Nudelgratin

Nudelgratin as eent köstlich Ässen, niäwent Nuddelen hat een o Wiäll aus engem gruusen Geméissgaart, alles watt schmëscht kann dran. Je no Geschmaasch kann eng klassich Béchamel drënner gemëscht jiänn oder eng würzig Tomatenzooss. Iwerbaaschen jëtt den Gratin mat Kiiss, Panéiermiähl oder einfasch su. Genaus as een Gratin mat Geméiss net nëmmen lecker, mais o eng gruussartig Miilechkeet denger Ernährung wiärtvoll Vitaminen an Ballaststoffer zouzeféiren. Du kanns mat verschiddene Geméisszorten, Kiisszorten experimentéieren, bis du dein eegen Lieblingsgratin fond has.

Nudelgratin

Auflauf oder Gratin?

Am Däitschen as den Gratin eng Zoubereedung déi aus färdeg gegarten Liäwensmëttel besteht an nëmmen na iwerbaaschen jëtt. Den Auflauf besteht aus riien Zutaten déi rischt am Schiäffchen komplett durich gegart jiänn.

Bei eis, suwie an der fransiischer an englischer Këchen jëtt alles als Gratin bezeechent.

Fir dësen Gratin brausch ech:

  • Chouxfleurs
  • Broccoli
  • Knuawléck
  • frëschen Thymian
  • Chilischoten
  • Nudelen, ech han dës kéier Fussili geholt, du kanns äwer o Maccheroni, Rigatoni, Penne… hualen.
  • Tomatenzooss
  • frëschen Basilikum
  • Gehacktes
  • Rahm
  • Stoffi
  • Parmesan
  • Gruyère
  • Olivenualeg
  • Peffer & Salz

TO DO:

  • De Broccoli an den Chouxfleurs zerdeelen ech an kleng Ruusen an dann blanchéiren ech se fir 5-6 Min. am kooschende Salz-Zitrounenwaasser. Geméiss schëdden ech aaf an stellen et op Ségt bis ech et brausch.
  • Chilschoten entkären ech, de Knauwléck jëtt geschiällt an dann jiänn die 2 Saaschen fein gehackt.
  • Ech kooschen eng Tomatenzooss.
  • Den Thymian jëtt gestrëppt. An vam Basilkum hualen ech nëmmen Bläder.
  • Den Gruyère an de Parmesan raspelen.

Zoubereedung

De Schiäffchen op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen

An engem waarmen Dëppen erhëtzen ech bëssen Olivenualeg, do dran brooden ech Gehacktes aan an würzen et mat Salz an Peffer.

Ech mëschen dann den Chili, de Knauwléck an den Thymian drënner an brooden datt kuurz mat aan.

Als nächst schëdden ech Tomatenzooss drop an loossen alles opkooschen, driien Hëtzt dann raaf an loossen alles mat Deckel ongeféier 10 Min. kooschen. Schmaaschen.

Während Zooss kooscht, kooschen ech an goud gesalzenem Waasser Nudelen no Packaaweisung al dente. No der Halschent van der Kooschzéckt schäffen ech eng Tass Waasser raus.

An meng Tomatenzooss, mëschen ech den Broccoli an de Chouxfleurs. Wann Zoss ze deck as, bëssen vam Nuddelwaasser drop schëdden. Schmaaschen.

Nudelgratin

An enger Schossel mëschen ech Rahm, de Stoffi, de Parmesan an bëssen Nuddelwaasser, würzen alles mat Peffer an bëssen Salz. Datt bleift o mol na stoen bis ech et brauscht.

Subal Nuddelen al dente sen, aafschëdden an ënnert Tomatenzooss mëschen. 5 Min. durich zéihen loossen. Schmaaschen.

Eng feierfest Form mat bëssen Olivenualeg anpinselen, an Nuddelmëschung dran schëdden.

Dann verdeelen ech den Basilikum iwert den Nuddelen. Do drop verdeelen ech deen geraspelten Gruyère an zum Schluss schëdden ech Rahm-Mëschung driwer.

Datt Ganzt setzen ech dann fir ongeféier 30 Min. an deen waarmen Schiäffchen an loossen et Goldbrong iwerbaaschen.

Noom baaschen 10 Min. zougedeckt ruhen loossen.

Bei dësem Gratin oppassen mam Salz, de Gruyère as gesalz, de Parmesan as gesalz an Nuddelwaasser as gesalz, paar mol mi dachs schmaaschen

Nudelgratin

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virberreedungszéckt

1

Stunde 
Kooschzéckt

30

Minuten

Zutaten

  • 250 g an kleng Ruusen zerdeelten Broccoli

  • 250 g an kleng Ruusen zerdeelten Chouxfleurs

  • 4 gehackten Ziiwen Knauwléck

  • 500 g Gehacktes

  • 1 entkärten an gehackten Chilischot

  • 2 gestrëppten frësch Thymianäst

  • 400 g Nuddelen

  • 750 ml – 1 L Tomatenzooss

  • 100 ml Rahm

  • 150 g Stoffi

  • 75 g geraspelten Parmesan

  • eng Handvoll frësch Basilikumbläder

  • 150 g geraspelten Gruyère

  • Olivenualeg

  • Peffer & Salz

Zoubereedung

  • De Broccoli an den Chouxfleurs am kooschende Salz-Zitrounenwaasser 5-6 Min. blanchéiren. Aafschëdden an op Ségt stellen.
  • De Schiäffchen op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.
  • Eng feierfest Form mat bëssen Olivenualeg anpinselen.
  • An engem waarmen Dëppen Olivenualeg erhëtzen an Gehacktes do dran aanbrooden. Mat Salz an Peffer würzen.
  • De Knuawléck, Chilischot an den Thymian ënnermëschen an kuurz mat aanbrooden.
  • Tomatenzooss drop schëdden, opkooschen loossen an mat Deckel op niddreger Hëtzt 10 Min. kooschen loossen. Schmaaschen.
  • Während Zooss kooscht, Nuddelen no Packaaweisung am koschende Salzwaasser al dente kooschen. No der Halschent van der Zéckt 1 Tass Nuddelwaasser raus hualen.
  • An enger Schossel Rahm, de Stoffi, de Parmesan an bëssen Nuddelwaasser mëschen, mat Peffer an bëssen Salz würzen. Op Ségt stellen.
  • De Broccoli an de Chouxfleurs ënnert Tomatenzooss mëschen.
  • Nuddelen aafschëdden an ënnert Tomatenzooss mëschen. 5 Min. durich zéihen loossen. Schmaaschen.
  • Wann Zooss ze deck as, bëssen Nuddelwaasser drop schëdden.
  • Die ganz Mëschung an die agefetten feierfest Form schëdden an Basilikumbläder driwer verdeelen.
  • Dann den Gruyère driwer verdeelen an zum Schluss, Rahm-Stoffimëschung driwer schëdden.
  • Am waarmen Schiäffchen ongeféier 30 Min. Goldbrong iwerbaaschen.
  • Noom baaschen 10 Min. zougedeckt ruhen loossen.
  • Bei dësem Gratin oppassen mam Salz, de Gruyère as gesalz, de Parmesan as gesalz an Nuddelwaasser as gesalz, paar mol mi dachs schmaaschen

Basilikum Bärlauch Dip Essig Gehacktes Gewürz Grillen Pasta Poulet Rahm Reis Rosmarin Salz Sauerdeeg Sellerie Speck Tomaten

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*