Westernblech mat Poulet

Een Menü deen ëmmer schmëscht, an deen ouni vill Opwand siier gemaat as. Geméiss, Fleesch alles an den Schiäffchen an brooden/baaschen loossen.

Fir Vegetarier hëllt een am Platz vam Poulet, Feta. An ech han sugar een Tipp fir Veganer, am Platz vam Poulet, Tofuwürfel hualen.

Een Menü deen sech goud am viraus virbereeden lisst an Owes oder den Daag drop just na an den waarmen Schiäffchen gesatt muss jiänn.

Watt brausch ech alles?

  • Poulet, Pute, Schwéngefleesch, Feta oder Tofu.
  • Paprika, fir bëssen Faaref an den Menü ze brengen, van all Faaref 1.
  • gréin Bungen, déi muss een äwer firtischt blanchéiren.
  • Gromperen, an Spalten schnegden
  • Bbqzooss, do hualen ech natiirlech meng eegen, fir Fleesch ze marinéiren.
  • Chilischot
  • gedrëchenten Oregano, fir am Schiäffchen ze baaschen hëllt een am besten gedrëchent Krégder. Die Frësch verbrennen jiären an schmaaschen dann batter. Die frësch Krégder kann een hanno fir Garnitur driwer maan
  • Knuawléck, een muss
  • Olivenualeg
  • Kreuzkümmel, fir déi die en jiären han.
  • Paprikapolwer
  • Peffer & Salz

Wie fänken ech aan?

De Poulet marinérien ech mat der Barbecuezooss an loossen en eng Stonn durich zéien, Oder wanns du Zéckt has iwert Nait am Frigo durich zéien loossen.

Geméiss, Gromperen wäschen, dann an Spalten oder an Fritten schnegden, kann een se o schiälen, bei mir bleift Schaal draan. De Paprika, entkären, an deen schnégden ech an graff Stecker. Bungen schnegden ech eng kéier an der Mëtt durich an blanchéiren se dann 3-5 Min, an kooschendem Salzwaasser, dono mat kaalem Waasser aafschrecken. Geméiss all an eng gruuss Schossel leen. De Knuawléck schiälen an just bëssen mat engem Messer zerdrecken an mat ënnert Geméiss mëschen.

Aafwiässelen kanns du desen Menü mat z.B. Muurten, gréinen an/oder wässen Spargel, Courgetten, Poretten… oder am Hiärest mat Kürbis. Bei den Gewürzer kanns du o na Curry, Muskot… ënnermëschen. Krégder do kanns du dech o austoben mat Majoran, Rosmarin, Basilikum… An am Platz van einfaschen Gromperen kanns du o séiss Gromperen hualen.

Dann maan ech den Schiäffchen aan, op 180°-200° Grad.

Ech mëschen dann ongeféier 3-4 EL Olivenualeg mat deen ganzen Gewürzer an Krégder. Datt schëdden ech op Geméiss an Gromperen an vermëschen alles goud. Datt verdeelen ech dann op engem mat Baaschpapeier ausgeleitem Baaschblech ech passen äwer op datt et net zevill obeneen legt. De Poulet leen ech dobäi an setzen datt Ganzt dann fir ongeféier 45-50 Min. an den Schiäffchen.

Info: hual de Poulet fréi genou aus dem Frigo, Fleesch soll Raumtemperatur aanhualen. Fleesch baascht vill besser wann et Raumtemperatur hat, an et verdrëchent net su siier.

Hei muss do bëssen oppassen, wanns du Pouletfilet hëlls, deen wärt net su lang brauschen wie Stecker mat Schanken. Well Gromperen äwer 30-40 Min. brauschen bis se mëll sen, de Filet 10 Min. mi spéit dobäi leen, oder en bëssen mi fréi raushualen an waarem stellen.

Westernblech mat Poulet

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

3

Virbereeungszéckt

15

Minuten
Kooschzéckt

50

Minuten

zousätzlich brauchst du eent Baaschblech mat Baaschpapeier

Zutaten

  • 300 g Poulet

  • 250 ml Barbecuezooss

  • 400 g Gromperen

  • je 1 gréin, rugd an jiäll Paprika

  • 150 g gréin Bungen

  • 2 Ziiwen Knuawléck

  • 3-4 EL Olivenualeg

  • 1 entkärten an gehackten Chilischot

  • 1 TL Oregano

  • 0,5 TL Kreuzkümmel

  • Salz & Peffer

Zoubereedung

  • De Poulet mat der Barbecuezooss mëschen an 1 Stonn marinéiren.
  • Gromperen an Spalten schnegden. De Paprika an mondgerecht Stecker schnegden. Bungen halbéiren an am kooschenden Salzwaasser 3-5 Min. blanchéiren, aafschrecken. Alles an eng gruuss Schossel leen.
  • De Schiäffchen op 180° bis 200° virwiärmen.
  • Olivenualeg, mat den Gewürzer, Kréder an der Chilischot mëschen an alles iwert Geméiss schëdden an goud vermëschen.
  • Geméiss om Baaschblech verdeelen an den Poulet dozwëschent leen. Pass bëssen op datt Geméiss an Gromperen net zevill obeneen leien.
  • Ongeféier 45-50 Min. baaschen.

Basilikum Bärlauch Dip Essig Gehacktes Gewürz Grillen Pasta Rahm Reis Rosmarin Salz Sauerdeeg Sellerie Speck Tomaten

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*