Schwéngsrëppen Champvallon

Dëst as eent ganz aalt fransiischt Rezept. Ursprünglich as et mat Lammkotletten gemaat jiänn. Hogt, wann et dann gekooscht jëtt, kann een all Fleesch hualen watt een wëllt. Goud schmëscht et z.B. mat Schwéng, Rand, Kalef oder Wëld. Wann een net deen typisch klassischen Wëldgulasch wëllt kooschen as datt hei eng goud Alternativ.

Champvallon as eng perfekt Mëschung aus Aromen, wie Thymian, Lorbeer, karamlesiéiert Ënnen, Knuwléck an dem Saaft vam Fleesch an deem alles gaart.

Eent aalt chinesischt Sprëchwuort seet: “Der wahre Weg, das Herz eines Mannes zu berühren, geht durch seinen Magen”. Su ähnlich as o dësen Menü entstannen. Madame de Champvallon hat mat dësem Rezept mi erreecht wie eng Nait mam Louis XIV. Rezept as erhalen bliwen an jëtt Hogt na an verschidden Formen gekooscht.

Watt brausch ech?

  • Schwéngsrëppen mat vill Fleesch, oder Kotletten
  • Ënnen
  • Knuawléck
  • Gromperen
  • Fleeschbréit oder Waasser
  • Thymian
  • Lorbeerbläder
  • Peffer & Salz
  • gehackten Péitersilich

Wie jëtt gekooscht?

Rëppen zerschnégden ech, dann würzen ech se an brooden se am waarmen Botterschmalz op all Ségt kräftig aan. Pann déglacéieren ech mat bëssen Fleeschbréit oder Waasser, kratzen die ganz Röstaromen vam Buadem fëllen se an eent Dëppchen an stellen se op Ségt.

Ënnen schiälen ech, halbéieren se an schnégden se an fein Streifen. De Knuawléck hacken an zereiwen ech fein. An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Botterschmalz an op mëttel Hëtzt brooden ech d’Ënnen mam Knuawléck an loossen alles karameliséiren. Subal se färdeg sen déglacéieren ech déi Pann o, kratzen alles vam Buadem an schëdden dësen Fond bei meng Bréit.

Gromperen schiälen, wäschen an dënn Scheiwen schnégden. Dann net mi wäschen Stärke hëleft datt Zooss hanneno beim schmooren bënd.

De Schiäffchen op 200°C Grad virwiärmen.

An engem Gossendëppen oder enger gebotterter feierfester Form eng Schischt Gromperen ënnen dran leen. Mat Salz an Peffer würzen. Dann Ënnen driwer verdeelen. Fleesch op d’Ënnen leen. Bréit oder Waasser drop schëdden, 1 Thymianast an 1 Lorbeerblaad dran leen. Uwaen driwer rëm Gromperenscheiwen verdeelen su datt alles bedeckt as, würzen. Well ech keen frëschen Thymian mi am Haus haat, han ech gedrëchenten gehollt.

Mat Deckel bei 200°C Grad fir 2 Stonnen an den Schiäffchen stellen. No deen 2 Stonnen den Deckel raaf hualen an fir ongeféier 30 Min. zeréck an de Schiäffchen stellen.

Firaam zervéiren den gehackten Péitersilich driwer streien.

Schwéngsrëppen Champvallon

Rezept von JosianeSchwierigkeit: mëttel
Portiounen

4

Virberreedungszéckt

1

Stunde 
Kooschzéckt

2

Stunden 

30

Minuten

Zutaten

  • 1,5 KG Schwéngsrëppen

  • 4 mëttelgruuss Ënnen

  • 2 Ziiwen Knuawléck

  • 1 Thymianast od. 0,5 TL gedrëchenten Thymian

  • 1 Lorbeerblaad

  • 500 ml Fleeschbréit oder Waasser

  • Peffer & Salz

  • gehackten Péitersilich

Zoubereedung

  • Rëppen zerschnégden, würzen an enger waarmer Pann Botterschmalz erhëtzen an Fleesch kräftig van all Ségt aanbrooden. Raus hualen an op Ségt stellen.
  • Die waarem Pann mat bëssen Fleeschbréit oder Waasser déglacéiren, Röstaromen vam Buadem loosskratzen, ënnert Bréit mëschen an op Ségt stellen.
  • Ënnen schiälen, haléieren an fein Streifen schnégden. De Knuawléck hacken an fein zerreiwen. An enger waarmer Pann Botterschmalz erhëtzen an op mëttel Hëtzt d’Ënnen mam Knualéck brooden an karameliséiren, würzen. Raus hualen an op Ségt stellen.
  • An hei o waarem Pann mat bëssen Fleeschbréit oder Waasser déglacéiren, Röstaromen vam Buadem loosskratzen, ënnert Bréit mëschen an op Ségt stellen.
  • Gromperen schiälen, wäschen an dënn Scheiwen schnégden. Gromperen dann nët mi wäschen, Stärke bënnt Zooss hanneno beim schmooren.
  • De Schiäffchen op 200°C Grad virwiärmen.
  • Eent Gossendëppen oder eng feierfest Form anfetten. 1 Schischt Gromperenscheiwen om Buadem verdeelen, mat Salz an Peffer würzen. Dann die gerbooden Ënnen driwer verdeelen. Fleesch drop leen.
  • Den Thymian an Lorbeer dobäi leen an Bréit oder Waasser drop schëdden. Deen Rest Gromperen driwer verdeelen su datt alles bedeckt as. Mat Salz an Peffer würzen.
  • Den Deckel drop leen an fir 2 Stonnen an deen waarmen Schiäffchen stellen.
  • No deen 2 Stonnen den Deckel raaf hualen an fir 30 Min. zeréck an den Schiäffchen stellen.
  • Viraam zervéiren gehackten Péitersilich driwer verdeelen.

Basilikum Bärlauch Dip Essig Gehacktes Gewürz Grillen Pasta Poulet Rahm Reis Rosmarin Salz Sauerdeeg Sellerie Speck Tomaten

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*