Gulaschpann

Has du mol eng kéier, keen Iddi op deen klassischen Gulasch? Hei as eent Rezept fir eng lecker Gulaschpann.

De Virdeel, du kanns alles an engem Dëppen maan, an du kanns Rester verschaffen.

Ouni vill Schnickschnack zaubers du een gouden Menü op den Dësch.

Dofir hualen ech:

  • Steak oder Randsgulasch, deen ech mi kleng wie deen normalen Gulasch schnegden. Hogt duaref jo néirens mi Fett dran sen an mi kleng geschniddend Gulaschfleesch kann een dann o kuurz brooden.
  • Schalotten
  • Knuawléck
  • gekooschten Gromperen vam Daag virdraan.
  • all-Zweck-Gewürzmëschung
  • an bëssen Botterschmalz oder Ualeg fir ze brooden

Gekooscht jëtt:

Ech han Gulaschfleesch gehollt, an d’Würfelen na mi kleng geschnidden. Datt watt ech des lässt kooft han as fir een gouden Gulasch leider vill ze moojer.

Gromperen schnegden ech an Würfeln.

Schalotten an fein Ronselen.

de Knuawléck hacken ech fein.

Dann brooden ech Fleesch kräftig aan an würzen et. Ech mëschen Gromperen drënner, an loossen déi bëssen Faaref aanhualen. Schmaaschen an würzen.

Als nächst driien ech Hëtzt bëssen raaf an mëschen Schalotten mam Knuawléck drënner. Déi dënsten ech aan an loossen datt Ganzt ongeféier 10 Min. durich zéien.

An zum Schluss streien ech na gehackten Péitersilich driwer.

Gulaschpann

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Virberreedungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

20

Minuten

Watt brausch ech?

  • 300 g Randssteak oder Gulasch

  • 200 g gekooschten Gromperen

  • 3 an Ronselen geschnidden Schalotten

  • 2 gehackten Ziiwen Knuawléck

  • Botterschmalz oder Ualeg fir ze brooden

  • 1-2 TL All-Zweck-Gewürzmëschung

  • bëssen gehackten Péitersilich

Wie jëtt gekooscht

  • Fleesch an kleng Würfelen schnegden.
  • Botterschmalz oder Ualeg an engem waarmen Dëppen erhëtzen. Fleesch do dran aanbrooden.
  • Gromperen ënnermëschen an Faaref aanhualen loossen.
  • Als nächst Hëtzt raaf driien an Scalotten an de Knuawléck ënnermëschen, datt Ganzt na ongeféier 10 Min. op niddreger Hëtzt zéien loossen.
  • Zum Schluss streien ech dann na gehackte Péitersilich driwer.

Akooschen Baaschen Basilikum Botter Brugd Bungenkrogt Bärlauch Courgetten Curry Dip Essig Fleesch Gefligel Geméiss Gewürz Gewürzmëschung Grillen Gromperen Gréin Bungen Kalef Knuawléck Krégder Muurten Olivenualeg Pasta Peffer Pesto Pizza Poulet Randfleesch Reis Rosmarin Réckbléck Salz Sauerdeeg Spargelen Speck Tomaten Wuuscht Zaloot Zitroun Zocker Zooss Zoossenfond Zopp

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*