Poulet algerisch Art

An villen Kooschbéicher stuussen ech ëmmer rëm op datt Rezept. Su datt ech mol bëssen recherchéiert han, watt déi algerisch Këchen ausmëcht? Dësen Menü as eent nordafrikanischt Rezept, datt an Algerien an anner Regiounen van Nordafrika beléift as. “Poulet no algerisch Art” zeechent sech durich eng aromatisch Mëschung van Gewürzer aus. Doraus entsteht eent leckert aromatischt Ässen. Insegesamt as “Poulet no algerisch Art” eent harmonischt Ässen, datt vill Geschmaaschrichtungen mateneen verbënnt – van würzig bis fruuchtig bis hin zu liit säierlich. Et jëtt dachs mat Beilaagen wie Fladenbrugt, Reis oder Couscous zervéiert an béid eng köstlich nordafrikanisch Geschmaaschserfahrung.

Die verschidden Anflëss an die algerisch Këchen.

Die algerisch Këchen wor an der Vergangenheet vill Ënnerscheedlichen Aflëss ausgesatt, an déi han o an hirer Këchen Spuren hannerlooss.

  1. Berberischen Ursprong: Die algerisch Këchen hat déif Wuurzelen an die berberisch Kultur, déi an Nordafrika aansässig wor. Berberisch Stämm han ségt Joerhonnerten vill verschidden Zorten van Kären, Geméiss, Krégder an Gewürzer aagebaut an an hirer Ernährung verschafft.
  2. Arabischen Anfloss: Mat der arabischer Expansioun am 7ten Joerhonnert, sen nei Zutaten wie Reis, Datteln, Oliven an Gewürzer an die algerisch Këchen agefouert jiänn. Die arabisch Këchen hat Gewürzer wie Cumin, Koriander an Safran mat breit.
  3. Osmanisch Herrschaft: D’Osmanen han am 16ten Joerhonnert gruussen Afloss an han Ässen aus der Tajine an verschidden Séisses, wie Baklava mat ant Regioun breit.
  4. Die fransiisch Kolonialherrschaft: Van 1830 bis 1962 wor Algerien eng fransiisch Kolonie. Während der Zéckt sen die fransiisch Kooschtechniken an Zutaten an die algerisch Këchen integréiert jiänn. Dodurich sen Ässen wie Couscous an Brik (Deegtäschen) entstannen.
  5. Onaafhängegkeet an Identitéit: No der Onaafhängegkeet van Algerien am Joer 1962 as die algerische Këchen wégderentwéckelt jiänn an et as sech mi op die eegen Traditounen konentréiert jiänn. Verwendung van lokalen Zutaten an Gewürzer as rëm an de Mëttelpunkt gerréckt.
  6. Mediterranen Afloss: Opgrond van der geographischer Laag aan der Mëttelmiärküst sen mediterran Aflëss an der Këchen wégt verbreed. Fësch, Olivenualeg, frëscht Geméiss an Krégder sen wichtig Bestanddeeler van villen Menüer.
  7. Moderniséirung: Die algerische Këchen hat opgrond van Moderniséirung an Globaliséirung, internationalen Afloss. Fast Food an westlicht Ässen sen ganz populär. An ländlichen Regiounen jiänn äwer die traditionelle Menüer wégderhin mi hii geschätzt.

Durich datt islamischt Alkoholverbot, jëtt natiirlech ouni Alkohol gekooscht.

Die algerisch Këchen zeechent sech durich een Reichtum van Land- an Miärresprodukter aus. Et as eng Mëschung aus mediterranen an nordafrikanischen Gewürzer an Aromen. Et jëtt äwer net su scharef gewürzt wie bei hiren Noperen den Marokkaner.

Ënner all hiren Spezialitéiten as Couscous, deen o als Nationalässen aanerkannt as, suwie hir traditonell gebaaschen Produkter, déi bekannsten.

Fir dëst Rezept hualen ech:

  • Poulet oder Pouletstremplen
  • Knuawléck
  • Ënnen
  • Péitersilich
  • Kurkumapolwer
  • Korianderpolwer
  • Ingwerpolwer
  • Cumin (Kreuzkümmel)
  • Olivenualeg
  • Peffer & Salz

Fir Zooss:

  • Tomaten
  • Ënnen
  • Knuawléck
  • Houhnerbréit
  • Peffer & Salz

Zoubereedung:

Ënnen, den Knuawléck an den Péitersilich hacken ech fein. Zesaammen mam Kurkuma, Ingwer, Cumin, Peffer, Salz an Olivenualeg réiren ech eng deckflëssig Marinade.

