Chrëstdaag 2022

Die ischt Gedanken watt Chrëstdaag op den Dësch kënnt han ech mir well Chrëstdaag 2021 gemaat, an zwar dann wann Familijen beineen am Dësch setzt. 😉

Datt Ganzt Joer iwer bekucken ech mir ëmmer rem verschidden Rezepter an stellen mit Froosch op een datt o fir Chrëstdaag maan kann. Datt heesch äwer lo net datt ech mech verreckt maan.

Rischtig mat plangen fänken ech su mëtt November aan, meesstens han ech dann well bal den Menü am Kapp. Grondgerürst steht kleng Ännerungen kommen su oder su.

Ech probéiren o ëmmer rëm irgendeppes annecht ze maan.

Su han ech z.B. eent Joer probéiert den Roastbeef am Pizzauawen ze maan, do heescht et dann net, lo loossen mir den Brood mol gewärden an maan eppes annecht. Bei baal 400°C Grad bleift een dobäi stoen.

Ech han mech o well an verschidden Desserten probéiert, mais ech kann net goud baaschen. Eng Créme kreien ech na hin, oder eng Glace an datt wor et dann well.


Eng Woosch viraan Chrëstdaag fänken ech aan virzebreeden. Ech kucken Rezepter durich an schreiwen mein Ankoofsziäddel.

Fleesch as bestallt, an een Deel wor ech o well séichen.


Houhnerbréit

Mondig, den 19/12/22

Hogt han ech Houhnerbréit gekooscht an Zopp suwegt virbereet, datt ech se Chrëstdaag just na mam Eijäll bannen an Garnitur ënnermësche muss.

Jo ech wees datt as fréi an sie jëtt mir bestëmmt sauer. Datt jiff o passéiren wann ech se am Frigo stoen loossen. Ech fréiren se an. An ech brausch mir doriwer keng Gedanken mi ze maan bis Chrëstdaag selwer. Ech muss natiirlech draan denken fir se aus der Truh ze hualen. 😉


Dasdig, den 20/12/22

Hogt steht akoofen om Plang. Ausgerüst mat engem DinA4 Blaad an engem Bic sen ech om Wee fir op Dikrech op den Frëschmaart. Van do brengen ech mengt ganzt Geméiss mat. An do as dann well die ischt Ännerung an mengem Menü kommen.

Et sollt Muurten, Chouxfleur an Brockelcher jiänn. Sie haaten zwar Chouxfleur, mais en wor net wirklech sching, an su kleng datt een en baal net gesehen hat 😉 Su datt et lo Muurten, Brockelcher an gedënsten Chicorée jëtt (dees haat ech well lang keen mi) su datt die Ännerung gar net su schlëmm as.

Ech han mech mussen tommelen, haat keen Parkticket gehollt, den Pëchert wor su fréih äwer na net ënnerwee.

Aakeef all am Auto verstaut wor mein nächsten Weeg dann Ettelbréck Schlaithaus. Well ech Fleesch äwer bei engem anneren Metzler bestallt han, han ech van do net suvill gebrauscht. Bëssen Hamm an aus dem Magasin Frittenfett.

Datt wor äwer na net meng lest Statioun, van Ettelbréck sen ech du op Lorentzweiler bei den Bontà italiana gefahren. Kiiss an na eng kéier Kiiss, Risotto… an na eng kéier Kiiss… an na paar anner Saaschen.

Domatt wor den Moien ëm an ech han mech op den Weeg Heem gemaat.


Mëttwoosch 21/12/22

Hogt han ech Rezepter na eng kéier durich gekuckt, an mam Akoofsziäddel verglasch. Han eng nei Lëst geschriwen an mein ischten Weeg wor den moien bei den Bäcker Brigdercher bestellen. Ech haat o iwerläit fir selwer Brugd ze baaschen, mais datt wir mir dann zevill jiänn.

Dono wor ech dann na an de Buttik, an han kooft watt na gefehlt hat an natiirlech o iwerflëssig Saaschen…

Nomëttes han ech mech dann draan jiänn fir die verschidden Botterzorten ze maan. Bëssen fir den Aperitif muss et jo o jiänn.


Donnegdig, den 22/12/22

Hogt hat ganz entspannt aagefongen. Ech brausch o néirens hinzefahren oder irgendeppes ankoofen ze goen, su datt ech mir Hogt mol Zéckt fir mech hualen…

— 5 Min. —

…mi spéit. Ech mengen datt jëtt näist mat Zéckt fir mech 😉 .

Hogt bereeden ech alles fir, fir en Fregdig mat bei Arbichstkollegen ze hualen, mir han zu Elwen all Joer su eng kleng Chrëstfeier ënner eis. As ëmmer ganz gemütlich mat bëssen Champes an paar „Häppcher“ jëtt su Joer aafgeschloss.


Fregdig, den 23/12/22

Hogt jëtt na eng kéier mi een entspannten Daag, an ech bereeden mech moralisch op muaren an iwermuaren fir.

Nomëttes treffen mat den Arbichtskollegen an su han ech den Daag ausklengen gelooss, ganz relax an entspannt.


Samsdig, den 24/12/22 Hellëgowend

Hogt as natiirlech een Daag wu ech alles virberreeden watt ech kann.

de Menü steht:

Fir Entrée jëtt et

Kinniginzopp, Saumon’s Frëll mat Dattelen an Cannelle, Gambas a la plancha an Risotto Milanese.

Hauptplat

Involtini „Saltimbocca“ an mat Ham an Kiis, Pommes Dauphine, hausgemaaten Fritten, gebaaschen Brockelcher, gedënste Chicorée, Muurten an Zaloot.

Dessert

Spekulatsiusparfait an Schoklasmousse.


Dann heescht et alles virbereeden, Involtini rullen, Geméiss schnegden, Marinade maan fir Gambas. Pommes Dauphine hat meng Mamm well während der Wosch gemaat.

Owes wor dann Rendez-Vous bei menger Schwéisch, all Joer een schingen gemütlichen Owend, bei Raclette, vill laaschen an vill ze vill Ässen.


Chrëstdaag

Mir han an alles Gedeit, mir haaten o näist aus dem Buttik vergees.

Kinniginzopp
Saumon’s Frëll mat Gamabas an Risotto
Involtini, gebaaschen Brockelcher an Chicoree

Gesegt alles rischtig goud aus, an et hat o alles goud geschmaascht. An wie die ganz Familijen am Dësch sutz, an Entrée zervéiert jiän as, as mir ofgefallen, datt mir Muurten vergess han, su as et de Menü dann ouni Muurten jiänn 😉 .

Foto vam Dessert han ech vergeessen ze maan.

An datt wor Chrëstdaag 2023, den Daag loossen ech lo om Canapé beim TV ausklengen.

Basilikum Bärlauch Dip Essig Gehacktes Gewürz Grillen Pasta Rahm Reis Rosmarin Salz Sauerdeeg Sellerie Speck Tomaten

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*