Et jiän Ässen, déi wellen dech beandrocken, an dat jiët et na Irish Stew. Dräi, véier Zutaten, Gedold, fiärdig. Keen Weng, keen Kregder-Bouquet. Genau doweenst han ech en jiären, wann den Hiärest mir aafänkt op d’Nerven ze goen.
Ech soen et well direkt, well et ëmmer rëm Strekt jiët, Muurten oder keng Muurten, Guinesse oder keen Guinesse.Ech denken datt all Familjen hirt eegent Rezept hat. Bei mir ass et op alle Fall mat Muurten an mat Guinesse. Mi wegt ënnen erklären ech dir watt sech ännert wann’s du et annëcht mëchs.
Watt dëst Ässen eigentlich ausmëcht. Du hëlls eent Steck Fleesch, datt op all anner Art ziih an fad bleiwen jiff, an du hëlles genau datt raus, watt am Dëppen miilisch ass, durich Zekt, net durich Zauberei. Wanns du bis verstehs, firwatt datt fonktionéiert, brauchs du fir den Rest van dengem Liäwen keent Rezept mi dofir.
Zutaten
Lammschëller, mat Schanken, an graff Stecker geschnidden. Schëller, well sie genou Bindegwebe hat, fir während dem langen Schmooren saaftig ze bleiwen. Een Gigot jiff drëchen jiän, deen ass ze moojier fir dës Behandlung. D’Schanken bleiwen dran, well déi während dem Kooschen Goût an Gelatine aafjiän, ass keen dran, ass datt keen Drama, et fehlt dann nëmmen bëssen Umami.
Gromperen, deelweis miähligkooschender, sie sollen zum Schluss hin liit zerfällen an mat dozou bäidroen datt Bréit mi deckflëssig jiët. Datt soll su sen, an ass keen Fehler.
Muurten, déi ech an deck Scheiwen oder deck Stäbercher schnegden. De Kappes schnegden ech an Sträifen.
D’Ënnen jiän geschiält an graff gewürfelt.
Lorbeerbläder, Neelcheskäpp, Salz an Päffer
Waasser oder eng hell Bréit an 1 Fläsch Guinnesse, d’Röstaromen aus dem Béier spillen genau an déi Richtung, déi ech well beim Aanbrooden vam Fleesch agefongen han, bëssen mi déif an bëssen mi batter. Has du een anneren Stout zur Hand, klappt datt graad su goud wie de Guinnesse, et jiët net ëm d’Mark, deen ass just die bekannste Variant.
An natiirlich brausch ech bëssen Fett fir aanzebrooden, Botterschmalz oder Ualig.
Su jiët gekooscht
Befir irgendjiät an eent Dëppen kënnt, salzen ech mengt Fleesch an loossen et am besten iwert Nait am Frigo zéihen. Dann tuppen ech d’Fleesch mat Këchenpapeier drëchen. D’Waasser datt om Fleesch ass verhënnert datt et ordentlich brong jiët während dem Aanbrooden, d’Hëtzt muss sech dann mol firtischt ëm d’Waasser këmmeren an datt verdonsten loossen befir iwerhaupt eng Reaktioun om Fleesch sech weisst. Naast Fleesch dämpt, am Platz brong ze jiän, an datt ass genau deen Goût deens du spéider vermëss.
Als nächst setzen ech Dëppen op Plaque an erhëtzen datt, dann schëdden ech rischt Ualig oder Botterschmalz dran an erhëtzen deen. Lo kennt Fleesch dran, ass et vill Fleesch brooden ech et an Etappen aan, Dëppen kéilt soss zevill aaf an mengt Fleesch dënst mi wi datt et Faaref aanhëllt. Et muss zischen an sprutzen, dann net direkt dran réihren goen, loss Stecker leien bis se sech vam selwen vam Buadem liesen an bis se wirklich donkelbrong sen. Bei Lammfleesch dauert datt bëssen mi lang, dëst Fleesch brengt net suvill Eegenfett mat wie Schweng oder Rand. Krust déi sech bild as keng Kosmetik, sie ass d’Basis vam Goût. Datt watt lo passéiert, Röstaromen durich Maillard-Reaktioun krëss du spéider net mi an dein Stew.
D’Fleesch hualen ech dann raus an stellen et op Segt bis ech et brausch. D’Hëtzt driien ech bëssen raaf an brooden dann d’Ënnen, de Kappes an ongeféier d’Halschent van de Muurten aan. Datt lossen ech op niddriger bis mëttel Hëtzt brooden bis alles Faaref hat an aafänkt mëll ze jiän.
