Oder wie se bei den Amerikaner heeschen “Tater Tots” eng Beilaag aus frittéierten, gebrooden oder gebaaschen Gromperen. Ähnlich eis Kroketten just datt et keen Pürée as. Bekannt sen se weent hirer knusperigkeet, déi een äwer am besten an der Fritös hin krëtt.
Dofir brausch ech.
- Gromperen, am besten eng miählisch kooschend
- Broccoli
- Salz, Peffer an Muskot
- Miähl
- an wann se gebrooden jiänn Ualeg oder Botter, an soss Frittös
Virbereed jiänn se.
Ech han Gromperen gewäsch an mat der Schaal an mat kaalem Waasser opgesatt. Subal Waasser kooscht, na ongeféier 10 Min. kooschen loossen, sie sollen na fest sen.
De Broccoli an vill Salzwaasser mëll kooschen. Aaafschëdden an ënner kaalem Waasser aafschrecken. Am Blender kleng hacken. Fir die meest Flëssigkeet raus ze kreien han ech den Broccoli op Këchenpapeier auserneengebreed. Gromperenstummel loofen soss auserneen wann na zevill Flëssigkeet dran as.
Gromperen bëssen aafkéihlen loossen su datts du se aanpacken kanns. Schiälen an graff raspelen.
Als nächst, Gromperen, de Broccoli, Miähl an Gewürzer goud mateneen vermëschen.
Ech han een klenge Glaceläffel, et geht äwer o mat engem Zoppeläffel, aus den Portiounen Zylinder formen. Fir se besser ze formen maan deng Fanger naas, sie pëchen dann net su.
Op eent mat Baaschpapeier ausgeleitent Blesch leen an mat Ualeg oder geschmolzener Botter anpinselen.
De Schiäffchen op 220°C Grad virwiärmen an Gromperen ongeféier 25-30 Min. baaschen, no der Halschent Gromperen eng kéier driien.
Oder an der waarmer Frittös bei 175°C Graad ausbaaschen.
Du kanns den Broccoli o fort loossen an des Kroketten nemmen aus Gromperen maan.
Gromperenstummel mat Broccoli
Schwierigkeit: einfasch5
40
Minuten30
MinutenZutaten
650 g Gromperen
200 g Broccoli
1,5 TL Salz
1 TL Peffer
3 EL Miäl (geheeft)
Ualeg oder Botter fir ze brooden
Zoubereedung
- Gromperen wäschen, am kaalen Waasser mat der Schal kooschen. Subal Waasser koosche na ongeféier 10 Min. kooschen loossen. Gromperen sollen na fest sen.
- Aafschëdden an bëssen aafkéilen loossen, su datts du se aanpacken kanns. Schiälen an op der Raspel graff raspelen.
- Als nächst Gromperen, den Broccoli an Gewürzer goud mateneen vermëschen. Mat engem Läffel Portiounen raus hualen an déi zu kleng Zylindre formen.
- Op eng mat Baaschpapeier ausgeleitent Blech leen an am waarmen Schiäffchen bei 220°C Graad 25 Min. baaschen. No der Halschent van der Zéckt Tots driien.
- Oder an der waarmer Frittös bei 175°C Graad ausbaaschen.
Basilikum Bärlauch Dip Essig Gehacktes Gewürz Grillen Pasta Rahm Reis Rosmarin Salz Sauerdeeg Sellerie Speck Tomaten