De Maart béid eis Hogt alles, zu all Zéckt, Saisonal as ëmmer mi an den Hannergrond geréckt. Datt wor äwer net ëmmer su. An 100 Joer hat sech Ässen an Kooschen vill verännert.
Viran 100 Joer
Ëm 1900 während der Däitscher Kaiserzéckt, as Verfügbarkeet van den Liäwensmëttel geklommen, an datt an alle Regiounen. Während dem Joerhonnertweesel hat hauptsächlich die “besser” Gesellschaft frësch geschossen Wëld gäss. Datt an alle Variatiounen an su vill wie miileg. Während deen klenge Mann sech Hauptsächlich van deem ernährt hat watt an sengem Gaard gewaass as.
Verbonnen mat ëmmer manner Zéckt déi deen normalen Aarbichter hat, entstinn su o die ischt bëllig Produkter, verschiddener kenne mir Hogt na. Een gewessen Här Maggi brengt die ischt Tuutenzoppen op den Maart, genausu wie den Gewürzcube. Opgrond van der Masseproduktion van Papeier an Karton wor et miileg Liäwensmëttel an kleng Protiounen ze verpacken.
20er / 30er / 40er Joeren
Sen geformt van deen 2 Weltkréicher. Iwerall op der Welt hongeren Mënschen. Hamsterfahrten ant Ëmland, klauen an natiirlech den Schwarzmaart deen boomt. Zu där Zéckt entstinn die ischt Bëchsen, watt deen Virdeel hat et wor lang haltbar an siier gekooscht. Während der “gruuser Depressioun” wor Fleesch, Weesemiähl an Botter onbezahlbar. Hauptnahrungsmëttel woren zu där Zéckt, Brugt an Gromperen.
Paralell dozou hat äwer o eng anner Welt existéiert, déi vam Luxus van den 20er Joeren. Fir déi Mënschen, déi sech datt leesten konnten wor all Daag Party, dodurich as den Konsum vam Champes an Absinth ant luut jiangen.
Noom 2te Weltkréich wor chronischen Mangel van allem, an datt fir deen griisten Deel van der Bevölkerung. Liäwensmëttel sen rationéiert, Fleesch an Kaffi juff et seelen. Obst an Geméiss just wann et importéiert juff. Fir die meest Mënschen woren Buttiker egdel. Villen as deen Begrëff “Muckefuck” bekannt, eent Gedrënks aus Kären oder Eechelen, datt den Kaffi ersetzen sollt.
Den Honger as riwer
Während den 50er as den Honger riwer. Eng rischtig “Fresswell” entsteht. Liäwensmëttel kanne rëm am Buttik kooft jiänn. Mayonnaise, Bottercreme, exotisch Friischten aus der Bëchs, Fleesch, Béier an o Kaffi sen net mi fortzedenken. Banane as bis Hogt een Produkt déi des Zéckt symboliséiert.
Ässen as zu där Zéckt een ganz gruusen Thema, die ischt Kooschshow as zu där Zéckt entstannen.
Flower Power
Während den 60er as die gruus “Fresswell” riwer, et jëtt mi opgepasst op Gesond Ässen. An die einfasch an simpel Zouberredungen jiän ëmmer mi bléift. Zu där Zéckt sen o endlich Suen do fir ant Vakanz ze fahren, an datt mëcht sech o an der Këchen bemiärikbar. Durich Gastaarbischter jëtt Menukaart mi gruss, wie z.B. mat Spaghetti, Pizza, Gyros… An o Fischstäbercher an Ketchup jiän ëmmer mi bléift. An durich Medien, déi eis deen perfekten Schingheetsideal weisen, jëtt gezielt op die schlank Linn an Régime opgepasst.
Während den 70er Joeren, maan die ischt Burgerketten hir Diren op. Friischten jiän ëmmer mi exotisch an sen viran allem an de Bëchsen ze koofen. An o déi ëmmer mi modern Technik féiert dozou datt die ischt Truhen ant Buttiker kommen. Su datt et net lang dauert bis een die ischt TK-Pizzaen ze koofen krëtt.
