Pico de Gallo

Verschidden Rezepter, déi wirkiken su einfasch, datt een eigentlich näist opschreiwen misst. Tomaten, Cornichon, Ënnen, Chili, Koriander, Limette an Salz, fiärdig. Genau aus dësem Grond schreiwen ech mengt Rezept op, well dachs bei su einfaschen Saaschen am meesten schiif jieet. Keen verbrennt den Pico de Gallo. Äwer bal jidfereen krëtt et hin datt en matschig ass, datt en wässerig ass oder datt en su scharef ass, datt en den Rest vam Ässen iwerhëllt. Technik hei ass keent Kooschen, mee d’Schnegden, Timen an Aafschmaaschen, an genau datt jiët dachs ënnerschätzt.

Pico de gallo heescht genau iwersatt „de Schnaawel vam Hahn“, an déi am meesten vertrodden Erklärung ass, datt en dës Salsa fréiher mat de Fanger opgebpickt hat, wie een Hahn beim picken. Ob datt wirklich stëmmt weess äwer keen genau, et passt äwer zur Saasch. Et ass eent rrit, frëscht, liit graff geschniddend Ässen, datt een ësst an net zelebréiert.

D’Zutaten

  • Tomaten, Roma-Tomaten sen die klassisch Wiäll, sie se mi fest an manner wässerig wie die ronn Zalootentomaten. Datt ass keen Detail, mee deen Punkt aan deem die meest Verséich scheiteren, wann nëmmen wässerig Tomaten verschafft jiän.
  • Cornichon, sie brengen Frëscheet, ouni de Goût zevill ze verännern.
  • Ënnen, deem klassischen Rezept no wäiss Ënnen, keng rugd, keng jiäll. Ech han jiäller gehollt, datt klappt o. Die wäiss sen mi scharef am Goût, ouni die séisslich Nuancen, déi rugd Ënnen mat brengen. Datt passt besser zu dëser kloerer, scharefer Frëscheet.
  • Serrano- oder Jalapeño-Chili. Serrani sen die klassiche Wiäll an mi scharef. Jalapeños sen bëssen mi mëll an et fënnt een se besser bei eis. D’Quantitéit bestëmmt d’Ergebnis, fänkt also mat winig aan, an pass den Zaloot su aan dein Goût aan.
  • Koriander, an wann bei dir den Koriander no Seef schmaascht, loss en fort oder ersetz en durich glatte Péitersilich. D’Zaloot jiët bëssen annëcht, äwer net schlecht.
  • Limetten, den Saaft dovaan, frësch gepresst, näist aus enger Fläsch fiärdig kooft. Den Ënnerscheed bemiärikt een direkt. deen frëschen Limettensaaft würzt net nëmmen, mee en zéiht o liit an Tomatenstecker an, an hällt datt ganzt zesaammen.
  • Salz, graff oder fein, ganz no dengem Goût.

De Prozess

Ech fänken mat den Tomaten aan, sie brauschen die meest Opmiäriksamkeet, sie wäschen ech ol firtischt. Dann halbéieren ech se, an dann kënnt een Schratt deen jären iwersrpongen jiët, well et fir die meest nëmmen gefummels ass. Kären an die gallertartig Mass, déi an der Mëtt ass kratzen ech mat engem Läffel raus. Ech well nëmmen datt fest Fruuchtfleesch. Su leen ech meng Hlaschenten dann mol mat der Schnëttfläch no ënnen op Këchenpapeier, su datt sämtlich Flëssigkeet aafdrëpsen kann.

Iwerdeems schnegden ech d’Cornichon an kleng Würfelen, firtischt wäschen ech se, déi kommen dann an eng Sei leien, an jiän gesalz, goud vermëscht an o sie bleiwen su mol eng goud halef Stonne stoen. Setz se mol op een Teller, dann gesegs du wivill Waasser do raus zéiht, deen net an denger Zaloot land.

Noodeems Tomaten goud aafgedrëpst sen, schnegden ech d’Fruuchtfleesch an kleng Würfelen, déi leen ech dann an eng Schossel. D’Ënn jiët o kleng gewürfelt an sie kënnt o bei Tomaten an d’Schossel. Wichtig fir Textur ass datt alles an ähnlich gruuss Würfelen geschnidden ass.

