Involtini as datt italienischt Wuort fir Rouladen. Involtini alla Siciliana as eent typischt Ässen aus der sizilianischer Këschen. Grondrezept as mat Kalefsfleesch, je no Regioun jëtt en äwer o mat Randfleesch, Schwéngefleesch, Schwertfësch oder Auberginenscheiwen gemaat.
Involtini zällen zu den Klassiker aus der italienischer Këchen, obs du se lo wie een Saltimbocca mat Salbei an Parmahamm mëchs oder eng anner Fëllung, sie begeesteren durich hiren eenzigartigen Aroma.
Dofir hualen ech:
- gehackten Schalotten
- gehackten Kooschlelen
- Botter
- Eier
- Panéiermiähl
- Péitersilich
- dënn geklappten Kalefschnitzel
- Parmahamm oder eng anner gedrëchent Ham
- frësch geraspelten Parmesan
- bëssen Ualeg fir ze brooden
- Fleeschbréit
- wäisse Wéng
- Rahm
- All Zweck Gewürzmëschung
Wie jëtt gekooscht?
Botter an engem waarmen Dëppen erhëtzen, Schalotten do dran aandënsten. Ongeféier Halschent van Kooschelen mat ënnermëschen, op niddreger Hëtzt su lang dënsten bis Flësigkeet baal ganz fort as. Eng Duxelles virbereeden.
Datt Ganzt bëssen aafkéilen lossen an mam Ei, Panéiermiähl an Péitersilich goud durich kniädden. Mat Salz, Peffer an bëssen Muskot würzen.
Dës Mass op die platt geklappten Schnitzel streichen. Ham drop leen an den Parmesan driwer streien Fleesch anrullen wie eng Roulade an mat engem Zahnstocher fixéiren. Ualeg an enger waarmer Pann erhëtzen an Fleesch van all Segt aanbrooden. Fleesch raus hualen an op Segt stellen.
Den Rest van den Kooschelen dobäi jiänn, kuurz mat dënsten an mam Wéng aafläschen an bëssen ankooschen loossen. Bréit bei den Wéng schëdden, opkooschen lossen. Rahm ënnermëschen kuurz opkooschen loossen, schmaaschen a würzen. Rouladen rëm ant Zooss leen an wiärmen.
Well die italienisch Këchen Regional as, fënnt een an deen verschidden Regiounen anner Zoubereedungen. Su kann een bei desem Rezept o am Platz van der Ham kleng geschniddene an knusprig geroodene Pancetta hualen. Genausu kann een am Platz van den Kooschelen, Steinpilze hualen oder eng gedrëchent Mëschung Bëschkooschelen, déi een dann äwer iwert Nait aweechen muss.
Eng anner Variant as Randfleesch ze hualen an mat Speckscheiwen an Peccorinischeiwen beleen, mat gehacktem Péitersilich an gehacktem Knuawléck bestreichen an anrullen. Eng Tomatenzooss an am Schiäffchen mat Mozzarella iwerbaaschen.
Mat Schwéngefleesch geed o, eng goud Fëllung dofir as, Speckscheiwen, Mozzarellascheiwen an Salami.
Bei Putenfleesch passt z.B. eng Fëllung aus gedënsten Schalotten, verkniäd mat 1 Ei, Panéiermiähl, gewürfelten an gebroodenem Pancetta an Péitersilich. Mat enger Béchamel an Parmesan am Schiäffchen iwerbaaschen.
Du kanns se o ganz vegetarisch maan, du schnegs Auberginen oder Courgetten längs an dënn Scheiwen, an du fëlls se mat enger Mëschung aus Mozzarella, Péitersilich, Basilikum, Pecorino, Knuawléck an Panéiermiähl. Zesaammen mat enger Tomatenzooss.
Involtini
4
Portionen40
Minuten30
MinutenZutaten
150 g gehackten Schalotten
250 g Kooschelen
2 EL Botter
1 Ei
2 EL Panéiermiähl
1 EL gehackten Péitersilich
8 dënn geklappten Kalefsschnitzelen
8 Scheiwen Parmahamm oder eng anner gedrëchent Ham
50 g geraspelten Parmesan
bëssen Ualeg fir ze brooden
0,5 L Fleeschbréit
125 ml wäisse Wéng
50 ml Rahm
Zoubereedung
- Aus der Halschent van den Kooschelen, de gehackten Schalotten bëssen Peffer an Salz eng Duxelle kooschen an aafkéilen loossen.
- Datt Ganzt dann mam Ei an Panéiermiähl verkniädden an op die platt geklappten Schnitzelen verdeelen.
- Schnitzelen anrullen an mat engem Zahnstocher fixéiren.
- Ualeg an enger waarmer Pann erhëtzen, Rouladen würzen an van all Segt kräftig aanbrooden.
- Fleesch raus hualen op Segt stellen, an deen rest an Scheiwen geschnidden Kooschelen kuurz aanbrooden.
- Mam Wéng aafläschen an deen bëssen ankooschen loossen. Als nächst Bréit drop schëdden opkooschen loossen.
- Rahm drënner mëschen, würzen an schmaaschen.
- Rouladen rëm dran leen an an der Zooss wiärmen.
Basilikum Bärlauch Dip Essig Gehacktes Gewürz Grillen Pasta Rahm Reis Rosmarin Salz Sauerdeeg Sellerie Speck Tomaten