De Poulet schnégden ech an 4 oder 6 Stécker. Déi reiwen ech mat dëser Marinade an. Am besten as et dann Fleesch iwert Nait am Frigo durich zéihen ze loossen. Op mannst äwer eng Stonn marinéiren.

Den Schiäffchen wiärmen ech op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt fir.

De Poulet leen ech mat der Hogt no uawen an eng feierfest Form an setzen en an de Schiäffchen. Ech loossen en ongeféier 40 Min. brooden. Dann driien ech den Schiäffchen bis op 220°C setzen op Grillfunktioun mat Ëmloft ëm an lossen en na fir 10 Min. brooden, su datt Hogt bëssen mi knusperig jëtt.

Fir Zooss:

Wiärmen ech an enger waarmer Pann bëssen Olivenualeg, an brooden gehackten Ënnen an gehackten Knuawléck aan, su datt alles bëssen Faaref krëtt.

Mat der Houhnerbréit läschen ech datt aaf an lossen déi ongeféier bis op Halschent ankooschen.

Iwerdeems würfelen ech Tomaten an mëchen déi dobäi, loossen alles opkooschen, schmaaschen an würzen.

Zum Schluss driien ech Hëtzt raaf an lossen se ongeféier 10-15 Min. op niddreger Hëtzt kooschen.

Om Bild zervéiert mat Pilawreis

Poulet algerisch Art

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virberreedungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

50

Minuten

Zutaten

  • 1 Poulet an 4 oder 6 Stécker geschnidden oder 4-6 Pouletstremplen

  • 1 gehackten Ënn

  • 3 zerriwen Ziiwen Knuawléck

  • 0,5 Botte gehackten Péitersilich

  • 1 TL Kurkumapolwer

  • 1 TL Ingwerpolwer

  • 1 TL Koianderpolwer

  • 0, 5 TL Cumin (Kreuzkümmel)

  • 1 TL Peffer

  • 1,5 TL Salz

  • Olivenaualeg

  • Fir Zooss
  • 1 gehackten Ënn

  • 2 zerriwen Ziiwen Knuawléck

  • 4-5 gewürfelt Tomaten

  • 250 ml Houhnerbréit

  • Peffer & Salz

Zoubereedung

  • Aus der Ënn, dem Knauwléck, Kurkuma, Ingwer, Cumin, Péitersilich, Salz, Peffer an Olivenualeg eng deckflëssig Marinade réiren.
  • Marinade iwert den Poulet schëdden an Fleesch domatt anreiwen. Am besten iwert Nait an den Frigo stellen. Op mannst äwer eng Stonn marinéiren.
  • De Schäffchen op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.
  • De Poulet mat der Hogt no uawen an eng feierfest Form leen, an den waarmen Schiäffchen stellen. Ech loossen en dann fir ongeféier 40 Min. brooden.
  • Subal die 40 Min. ëmm sen stellen ech den Schiäffchen op Grillfunktioun mat Ëmloft an driien Hëtzt op 200°C an lossen de Poulet na fir 10 Min. am Schiäffchen, su jëtt Hogt bëssen mi knusperig
  • Fir Zooss
  • An enger waarmer Pann wiärmen ech bëssen Olivenualeg an brooden Ënnen an den Knuawléck aan, déi kannen o bëssen Faaref aanhualen.
  • Datt läschen ech mat der Houhnerbréit aaf an loossen déi bis op halschent ankooschen.
  • Als nächst mëchen ech Tomaten drënner, loossen datt Ganzt kuurz opkooschen, schmaaschen an würzen. Dann Hëtzt raaf driien an op niddreger Hëtzt Zooss 10-15 Min. kooschen loossen.
  • Zervéiert mat engem Pilawreis

Basilikum Bärlauch Dip Essig Gehacktes Gewürz Grillen Pasta Poulet Rahm Reis Rosmarin Salz Sauerdeeg Sellerie Speck Tomaten

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*