Knuawléck Tomaten Poulet mat Mozzarella

Hei han ech lo mol eppes probéiert datt han ech su na nie gemaat, Poulet mat Knuawléck mariniéiert an mat Reis an Tomat an der Tajine gekooscht. An zum Schluss na mat Mozzarella an Paremsan inwerbaasch.

Dofir brausch ech?

Fir Marinade:

  • Salz
  • schwarze Peffer
  • Paprikapolwer
  • Knuawléck
  • bëssen Olivenualeg
  • Poulet

Fir Zooss:

  • Olivenualeg
  • Botterschmalz
  • Schalotten
  • Knuawléck
  • wäisse Wéng
  • Salz & Peffer
  • Tomatenpürée
  • Bréit
  • Kiischtentomaten
  • Mozzarella
  • Parmesan
  • frëschen Basilikum

Gekooscht jëtt

Am besten fänkt een ëmmer domat aan, datt een alles virbereed.

Fir Marinade han ech Peffer, Salz, Knuawléck, Paprikapolwer, an paar Bläder frëschen Basilikum am Mörser zeriwen, bëssen Olivenualeg drop schëdden datt et sech besser verreiwen lisst.

Domatt han ech den Poulet angeriwen, alles goud anmasséiert an su, ongeféier 30 Min. bei Raumtemperatur durich zéihen geloss. Du kanns en o iwert Nait an den Frigo stellen.

Schalotten an den Knauwléck han ech fein gehackt. Kiischtentomaten wäschen an de Parmesan raspelen. Gewürzer, de Wéng, Bréit an den Mozzarella parat stellen.

Fir Zooss han ech an engem waarmen Dëppen, ech schreiwen hei lo Dëppen oder Pann datt muss net an der Tajine gemaat jiän. An engem waarmen Dëppen han ech Botter mam Olivenualeg erhëtzt. Do dran han ech den Poulet gebrooden, ongeféier 5 Min. van all Séckt. Deen dann an Sëlwerpapeier anwecklen an op Ségt stellen.

Am selwischten Dëppen han ech dann op mëttel Hëtzt Schalotten an den Knauwléck aangebrooden. Do drënner han ech dann den Tomatenpürée gemëscht an deen o mat aangebrooden. Datt Ganzt han ech dann mam wäisse Wéng aafgeläscht an deen ankooschen geloss.

Hei han ech den Reis mat drënner gemëscht. Ech han deen an der Zooss gekooscht.

De Schiäffchen op 200°C Graad virwiärmen.

Als nächst Bréit drop schëdden an opkooschen loossen. De Reis ënnermëschen an 10 Min. op niddreger Hëtzt durich zéihen loossen. Schmaaschen an würzen.

Dann Kiischtentomaten drënner mëschen an na eng kéier 5 Min. kooschen loossen.

De Poulet drop leen an den Mozzarella zerplécken an driwer verdeelen, de Parmesan driwer streien an am waarmen Schiäffchen ouni Deckel fir 10 Min. iwerbaaschen.

Koochst du Nudelen dobäi, koosch déi eenzel schwenk se kuurz am Botter an den Poulet mat der Zooss drop leen.

Viraam zervéiren zerpléckten Basilikum driwer verdeelen.

Knuawléck Tomaten Poulet mat Mozzarella

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virbereeungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

30

Minuten

Zutaten

  • Fir Marinade
  • 1 TL Salz

  • 1 TL schwarze Peffer

  • 1 TL Paprikapolwer

  • 2 Ziiwen Knuwaléck

  • 0,5 Botte frëschen Basilikum

  • bëssen Olivenualeg

  • Fir Zooss
  • 1 EL Olivenualeg

  • 1 EL Botter

  • 1 gehackten Schalott

  • 4 Ziiwen gehackten Knuawléck

  • 60 ml wäisse Wéng

  • 2 EL Tomatenpürée

  • 120 ml Bréit

  • Salz & Peffer

  • 400 g Kiischtentomaten

  • 2 Bullen Mozzarella

  • 3 EL frësch geraspelten Parmesan

  • 0,5 Botte Basilikum

Zoubereedung

  • Die Ganz Gewürzer an Krégder fir Marinade am Mörser mat bëssen Olivenualeg zerreiwen. De Poulet domat anreiwen an op mannst 30 Min. durich zéihen loossen. Oder en iwert Nait an den Frigo stellen.
  • An engem waarmen Dëppen Botter an Olivenualeg erhëtzen, de Poulet van all Ségt ongeféier 5 Min. brooden. An Sëlwerpapeier anwécklen an op Ségt stellen.
  • An deem selwischten Dëppen Schalotten an den Knuawléck op mëttel Hëtzt aanbrooden. Tomatenpürée ënnermëschen an deen o mat aanbrooden.
  • Mam wäisse Wéng aafläschen an deen ganz ankooschen loossen.
  • Hei han ech den Reis drënner gemëscht, ech han deen an der Zooss matgekooscht.
  • De Schiäffchen op 200°C Graad virwiärmen.
  • Als nächst Bréit drop schëdden, opkooschen loossen, op niddreger Hëtzt mat Deckel 10 Min. zéihen loossen.
  • Kiischtentomaten ënnermëschen an na eng kéier fir 5 Min. durich zéihen lossen.
  • Dann de Poulet drop leen. De Mozzarella zerplécken an driwer verdeelen an den geraspelten Parmesan driwer streien.
  • Am waarmen Schiäffchen ouni Deckel 10 Min. iwerbaaschen.
  • Mëchs du Nudelen dobäi koosch déi eenzel, schwenk se kuurz am Botter an den Poulet mat der Zooss drop leen.
  • Viraam zervéiren zerpléckten frëschen Basilikum driwer verdeelen.

Basilikum Bärlauch Dip Essig Gehacktes Gewürz Grillen Pasta Rahm Reis Rosmarin Salz Sauerdeeg Sellerie Speck Tomaten

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*