Geschnetzeltes, gewéinlich jëtt Geschnetzeltes aus Rand-, Schwéng-, Poulet-, oder Kaleffleesch gemaat. Datt an dënn Streifen geschniddend Fleesch jëtt an enger Pann oder Dëppen am Botter oder Ualeg aangebrooden. Dachs jiänn Ënnen an Kooschelen mat ënnergemëscht fir Geschmaasch an anner Texturen ze kreien. Zooss kann aus Rahm, Bréit oder/an Wéng bestoen an mat Gewürzer an Krégder verfeinert jiänn. Als Beilaagen jiänn dachs Reis, Nuddelen oder Gromperen dobäi zervéiert. Eent beléift Ässen datt mat frëschem Geméiss oder Zaloot begleet kann jiänn.
Beléift Variatiounen
Geschnetzeltes kann op verschidden Arten zoubereed jiänn. Je noodeem watt fir eeng Fleesch gehollt jëtt, an watt fir eng Zooss drop kënnt. Beléift Varianten sen züricher Geschnetzeltes mat Kaleffleesch an Rahmgeschnetzeltes mat Schwéngefleesch.
Regional Ennerscheeder
An verschidden Regiounen jett et ënnerscheedlich Versiounen, mat Regionalen Zutaten an Gewürzer. Wie z.B.: Wiener Geschnetzeltes an Éisterräich.
Flexibilitéit
Geschnetzeltes as eent ganzt variabelt Ässen, du kanns verschidden Zorten Fleesch hualen. Zooss mat den Gewürzer kanns du su varriéiren datt se dengem perséinlichen Geschmaasch entsprëcht. Genausu kanns du datt Geméiss hualen watts du am léifsten has an mat ënnermëschen oder dobäi zervéiren.
Hei as eent Rezept an enger Zooss mat Parmesan an Kooschelen.
Dofir hualen ech.
- Schwéngsgeschnetzeltes
- Olivenualeg, beim koof vam Olivenualeg kuck op Qualitéit an informéier dech van wu et kënnt. Kuck op Ettiquette, am besten Fall sollen just Oliven dran sen.
- Ënnen, wann ech Ënnen koofen kucken ech mir se ëmmer genau aan. Ech drecken se an driien se, sie sollen fest an keen Zeechen van Schammel weisen.
- Knuawléck, genausu wie d’Ënnen kucken ech o beim Knauwléck, ech drecken de Kapp all rondrëmm. De Knauwléck soll fest sen an die bausecht Schaal soll intakt sen. An wie bei den Ënnen soll en keng Spuoren van Fäulnis an Schammel weisen.
- Kooschelen, Beim Koof van den Kooschelen pass do drop op, datt Käpp fest an drëchen sen, sie sollen keng matchig Platzen opweisen an rondrëm den Still soll den Kapp sching zou sen.
- Zitrounensaaft, Zitrounensaaft verbessert de Geschmaasch van dengem Ässen an brengt een frëschen fruuchtigen Aroma mat. Natiirlech pressen ech meng Zitrounen aus, an hualen net deen aus der Plastikszitroun.
- wäisse Wéng, beim kooschen mat Wéng as et ëmmer wichtig een Wéng ze hualen deens du o jiären drënks. Schlechte Wéng kooscht keent goud Ässen.
- Béchamelzooss, Béchamel as eng van den Grondzoossen. Sie soll noodeems se färdef as op mannst na 20 Min. bis 30 Min op niddriger Hëtzt kooschen, fir datt deen miähligen Geschmaasch verschwënnt.
- Rahm, Rahm rond deng Zooss aaf an jëtt die crémig Textur déi sech angenehm an ronn an dengem Mond aanféilt.
- Parmesan, Parmesan hat een kräftigen an würzigen Geschmaasch. En hat een herzhaften an salzigen Charakter deen villen Menüer een ausgezeechenten Aroma liwert.
- Thymian, Rosmarin, Muskot, druch deen aromatischen Goût van dësen Kréger krëtt dengt Geschnetzeltes sein aromatischen, erdigen Geschmaasch.
