Lammgeschnetzeltes

Lammfleesch, gëllt als delikat Fleesch mat gruussem Aroma. An Mëtteleuropa jëtt net vill Lamm gäss, mi verbreed as et am Mëttelmiärraum, Afrika an a muslimische Länner, o aus deem Grond well do keen Schwéngefleesch gäss jëtt.

Lamm hat een aromatischen bis kräftigen Aroma, dofir kann een o “kräftigt” Geméiss dobäi zervéieren. Genausu beim würzen, frësch Krégder wie Thymian, Rosmarin, Knuawléck passen goud dobäi, mais o die anner mediterran Gewürzer oder orientalisch Gewürzer jiänn dem Fleesch een ganz besonnechen Aroma. Just mam Salz soll een sparsam ëmgoen.

Fir Geschnetzeltes brausch ech.

  • Lamm, du kanns o all anner Zort Fleesch hualen.
  • rugd Paprika, ech han hei eng rugd gehollt, mais all anner Faaref geht o.
  • Ënnen
  • Knuawléck
  • Basilikum
  • Oregano
  • Paprikapolwer
  • Cumin (Kreuzkümmel)
  • Zitrounensaaft
  • Salz & Peffer
  • Olivenualeg

Gekooscht han ech.

Firtischt han ech Fleesch mol an dënn Streifen geschnidden, an datt an eng gruus Schossel geleit.

Dono han ech Ënnen fein ziseléiert, an den Knuawléck gehackt.

Als nächst han ech den Paprika gewäsch, entkärt an o an dënn Streifen geschnidden.

Ënnen, de Knauwléck, de Paprika an die ganz Gewürzer an Krégder han ech ënnert Fleesch gemëscht. Zitrounensaaft drop geschott an paar EL Olivenualeg. Datt han ech alles goud gemëscht an et eng goud halef Stonn bei Raumtemperatur durich zéihen geloss.

Dann han ech eng Pann op Plaque gesatt an subal déi waarem as han ech Olivenualeg erhëtzt an Fleesch-Mëschung kräftig aangebrooden. Datt dann ënner vill réiren an hiier Hëtzt sulang brooden bis Fleesch gar as.

Et kënnt o als Gyros durichgoen, mais well Gyros normal een Spiess as han ech et Geschnezeltes genannt 😉 .

Dobäi haat ech Kappeszaloot, Joghurt-Sauerrahm-Dipp an hausgemaaten Fritten.

Lammgeschnetzeltes

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virberreedungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

20

Minuten

Zutaten

  • 800 g Lamm

  • 2 an fein Streifen geschnidden Ënnen

  • 2 gehackten Ziiwen Knuawléck

  • 1 an dënn Streifen geschnidden Paprika

  • 1,5 TL Paprikapolwer

  • 1,5 TL gedrëchenten Basilikum

  • 1,5 TL gedrëchenten Oregano

  • 1,5 TL Peffer

  • 1 TL Salz

  • 1 TL Cumin (Kreuzkümmel)

  • Olivenualeg

  • Saaf van enger halwer Zitroun

Zoubereedung

  • Fleesch an kleng Würfelen schnegden.
  • Zesaammen mat den Gewürzer, dem Paprika, der Ënn, dem Zitrounensaaft an 3-4 EL Olivenualeg an gruuss Schossel leen an alles goud durich mëschen.
  • Op mannst 30 Min. bei Raumtemperatur durichzéihen loossen.
  • Olivenualeg an enger waarmer Pann erhëtzen, den Gyros kräftig an ënner réiren aanbrooden.
  • Ech haat hei Fritten, Kappeszaloot an Joghurt-Sauerrahm-Dip dobäi. Du kanns o Quellmännercher an Taztziki dobai maan…

Basilikum Bärlauch Dip Essig Gehacktes Gewürz Grillen Pasta Poulet Rahm Reis Rosmarin Salz Sauerdeeg Sellerie Speck Tomaten

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*