Patates Yahni

Gromperen, op grieschisch Art. Een deen Gromperen jiären hat as mat dësem Rezept genau rischtig. Dëst klassischt grieschischt Ässen weisst wie een aus paar einfaschen Liäwensmëttel jett wonnerbares kooscht.

Patates Yahni kann een als reng vegtarische Menü genéissen oder als Beilaag notzen. Gromperen an Olivenualeg an Tomaten gekooscht, gewürzt mat Salz, Peffer, Ënnen, Knuawléck an Péitersilich.

Patates Yahni as eent traditionellt grieschischt Ässen datt ënnert Kategorie “Ladera” fällt, watt suvill bedeit “an Olivenualeg gekooscht” ouni zousäztlich annert Fett. Kuck datts du gouden Olivenualeg has.

Wie bei allen klassischen Menüer ännert Rezeptur ëmmer rëm. Klassisch Rezepter gin an den Familijen viraan gereecht an jidfereen hat seng eegen Art fir ze kooschen.

Fir Patates Yahni hualen ech:

  • Gromperen
  • Olivenualeg
  • frësch Tomaten
  • Ënnen
  • Knuawléck
  • Lorbeerbläder
  • Salz & Peffer
  • Péitersilich
  • Waasser

Patates Yahni kooschen ech su:

Gromperen schiälen ech an wäschen se ënner fléissendem Waasser. Ënnen schnegden ech an fein Streifen an den Knuawléck hacken ech kleng. Tomaten schiälen ech, an schnegden se an graff Würfelen. De Péitersilich jëtt o gehackt.

Dann setzen ech een Dëppen op Plaque an erhëtzen datt virtischt op mëttel Hëtzt. Schëdden dann den Olivenualeg dran an erhëtzen deen o.

Ënnen an den Knuawléck am waarmen Olivenualeg dënsten bis se mëll sen. Mëschen dann Gromperen an Tomaten drënner. Alles goud verréiren an kuurz aandënsten.

Waasser drop schëdden bis Gromperen just bedeckt sen. Hëtzt rop driien an opkooschen loossen. Gewürzer an den Péitersilich ënnerréiren.

Hëtzt rëm raaf driien an Gromperen kooschen bis se mëll sen. Ëmmer rëm dran réiren evtl. na bëssen Waasser nooschëdden. Flëssigkeet soll bal ganz angekooscht sen.

Tipp: Wann Gromperen mëll sen, kann een Tzatziki dobäi reechen, Feta iwert Gromperen grimmelen an Oliven driwer verdeelen, su hat een een gouden vegetarischen Menü. Oder et reecht een Gromperen bei Moussaka oder annert Fleesch.

Patates Yahni

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virberreedungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

40

Minuten

Zutaten

  • 1,5 kg geschält an graff gewürfelt Gromperen

  • 1 an fein Streifen geschnidden rugd Ënn

  • 3 gehackten Ziiwen Knuawléck

  • 4 geschiällt an graff gewüfelt Tomaten

  • 120 ml Olivenualeg

  • 1 Lorbeerblaad

  • 1 EL Salz

  • 0,5 TL schwarze frësch gemahlene Peffer

  • 2-3 EL gehackten Péitersilich

  • Waasser

Zoubereedung

  • Eent gruust Dëppen op Plaque setzen an bei mëttler Hëtzt wiärmen. Olivenualeg dran schëdden an wiärmen.
  • Ënn an den Knuawléck op mëttel Hëtzt dënsten bis se mëll sen.
  • Gromperen an Tomaten ënnermëschen an kuurz dënsten. Dann Waasser drop schëdden bis Gromperen just bedeckt sen. Opkooschen loossen an Hëtzt dann raaf driien.
  • Gewürzer, Lorbeerblaad an den Péitersilich ënnermëschen. Ouni Deckel ongeféier 40 Min. op niddreger Hëtzt kooschen loossen, ëmmer rëm dran réiren an evtl. na bëssen Waasser nooschëdden. Flëssigkeet soll bal ganz angekooscht sen.
  • Verfeinern kann een:
  • dest Rezept natiirlech mat all mediterrane Gewürzer, su kann een 1 Thymianast, 1 Rosmarinast, Oregano an Majoran mat kooschen.
  • Tzatziki dobäi reechen, Feta driwer grimmelen, Oliven drop verdeelen an den vegatrischen Menü as komplett.

Genaus su kann een fir den Daag drop Pürée draus maan. An der Pann gebrooden, eng Zaloot dobäi an et hat een rem een Menü.

Basilikum Bärlauch Dip Essig Gehacktes Gewürz Grillen Pasta Rahm Reis Rosmarin Salz Sauerdeeg Sellerie Speck Tomaten

Leave a Comment

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*