- Salz & Peffer
- Bratzelen, Bratzelen als Garnitur iwert dengem Geschnetzelten brengen een mëllen, frëschen, ënnenartige Aroma mat.
Gekooscht jëtt.
Fleesch schnegden ech an dënn Streifen, würzen et mat Thymian, Rosmarin, Salz an Peffer an loossen et fir ongeféier 30 Min. bei Raumtemperatur durich zéien.
Iwerdeems hacken ech Ënnen an den Knuawléck kleng.
Kooschelen wann se kleng sen schnegden ech se an véirel sen se mi deck an Scheiwen.
An engem waarmen Dëppen erhëtzen ech Olivenualeg an brooden Fleesch kräftig aan. Hualen et raus an stellen et op Ségt.
An deem selwischten Dëppen dënsten ech Ënnen an den Knuawléck aan bis se aafänken bëssen Faaref aanzehualen.
Dann mëschen ech Kooschelen drënner an brooden déi mat aan. Liit salzen an pefferen.
Ech pressen eng halef Zitroun aus, schëdden den Saaft drop an loossen en komplett ankooschen
Datt Ganzt läschen ech dann mam wäisse Wéng aaf an deen loossen ech o ankooschen.
Béchamel an Rahm drop schëdden an opkooschen loossen. Schmaaschen an würzen.
Hëtzt raaf drien an deen frësch geraspelten Parmesan ënnermëschen, wann deen ganz geschmolz as Fleesch ënnerréiren.
Mat Deckel loossen ech datt Ganzt op niddreger Hëtzt fir ongeféier 20-30 Min. durich zéien. Schmaaschen an mat Thymian, Rosmarin, Muskot, Salz an Peffer würzen.
Viraam zervéiren die kleng geschnidden Bratzelen ënnermëschen.
Iwerdeems han ech Spaghetti gekooscht, du kanns als Beilaag äwer o Gromperen, Fritten, Reis oder eng anner Zort Nudelen maan.
Schwéngsgeschnetzeltes an enger Kiisszooss
Schwierigkeit: einfasch4
30
Minuten30
MinutenZutaten
800 g Schwéngsgeschnetzeltes
Olivenualeg fir ze brooden
1 gehackten Ënn
2 gehackten Ziiwen Knuawléck
250 g an Scheiwen geschnidden Kooschelen
Saaft van enger halwer Zitroun
60 ml wäisse Wéng
0,5 L Béchamelzooss
100 ml Rahm
100 g frësch geraspelten Parmesan
1 EL Thymian
1 EL Rosmarin
bëssen Muskot
Salz & Peffer
1 Botte Bratzelen, kleng geschnidden
Zoubereedung
- Fleesch mat Salz, Peffer, Rosmarin an Thymian würzen, an fir ongeféier 30 Min. bei Raumtemperatur durich zéien loossen.
- An engem waarmen Dëppen Olivenualeg erhëtzen an Fleesch kräftig aanbrooden. Raus hualen an op Ségt stellen.
- An deem selwischten Dëppen, Ënnen an den Knuawléck brooden bis se aafänken bëssen Faaref aanzehualen. Dann Kooschelen drënner mëschen an déi mat aanbrooden. Liit salzen an pefferen.
- Zitrounensaaft drop schëdden an ankooschen loossen.
- Dann den Wéng drop schëdden an deen o ankooschen loossen.
- Béchamel an Rahm drop schëdden an opkooschen loossen. Schmaaschen an würzen.
- Hëtzt raaf driien an de Parmesan ënnermëschen, wann deen ganz geschmolz as, Fleesch ënnerréiren.
- Mat Deckel lossen ech datt Ganzt op niddreger Hëtzt fir ongeféier 20-30 Min. durichzéien. Mat Salz, Peffer, Rosmarin, Thymian an Muskot aafschmaaschen.
- Viraam zervéiren Bratzelen ënnerréiren.
- Iwerdeems han ech Spaghetti gekooscht, du kanns äwer o Gromperen, Reis, Fritten oder anner Nudelen dobäi maan.
Basilikum Bärlauch Dip Essig Gehacktes Gewürz Grillen Pasta Rahm Reis Rosmarin Salz Sauerdeeg Sellerie Speck Tomaten