Dann kennt d’Fleesch rëm dobäi, lo driien ech d’Hëtzt rëm rop, leen den Lorbeer an d’Neelcheskäpp mat dran an läschen datt Ganzt mam Guinnesse aaf. Mat engem Holzeläffel kratzen ech alles watt sech om Buadem festgesatt hat looss. D’Béier loossen ech liit ankooschen, su datt een Deel vam Alkohol verdämpt. Dann schëdden ech d’Bréit oder d’Waasser drop, graad suvill datt alles just bedeckt ass. Net erdränken ech well een Eintopf, keng Zopp mat Fleesch. Opkooschen loossen dann Hëtzt op niddirg. Watt ech lo well ass eent ganz liit blubberen. Kooscht et ze starik, jiët d’Fleesch ziih, befir et Chance krëtt zart ze jiän, well d’Muskelfaseren bei zevill Hëtzt mi siier d’Waasser verléiren wie d’Bindegwebe sech opliiesen kann. Genau dëst Glächgewiit ass den Trick beim Schmooren. an deen eenzigen Grond fir watt su eent Ässen iwerhaupt Zekt brausch.
Deckel drop, äwer net ganz fest, eng goud Stonn villäicht annerhalef. Kuck eng kéer no 45 Min. dran, net well jiät gemaat muss jiän, just fir ze kucken wu’s du stehs. D’Fleesch soll sech mat enger Forschette bal van alleng auserneenzéihen loossen, ouni Drock, datt ass d’Signal, net d’Auer.
Rischt wann d’Fleesch sech an déi Richtung bewegt, kommen d’Gromperen an deen Rest van den Muurten mat dran. Ze fréih an sie zerfällen komplett zu bräi, ze spéit an sie bleiwen hart, währen all datt annert well méid ass. D’Gromperen fänken lo aan sech aan den Ränner opzeliesen, genau datt well ech, well die Stärke, déi dobäi fräi jiät bënnt meng Bréit ganz van alleng. Keen Miähl, keen Schmand, keen Maizeena. Een van deen Grënn friwatt dëst Ässen su éierlich schmëcht, Et bënnt mat deem watt suwiesu well dran ass.
Datt Ganzt lo na eng kéier mam Deckel drop 30 Min. kooschen loossen. Pick mat der Forschette oder engem Messer an deng Gromperen, sie sen mëll, zerfällen äwer na net komplett. Zum Schluss natiirlich aafschmaaschen an nowürzen.D’Fleesch wor jo well gesalz, an deng Bréit ass o gesalz, ausserdem verännert d’Kooschzekt de Goût o na, dofir rischt zum Enn hin aafschmaasch an nowürzen.
Zum Schluss
Looss dein Stew, wanns du Zekt has, een Daag am Frigo stoen, befirs du en ëss, net well et Pflicht ass, mee well sech de Goût iwert Niät na eng kéier nei sortéiert an alles mi ronn jiët. Datt ass äwer Theorie fir een anneren Artikel, hei soll et ëm d’Kooschen selwer goen.
Wëlls du ouni Béier kooschen, ass datt keent Verbrächen, du änners de Charakter, ouni Guinnesse krëss du mi eng hell, mëll Bréit, mi no aam klassischen, bal well kneckigen Irish Stew, deen fir verschiddener die eenzig richtig Variant ass. D’Béier brengt dofir een liit batteren, liit karameligen Goût mat, déi datt Ganzt an Richtung Beef-and-Guinnesse-Stew brengt, et ass net d’Original, äwer keen wärt dech dofri verhaften. An falls du d’Muurten fir Ketzerei hälls, loss se fort, dann has du wirklich die reduzéiert Variant, sie schmëcht graad su goud, just bëssen annëcht.
Irish Stew
Schwierigkeit: einfasch4
15
Minuten2
Stunden30
MinutenZutaten
750 g Lammgulasch, alternativ Randsgulasch
Botterschmalz
2 gruus Muurten
2 Ënnen
300 ml Guinness, alternativ Malzbéier
125 ml Bréit
2 Lorbeerbläder
5 Neelcheskäpp
Salz & Peffer
500 g Gromperen
1/2 Kapp wäisse Kappes oder Wirsing
Zoubereedung
- Geméiss botzen, schiälen, wäschen, an graff Stécker schnegden. Stecker brauschen net ganz kleng ze sen.
- D’Ënnen graff hacken
- Fleesch an Würfelen van ongeféier 3 cm schnegden. Salzen an op mannst 30 Min. bei Raumtemperatur durich zéien loossen. Am besten iwert Näit.
- An engem waarmen Deppen Botterschmalz erhëtzen an Fleesch van all Ségt kräftig aanbrooden. Raus hualen an op Ségt stellen.
- An deem selwischten Deppen, Ënnen aanbrooden, de Kappes, an d’Halschent van de Muurten ënnermëschen an déi op mëttel Hëtzt mat brooden.
- Fleesch ënnermëschen, de Lorbeer an d’Neelcheskäpp mat dran leen, an mam Guinness oder Malzbéier aafläschen, datt Ganzt bis op Halschent ankooschen loossen.
- Bréit oder Waasser drop schëdden, su datt alles just bedeckt ass eng kéier opkooschen loossen. Op niddriger Hëtzt zougedeckt op mannst eng Stonn schmooren loossen. Schmaaschen evtl. nowürzen.
- No där Stonn, deen Rest Muurten an d’Gromperen ënnermëschen an na eng kéier mat Deckel 30 bis 35 MIn. schmoren loossen. Schmaaschen evtl. nowürzen.
