Kappes-Courgetten-Gromperengratin

Well ech van mengen Kappesrouladen na Kappes iwereg haat, an o na Courgetten am Frigo woren han ech mol een vegetarischen Gratin gemaat.

Kappes-Courgetten-Gromperengratin

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virbereeungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

1

Stunde 

Zutaten

  • 1 gehackten Ënn

  • 300 g wäisse Kappes

  • Saaft van enger halwer Zitroun

  • 400 ml Pelati (kleng Béchs Tomate pelée)

  • Salz, Peffer, bëssen Kümmel

  • 1 Courgette

  • 200 g Gromperen

  • 1 TL herbes de provence

  • 200 g geraspelten Kiis fir ze iwerbaaschen

Zoubereedung

  • Ënn an enger waarmer Pann aanbrooden an liit karameliséiren.
  • De Kappes kleng schnegden, an mat aanbrooden. Zitrounensaaft ënnermëchen. Salzen
  • Tomaten drënner mëschen, würzen an zougedeckt op niddreger Hëtzt 30 Min. schmoren loossen.
  • Courgetten schiälen an dënn Scheiwen schnegden.
  • Gromperen schiälen an dënn Scheiwen schnegden
  • De Schiäffchen op 180°C virhetzen
  • Eng feierfest Form anfetten, an eng Schischt Gromperenscheiwen ënnen dran leen. Dann eng Schicht Courgettenscheiwen drop leen, bëssen salzen. Kappesmëschung drop verdeelen, an rëm mat enger Schicht Courgetten an Gromperen aafschléissen.
  • Herbes de provence an de Kiss driwer verdeelen. Am waarmen Schiäffchen ongeféier 1 Stonn iwerbaaschen. Evtl zum schluss Sëlverpapeier driwer leen net datt den Kiis verbrennt.

Notiz

  • Ech han Mozzarella driwer gemaat, kann een äwer all anner Zort Kiis hualen fir ze iwerbaaschen. Oder et hëllt een Panéiermiähl, denk dann äwer draan fir paar Botterflocken om Panéiermiähl ze verdeelen.

Basilikum Bärlauch Dip Essig Gehacktes Gewürz Grillen Pasta Rahm Reis Rosmarin Salz Sauerdeeg Sellerie Speck Tomaten

Leave a Comment

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*