Beim Chili entscheeds du selwer, wie scharef et se soll. Die meest Schiäreft setz am Soom an an der bannëchter Rëpp wu de Soom draan fest ass, net am Fruuchtfleesch, een Mytos, deen sech stur hält, äwer net ganz richtig ass. Capsaicin-Konzentratioun ass an de Plazenta-Rëppen am higsten, aan der wu den Soom draan wiist. Schnegs du sie raus an hëlls nëmmen d’Fruuchtfleesch, krëss du Chili-Goût mat liiter Schiäreft. Liss du sie dran, jiet et seriös. Eng Saasch na, do Händschen aan, wanns du mat Chilischoten schaffs, zemools wanns du empfindlich Hogt has. Wäsch deng Händ grëndlich mat Seef, alleng Waasser verdeelt Schiäreft nëmmen op dengen Hänn. Cilischoten jiän fein gehackt an kommen dann bei den Zaloot.

Genausu maan ech mam Koriander, deen hacken ech o fein, mat de Stiller an mëschen deen ënner meng Zaloot. Stiller han bal genausuvill Aroma wie d’Bläder, sie se just bëssen mi fest an hirer Textur.

Dann mëschen ech d’Cronichon drënner, déi missten lo genou aafgdrëpst sen.

An zum Schluss kënnt deen Deel deen eigentlich deen wichtigsten ass, obwohl et no naist ausgesegt. de Limettensaaft. Dann mëschen ech an schmaaschen, d’Cronichon woren jo well gesalz, kann äwer sen datt na bëssen fehlt. D’Zaloot setzen ech dann mol fir 10 bis 15 Min an de Frigo, befir ech nowürzen. D’Salz zéiht während dëser Zekt Waasser aus den Tomaten an Ënnen, datt mëcht sech mam Limettensaaft an den ätherischer Ualiger aus Koriander an Chili, an zum Schluss has du eng Salsa, déi sech wie ent Ganzt aafschmaascht an net mi niäwenteneen legt.

Na eng kleng Bemiärkung zu den Tomaten

Wann deng Tomaten aus dem Buttik ischter fad an wässerig asgesehen am platz tegdig an aromatisch, watt leider dachs de Fall ass, besonnig ausserhalb van der Saison, dann hëlef hinne bëssen. Salz d’Würfelen liit an loss se op enger Passette aafdrëpsen. Datt zéiht an bëssen Waasser aus der Tomat. Mi aromatisch jiän sie zwar net, et verhënnert äwer datt deng Salsa ze wässerig jiët.

Zum Schluss

Pico de Gallo ass am besten frësch, deen selwischten Daag gäss, net well en schlecht jiët, mee well Tomaten vriaan Waasser zéihen an su seng Knackigkeet verléiert, Bleiwen Rester iwerig, schmaaschen déi den Daag drop o na, just bëssen annëcht, mi mëll, mi durichzujien, bal wie eng Salsa crudo am Platz een Pico de Gallo.

Varianten jiët et massig, traditionell kommen o keng Cornichon mat dran, ech han den Knack äwer jiären. Verschiddener maan bëssen Essig dran, annerer bëssen geriwwene Knuawelek. Datt ass alles net falsch, probéier et einfasch an verhaal dir watt dir am besten schmëcht.

Pico de Gallo

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virbereeungszéckt

30

Minuten
KooschzécktMinuten

Zutaten

  • 500 g Tomaten

  • 1 Geméisscornichon

  • 2 Ënnen

  • 3 rugd Spitzpaprika

  • 2 frësch Chilischoten

  • Saaft van 2-3 Limetten

  • 1 Botte frëschen Koriander

  • 1-2 TL Salz

Zoubereedung

  • Tomaten véirelen, entkären an a kleng Würfelen schnegden.
  • Cornichon schiälen, halbéiren, entkären, an an kleng Würfelen schnegden. Cornichon schiälen ech aus deem Grond, ënnert der Schaal setzen zwar die meest Nährstoffer äwer o Batterstoffer. Fir dann na deen deen rest batteren Geschmaasch raus ze kreien wässeren ech se ongeféier 1 Stonn am Salzwaasser. Dann wäschen ech se grëndlich ënner fleissendem kaalen Waasser aaf an verschaffen se firan.
  • D’Ënnen, Chilischoten an de Koriander ganz fein hacken. Beim Koriander scheeden sech Geester, hast du en net jiären, kanns du o Péitersilich hualen.
  • De Paprika entkären an kleng Würfelen.
  • Dann alles an enger Schossel mateneen vermëschen, Limettensaaft drop schëdden an dann mol just 1 TL Salz mat ënnermëschen. Ech han an meng Zaloot o na Zeste van 1 Limette mat ënnergemëscht.
  • Setz Zaloot fir 1 Stonn an den Frigo, dono probéiren an evtl. na 1 TL Salz ënnermëschen.

Dip Gehacktes Gewürz Rahm Salz Speck Tomaten

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*