Generation X an Generation Y
80er an 90er as Joerzéint van Natur- an Ëmweltschutz. Pestiziden, Bëschstiärwen an Tschernobyl as den Bensin fir datt Feier. De Müsli jëtt zum Symbol van der neier ëmweltbewosster Ernährung, ëmmer mi Biobuttiker entstinn.
Et kommen äwer o ëmmer mi Färdegprodukter op den Maart, Fast Food jëtt ëmmer mi beléift. An fir siier ze kooschen plënnert Mikrowell an vill Këchen. Des Entwecklung geht o dorp zereck, datt ëmmer mi Frauen schaffen gin an net mi doheem sen.
2000er
Den Trend entweckelt sech zu aafwiässlungreicher an gesonder Ernährung. De Fleeschkonsum geht zereck, ausser deen vam Gefligel deen geht rop. Ëmmer mi Mënschen interesséiren sech dofir aus watt die eenzel Menüer bestinn. Durich BSE-Krise an Bilder van Massendéierhaalung, veronsëcheren Mënschen an et jëtt vill mi opgepasst.
Bioprodukter an Biosiegelen jiänn agefouert. Bio as o net nëmmen mi an Biobuttiker ze kreien, Bioprodukter krëtt een iwerall. Ëmmer mi Liäwensmëttel kreien “Zousatzfunktiounen” wie z.B. darmflorafördernd Joghurtdrinks oder déi angeblich cholesterinsenkend Magrin.
Hogt
“eng kéier To Go wannechglift” De Liäwenstil as mobil an eist Ässen passt sech aan. Vill Buttiker béiden ganz Regaler voll dovan aan. Su krëtt een geschiällten an virgschniddend Obst, et fehlt na just datt et well virgeknätscht as 😉 . An et as natiirlech fein am Plastik verpackt, eent Steck Obst hat jo keng Schal déi et schützt. Et liäst een well raus, datt ech net vill iwereg han fir su Produkter.
De Fleeschkonsum geht zereck, Vegetarier an Veganer jiän et ëmmer mi. Fleeschersatzprodukter entstinn, déi su gepimpt sen mat Salz an Gewürzer, wu Konsitenz su verschafft jëtt, datt se engem Geféihl jiän et giff een äwer Fleesch ässen. An o fir déi Produkter han ech net vill iwereg. Wann een sech dofir entscheed, Vegetarisch oder Vegan ze liäwen, informéier dech, watt dein Kierper van Balaststoffer, Proteinen, Vitamine… brausch. Et kann een su goud, gesond an nahrhaft Saaschen aus Geméiss, Nëss, Krégder an Gewürzer, fir Vegetarier mat Kiiss an anner Mëlichprodukter maan. Et muss een net op Fleeschersatzprodukter zereck gräifen. Déi enner annerem gar net su Gesond sen.
Liäwensmëttelindustrie hat mol net suvill Fantasie fir hire Produkter een Naam je jiän. Et klengt jo besser vegan Chickenwings op een Pack ze schreiwen wie mat Waasser an Miähl gestreckten panéiert Sojaprotein.
Produkter mat kuurzen Liwerweer an Fairtrade jiän eis Geféihl van engem bewossten Ëmgang mat Liäwensmëttel. Vergees äwer net datt ëmmer na alles fein am Plastik angepackt as.
Ässen as een Deel van eisem Liäwenstil, iwer deen een sech identifizéiert an präsentéiert.
Saisonal an Lokal as fir mëch nohaltig an Ëmweltbewosst.
Mir liäwen Hogt an enger Gesellschaft an där alles siier goen soll/muss. An dobäi geht suvill verluaren:
Zéckt = Aroma an Geschmaasch
Dorop lo een Hugo, Aperol Spritz oder Gin Tonic 😉 .
Den Oktober an Rezepter
Basilikum Bärlauch Dip Essig Gehacktes Gewürz Grillen Pasta Rahm Reis Rosmarin Salz Sauerdeeg Sellerie Speck Tomaten