Bauerntopf

Den Hiärest as do, an watt jëtt et do besseres wie een Teller voll Wiäremt. Mein Bauerntopf as mat Randfleesch an regionalem Geméiss. Et as eent Rezept watt einfasch ze kooschen as an o ouni Fiärdegtuuten aus kënnt.

De Bauerntopf as eent beléift One-Pot-Ässen. Sämtlich Liäwensmëttel jiänn an engem gruussen Dëppen gekooscht. Praktisch, well du brauchs nëmmen eent mi eent gruust Dëppen.


Watt maan ech alles an mein Bauerntopf?

  • Gromperen, ech hualen dofir festkooschend Gromperen, déi ech zu Holler kreien.
  • Geméiss, hei han ech Muurten, Stangenzellerie an Tomaten gehollt. Ënnen, Muurten an den Zellerie han ech vam frësche Maart.
  • Tomaten, kommen aus dem Gaard van menger Mamm. Du kanns o eng kleng Bëchs Tomaten hualen.
  • Knuawléck
  • Olivenualeg
  • Randfleesch, ob’s du lo Gehacktes hëlls oder Gulasch, Rand, Schweng oder Poulet as ganz egal. Ech han hei Randsgulasch gehollt, watt ech bei engem klenge Metzler koofen, do kreien ech et su preparéiert wie ech et han well.
  • Randsbréit
  • Krégder & Gewürzer, hei hualen ech Salz an Peffer, an meng Herbes de Provence, déi ech selwer mëschen.
Bauerntopf

Bauerntopf selwer maan?

Virtischt heescht et Gromperen schiälen, Würfelen oder einfasch an graff Stecker schnegden. Muurten schiälen an dënn Stäbercher van ongeféier 2 cm längt schnegden an o den Zellerie an Stäbercher schnegden. Ënnen graff hacken, den Knuawléck fein hacken.

Dann jëtt Ualeg an engem waarmen Dëppen erhëtzt an firtischt mol Fleesch würzen an kräftig aangebrooden. Datt hualen ech dann raus a stellen et op Segt. Dann man ech na eng kéier bëssen Ualeg an datt waaremt Dëppen an brooden Ënnen, Muurten, den Zellerie aan an würzen datt Ganzt. Dann schëdden ech den Wéng drop, driien Hëtzt rop an loossen datt Ganzt kooschen bis baal keng Flëssigkeet mi am Dëppen as. Dann schëdden ech Bréit drop, loossen et na eng kéier opkooschen an dann mëschen ech Krégder, Tomaten an Gromperen drënner.

Zougedeckt loossen ech datt Ganzt dann ongeféier 1 Stonne schmooren. Zu Schluss schëdden ech na eng goud Schlupp Rahm dran, oder een Läffel Sauerrahm, schmaaschen an würzen net vergeesen.

Tipps

Ganz einfasch lisst sech dësen Eintopf o mat z.B. Kürbis, Mais, Stangebungen an Gromperen maan. Oder ganz klassisch mat Paprika, Gromperen an Muurten… Dann hat een na wiäll op eent et mat Feier mëscht oder net, eng Chilischot passt o meestens na mat dran.

Bauerntopf

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virbereeungszéckt

40

Minuten
Kooschzéckt

1

Stunde 

Watt brausch ech?

  • 500 g Fleesch

  • bëssen Olivenualeg fir ze brooden

  • 100 g Muurten

  • 100 g Ënnen

  • 100 g Sellerikrogt

  • 100 g Tomaten

  • 2-3 Ziiwen Knuawléck

  • 125 ml rugde Wéng

  • 500 g Gromperen

  • 400 ml Randsbréit

  • Salz & Peffer

  • 1 EL Herbes de Provence

Wie jëtt gekooscht

  • Fleesch kräftig aanbrooden, würzen an op Segt stellen.
  • Geméiss botzen, wäschen an kleng schnegden, ech han et lo hei an graff Stecker geschnidden, du kanns et äwer o mi kleng schnegden.
  • Ualeg an engem waarmen gruussen Dëppen erhëtzen, Muurten, Zellerie, Ënnen an den Knuawléck op mëttler Hëtzt aanbrooden. Würzen.
  • De Rugde Wéng drop schëdden, Hëtzt rop driien an baal ganz ankooschen loossen.
  • Randsbréit drop schëdden an opkooschen lossen.
  • Tomaten drënner mëschen.
  • Gromperen drënner mëschen an zougedeckt op niddreger Hëtzt ongeféier 1 Stonn kooschen loossen.
  • Würzen an schmaaschen.
  • Hei kanns du lo na eng goud Schlupp Rahm drop schëdden an ënnermëschen.

Notiz

  • Dësen Menü hällt sech 3-4 Deeg am Frigo, fir déi Mënschen déi hirt Ässen aafangs der Wosch virbereeden.
Bauerntopf

Akooschen Baaschen Basilikum Botter Brugd Bungenkrogt Bärlauch Courgetten Curry Dip Essig Fett Fleesch Gefligel Gehacktes Geméiss Gewürz Gewürzmëschung Grillen Gromperen Gréin Bungen Kalef Knuawléck Kooschen Krégder Muurten Nuddelen Olivenualeg Pasta Peffer Pesto Poulet Randfleesch Reis Rosmarin Réckbléck Salz Sauerdeeg Speck Tomaten Wuuscht Zocker Zooss Zoossenfond Zopp

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*