der na vill mi.

Brugd oder Fladenbrugt baaschen as net komplizéiert. Et kann jo näist aan enger Mëschung aus Miähl, Waasser, Salz an engem Dreifmëttel schwierig sen. Et muss een just domatt aanfänken, an wie heescht et “vam fällen liiren Kanner goen”. Hei as een Blog, do fënns du ganz vill hëlefreich Tipps.

Bei mengem Naanbrugt waat ech viraan paar Woschen gebaasch han ech o eent Bousch fond wu datt Rezept dran stung an ech han einfasch probéiert, et as mir beim 2te Versousch gelongen. Beim Brugd baaschen han ech o gemengt mol virtischt liäsen an liäsen, jo Rezept liäsen, an dann einfasch probéiren. Et liiert een et just wann een et mëscht.

Ech erënnere mech na aan deen ischten Pizzadeeg deen ech gemaat han, do han ech o gemengt honnerte Rezepter liäsen, ärs de iwerhaupt mol aafänks, an no an no han ech rausfond, watt Rezept mi einfasch gehalen as watt et am besten schmëscht.


Lepinja

Fladenbrugt as eent einfascht Brugt, datt aus Miähl an Waasser besteht, en as ongesäiert an jëtt o mat paar Ausnahmen ouni Dreiwmëttel gemaat. Fladenbrugt as die fréihst Entwecklung vam Brugd an sen direkt aus dem älsten Kärenrezept entstannen, dem Bräi.

Fladenbrugt sen weltwegt an allen Kulturen wu Ackerbau bedriwen jëtt bekannt, an et as bis Hogt datt Brugd watt am meesten gebaaschen jëtt.

Hei han ech lo eent Rezept fond van Lepinja eent Fladenbrugt aus den Baltische Staaten. Traditionell jëtt et datt Brugt bei hirem Ćevapčići.


Lepinja

Rezept von Josiane
Portionen

5

Portionen
Virbereeungszéckt

14

Minuten
Ruhzéckt

150

minutes
Baaschzéckt

12-15

minutes

Zutaten

  • 500 g Miähl

  • 1 Päckelchen Drëchenhefe (7g)

  • 5 EL Joghurt

  • 2 TL Salz

  • 150 ml Mëlich

  • 150 ml Waasser

Zoubereedung

  • Drëchenhefe an der lookischer Mëlich opliiesen.
  • Miähl, mam Salz goud vermëschen. Waasser, de Joghurt, an Mëlich drënner mëschen, et jëtt een ganz pëschigen naassen Deeg.
  • Alles goud mateneen vermëschen an 2 Stonnen ruhen loossen.
  • Den Deeg op een goud angemiälten Dësch leen an en a 4-5 Portiounen deelen. Die eenzel Portiounen van baussen no der mëtt hin zesaammen faalen, su datt eng mi oder winiger ronn Boule ensteht.
  • Déi dann emdriien an mat den Fanger auserneendrecken. Op Baaschpapeier leen an se na eng kéier 30 Min. ruhen loossen.
  • Iwerdeems den Schiäffchen op 270° Grad Iäwischt- an Ënnischthëtzt virhëtzen. Den Grill oder Plaque mat erhëtzen.
  • Brugd kann een viraam baaschen na mat schwarzem Sesam bestreien oder einfasch bëssen mat Miähl anstëpsen.
  • Lepinja jiän viraam baaschen na angedreckt oder geritzt, mat engem Messer oder einfasch mam Schaber. Dann kommen se fir 12-15 Min. an den Schiäffchen. Sie sollen goldbrong jiän

Basilikum Bärlauch Dip Essig Gehacktes Gewürz Grillen Pasta Rahm Reis Rosmarin Salz Sauerdeeg Sellerie Speck Tomaten

.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*